Diète syndicale 2010

Dir Dammen an dir Hären,
Léiw Kolleginnen a Kollegen,
Am Numm vun der Direction syndicale soen ech iech Merci, dass dir de Wee haut bei den SEW fonnt hutt fir op onser Diète syndicale e Réckbléck op déi geleeschten Aarbecht an och en Ausbléck op déi zukünfteg Aufgaben ze maachen.
Nieft eise Memberen an Delegéierte wollt ech besonnesch
begréissen
- den Deputéierten Bim Diederich
- d’Vertrieder vun der Kontrollkommissioun
- de Präsident an de Generalsekretär vum OGBL
- d’Sekretären aus anere Strukture vum OGBL
hinnen all en häerzlechen Merci fir hir Präsenz op onser Diète.
Ons Diète, déi all 2 Joer stattfënnt an all 4 Joer hir Delegéierten erneiert ass e wichtege Moment fir iwwert d’Gewerkschaftsaarbecht nozedenken, dat Geleeschten ze reflektéieren an nei Jalone fir d’Zukunft ze setzen. Leider vermësse mer op onser Diète haut eng Kollegin déi souwuel an onsem Comité Secondaire ewéi och an der Direction syndicale engagéiert war an ons am leschte Summer no engem erbatterte Kampf géingt eng Kriibserkrankung verlooss huet. D’Simone Flammang war eng vun deene Kolleginnen déi hir Aarbecht virun allem an der Schoul am Kontakt mat de Schüler gesinn huet awer ganz genee wousst, dass et fir den Enseignant och wichteg wier sech gewerkschaftlech derfir anzesetzen, dass déi Aarbecht richteg organiséiert gëtt. Ech ka mech erënneren, dass mer virun e puer Joer an Reunioune vum Ministär zesummesouze wou déi éischt Diskussiounen iwwert d’Kompetenze gefouert goufen. Och do war d’Simone eent wat wuel eng Reform ënnerstëtzt huet, mee ganz kloer konnt soe wat um Terrain méiglech ass a wat net. Schon deemools hat ech d’Impressioun dass vill ze wéineg op Leit wéi hat gelauschtert ginn ass an haut stellen ech fest, dass mer mat héichtrabenden Descripteure konfrontéiert ginn iwwert déi d’Leit um Terrain just de Kapp kënne rëselen. An der Gewerkschaft brauche mer keng Kopfnicker déi alles unhuele well iergendeen Expert dat um Pabeier schéin duergeluecht huet, nee mir brauche Leit wéi d’Simone déi dat mat hirer Praxis a Verbindung bréngen a préiwe wat eppes bréngt a wat näischt. Dofir feelt d’Simone eis och haut an ech géif iech bieden opzestoen an eng Gedenkminutt un hatt anzeleeën.
Léiw Kolleginnen a Kollegen, D’Enseignanten an d’Educateure sinn, wéi vill aner Beruffer och mat groussen Ëmwälzungen konfrontéiert. Et gëtt vill Erausfuerderungen déi mir bereet sin unzehuelen. Eng vun deenen allerwichtegsten ass d’Chancëgläichheet, fir déi grad déi Leit déi am SEW, an also och am OGBL organiséiert sin an aller éischter Linn agetratt sinn. Dofir sinn mir och fir Reformen a mir hunn an deene leschte Joeren äifreg drun matgeschafft déi Reform vum Enseignement Fondamental matzeplangen an och um Terrain ëmzesetzen. D’Haaptzil vun onsen Ustrengunge war eng besser an eng méi gerecht Schoul am Sënn vun der Chancëgläichheet. Mir waren a sinn der Meenung dass d’Matbestëmmung vun den Enseignanten an där Optik eng wichteg Roll spillt. Dofir hu mir eis fir d’Cogestioun, fir d’Schoulkomiteeën a fir eng gewëss Autonomie vun de Schoulen agesat. Zum Deel sinn déi Ideeën am neie Schoulgesetz verankert ginn, jo et war esouguer méiglech duerch eng grouss Mobilisatioun vun de Leit dem Schoulmeeschter endlech den Antrëtt an d’Carrière supérieure ze ginn.
Leider koumen awer mat deem neie Schoulgesetz och esouvill Verschlechterungen op ons duer, dass déi positiv Punkten riskéieren doranner ënnerzegoen. D’Verstaatlechung mat hirer Iwwerreglementéierung an hirer Bürokratie, de Kontingent mat sengen Aspuerungen, d’Agence qualité mam Monitoring vun de Schoulen droen derzou bäi, dass den Enseignant an den Educateur méi Zäit um Computer wéi bei de Schüler verbréngen, dass se sech trotz neien Responsabilitéiten net responsabiliséiert mä instrumentaliséiert fillen. Den Enseignement par compétences mat sengen neien Bewertungsformen ass am Gang eis net méi Chancëgläichheet, mä méi Konkurrenz an Egoismus ze bréngen. Hu mir dat net virausgesinn?
Deels schon, den SEW huet ëmmer virun der Verstaatlechung gewarnt, leider zimlech eleng, dach am Ufank wor esouguer d’Ministesch mat ons averstanen, mä dunn huet si dem Drock deen aus dem Parlament koum noginn, an ons ass et net gelongen op der dote Fro den SNE fir ons Positioun ze gewannen, sou dass dee Mätsch zimlech schnell verluer gouf. Zu engem groussen Deel awer hunn och mir verschidde Geforen net kloer gesi kommen. Déi ganz Rationaliséierungsbestriewungen, deen Iwwerwaachungswahn mat sengen Dokumentéierungsexigenzen, déi nei Steierungsmechanismen, déi Autonomie just als Kompetitioun verstinn.
