APCCA
Association du Personnel des Centres de Compétence et de l’Agence: éducatif et psycho-social
D’APCCA ass d’Personalvertriedung, déi zu Ediffzäiten als „EEGED“ bekannt war (Association des Educateurs et Educatrices, des Educateurs Gradués et Educatrices graduées de l'Education différenciée a.s.b.l.). Duerch d’Gesetz vum 20. Juli 2018 wou 8 « Centres de compétences en psycho-pédagogie en faveur de l’inclusion scolaire » creéiert gi sinn, huet d’EEGED sech missen adaptéieren a soumat och ëmbenennen.
D’APCCA vertrëtt a setzt sech fir d’Aarbechtskonditioune vum ganze Personal aus dem sozio-edikatiive Beräich an der ëffentlecher Schoul an, dëst an enker Zesummenaarbecht mam SEW/OGBL. Et ass wichteg eng staark Gewerkschaft u senger Säit ze hunn. Aus deem Grond huet d‘APCCA e Kollaboratiounsvertrag am Februar 2020 mam OGBL ënnerschriwwen.
Zesumme mam SEW/OGBL, intervenéiert d’APCCA op alle Niveauen, wéi z.b. Ministèren, Direktiounen, an dat am Interêt vum ganze Personal.
An och an de verschiddene Gremie vum SEW/OGBL, intervenéieren eis Vertrieder, fir dass och do d’Interesse vum Personal aus dem sozio-edukative Beräich vertruede ginn.
Zéck also net, wann‘s du Froen oder en Uleies hues, dech bei eis ze mellen. Mir suergen dofir, dass däin Uleies gehéiert gëtt, beroden dech a maachen alles fir dech beschtméiglechst z‘ënnerstëtzen.
Mir sinn iwwerzeegt, dass nëmmen do wou en Austausch stattfënnt, eng positiv Dynamik entsteet. Duerch Solidaritéit ka villes realiséiert ginn.
ZESUMME LAUSCHTERE MIR DIR NO & ZESUMME SI MIR FIR DECH DO
Kontakt:
APCCA
63 rue de Bonnevoie
L-1260 Luxembourg
News
votre équipe sew
- Susana Marques Pires
- Anne Schill
- Gilles Mousel | psychologue