40 Joer A.S. Instituteurs


40 Joer A.S. Instituteurs


D'Association Sportive des Instituteurs ass de 25. Juni 1968 zu Esch/Uelzecht gegrënnt gi mat den Ziler, sech fir den aktive Sport an och fir d'Kollegialitéit ënnert dem Léierpersonal anzesetzen. Haut, nach méi ewéi deemools, hunn de Sport an och d'Kollegialitéit eng ëmmer méi grouss Bedeitung an der wichteger, awer och ëmmer méi schwéierer Aufgab déi d'Erzéiung vun eise Kanner ginn ass.

Wuar d'ASI bei hirer Grënnung e reng Escher Veräin, esou huet si sech awer scho gläich op déi Nopeschgemengen ausgebreet an d'Resultater vun hirer Foussballséquipe hunn dann och net op sech wuarde gelooss: am Championat vum Korporativfoussball ass d'ASI 3 Joer hannerenee vun der 4. Divisioun bis an déi 1. Divisioun opgestiegen. Do hu si sech gehale bis 1989.



Den éischte ganz groussen Erfolleg wuar de Gewënn vun der Coupe am Joer 1981.

An de Joeren 1986 a 1987 huet d'ASI déi schéinste Säite vun der Veräinsgeschicht geschriwwen, hunn d'Schoulmeeschteren dach an dësen 2 Joer zweemol hannereneen den Doublé Coupe-Championat gewonnen an dat ouni en eenzege Match ze verléieren.



Haut, 40 Joer no hirer Grënnung, schwätze nach just déi aner Equipë vun de Schoulmeeschteren. D'ASI selwer huet sech säit iwwer 2 Jorzéngten opgemaach fir all Beruffsgruppen, déi an der Erzéiung matschaffen: Éducateuren, Professeren, Chargéen, Inspekteren asw. ... fanne sech all Woch zesumme fir nach ëmmer déi selwecht Ziler ewéi deemools ze verfollegen: den aktive Sport an d'Kollegialitéit!



Mär sinn houfreg drop, dëst Joër eise 40. Anniversaire ze feieren. Vill aner Equipen, déi deemols am Korporativsport matgemëscht hun, gët et schons laang net méi.

Hues du eventuell och Spaass un eiser Aktivitéit? Da mell dech bei eisem Sekretär!

Maach mat! All neie Member as härzlech Wëllkomm!

De Christian Weis wuart op däin Appell um 691 523298.


Programm vun de Festlechkeeten:



4. - 6. Abrëll 2008 Organiséiert Rees op München fir 40 ASI-Memberen mam Match Bayern-Bochum

17. Mä 2008 zu Bieles um Terrain

Coupe du 40e anniversaire

21. Juni 2008 Journée des Anciens zu Consdorf an der Scheier
September 2008 Viirtrag vum Ed Melchior iwwer den Tibet
Oktober 2008 Visite vun der Äusstellung iwwer 100 Joër Foussball zu Lëtzebuerg mam Matorganisator a fréieren ASI-Spiller Henri Bressler


Fir all dëse Manifestatiounen de richtege Kader ze gin, huet den Organisatiounskomite sech viirgeholl, eng Brochure eräuszegin, an deer d'Equipe vun der ASI an dene leschte 40 Joër viirgestallt gët. Dës Brochure soll am ganze Land verdeelt gin.

Fir eis Onkäschten a Grenzen ze halen, bräuche mer natiirlech d'Ënnerstëtzung vun alle Sympathisanten vun der ASI. Dofir wiere mer frou, wa mer bei dësem Jubiläum och kënnten op dech zielen andeems du eis mat engem klengen Don giffs ënner d'Ärem gräifen. (vun 12 € un, kriss du eis Brochure heemgescheckt)

Eis Kontosnummer bei der Spuerkeess: BCEELULL LU04 0019 2455 4523 7000

Mär soen all eise Sympatisanten am viräus villmols MERCI !!