Am Fondamental, wou déi Reform elo um Terrain ëmgesat gëtt, ass e Malaise entstan. E groussen Deel vun de Leit déi do schaffe sinn enorm engagéiert a voll gudde Wëllen. Dach mierken se dass se trotz enormer Ustrengungen, net vill Positives bewierken. Oft och dréien se esou am Rad, dass si keng Zäit hunn doriwwer nozedenke wat schif leeft. An der Zäit hu mer mol vum reflexiven Praktiker geschwat, mä iergendwéi huet een haut d’Impressioun wéi wann nëmmen nach d’Macher gefrot wieren.
Do ass et d’Aufgab vun enger Gewerkschaft wéi dem SEW, d’Situatioun genau z’analyséieren, d’Problemer opzewerfen an nei Handlungsperspektiven z’entwéckelen.
Am Fondamental hu mir an deene leschten Joeren duerch ons kritesch Begleedung vun der Reform bei de Leit um Terrain vill Unerkennung kritt, an och wann dat sech net ëmmer linear an den Mitgliederzuelen erëmspigelt, sou hu mer dach och do zougeluecht an och nei Leit fond déi sech wëllen engagéieren. Ni sou vill wéi mir mengen, dass mer der bräichten oder gären hätten, mä dach et si Leit do an elo sollen si och nei Responsabilitéiten iwwerhuelen. De Patrick huet bei deene ganze Versammlungen zum neie Schoulgesetz déi mer ofgehalen hunn vill Sympathië bei de Leit gewonnen. Och d’Nadine an d’Martine wuessen an nei Aufgaben eran, a wann et ons geléngt déi Iwwerfuerderung där d’Leit de Moment ausgesat sinn wierklech a Fro ze stellen, kann ech mer virstellen, dass mer nach méi Leit fannen déi erëm Responsabilitéiten an der Gewerkschaft iwwerhuele wëllen, well et sin der vill déi mierken dass et wichteg ass verschidden Entwécklungen am Enseignement kritesch ze hannerfroen.
Dofir ass et fir mech och e gënschtege Moment fir mäin Mandat als Presidentin nidder ze leeën. Ech weess, dass fir eng Relève gesuergt ass. Et ass fir mech perséinlech wichteg dat ze maachen, well ech spiere wéi déi Belaaschtunge vun der Aarbecht mat de Schüler an als Presidentin vun engem Schoulcomité gekoppelt mat dem Engagement als Gewerkschaftspresidentin mech einfach iwwerfuerderen. Ech brauch méi Zäit fir dat wat ech man z’iwwerdenken, soss kann ech et net méi gutt man a sinn net mat mir zefridden.
Den SEW hat am Mäerz dëst Joer eng ganz kritesch Konferenz iwwert de kompetenzorientéierten Unterrecht mam Nico Hirt veranstalt, déi ganz gutt besicht war, an zwar souwuel vun Lei aus dem Fondamental ewéi och vu Leit aus dem Secondaire. Do musse mer onbedéngt drun uknäppen, well et ass kee Geheimnis dass déi Erneierung déi ons am Fondamental gelongen ass, trotz dem onermiddlechen Asaz vun onsem Kolleg Guy Foetz fir de Secondaire nach net realiséiert ass. Do ass nach vill Aarbecht ze maachen an ech mengen zum Deel kënne mer déi Reflexiounen och departementiwwergräifend maachen.
Et ass immens wichteg dass mer déi Schoulreform och am Secondaire intensiv ënnert d’Lupp huelen an dass et eis geléngt och do nei Leit fir ons Ideeën ze gewannen, grad esou wéi mer nach vill Aarbecht virun ons hunn an deem neien Departement vum Supérieur an der Recherche, dee mer haut an onse Statute* wëlle verankeren. Mir brauchen iwwerall do Leit déi um Terrain sinn an e gudde Kontakt zu hiren Kollegen hunn, an déi sech gläichzäiteg un enger interner Reflexioun bedeelegen.
Awer net nëmmen déi Diskussioun iwwert d’Inhalter vun onser Aarbecht, och déi vun den Aarbechtskonditioune mussen eis als Gewerkschaftler beschäftegen. Déi vun der Regierung geplangte Reform vum Statut vum Fonctionnaire, ënnert deen eng ganz Rëtsch vun eis falen, muss onbedéngt gestoppt ginn. Si stellt eng ganz wesentlech Verännerung vun onsen Aarbechtskonditiounen duer, ass extrem kontraproduktiv fir ons Equipes pédagogiques a stellt och generell d’Cohésioun an d’Zesummeschaffen op der Aarbecht a Fro. Mir hunn dofir an der Direction syndicale gemengt et wier wichteg eng Dagesresolutioun zu dëser Reform ze presentéieren, déi de Guy iech herno wäert virstellen. Ech proposéieren dee Punkt nach no der Statutenännerung op den Ordre du jour dobäizesetzen. Domadder géif ech dës Begréissung ofschléissen an iech proposéieren zu onser eigentlecher Dagesuerdnung iwwerzegoen.
