Guerre en Irak Communiqué 03-2003

27.08.2003

Den SEW seet e kloëre « Neen » zu engem Krich am Irak. Den enormen Truppen a Materialopmarsch, ënnert der Ledung vun den USA an der Regioun vum Golf riskéiert eng Krichsmaschinerie auszeléisen, di eng diplomatesch Léisung vun dem Konflikt verhënnert.

D'Welt gët mat enger Eskalatioun an enger Spiral vu Gewalt konfrontéiert, ouni dat iwwerhaapt festgestallt a bewise gët, dat den Irak dat Geforepotential fir seng Nopeschlänner duerstellt, wéi dat di politesch Verantwortlech vun den USA
wëllen duerstellen.

Mir gestin engem eenzelne Staat oder enger Supermuecht och nët d'Recht zou, alleng iwwert Krich oder Fridden an engem Land oder enger Géigend ze bestëmmen. Fir de Fall, dat géint UNO-Resolutiounen verstouss gët, huet och nëmmen d'UNO d'Recht fir iwwert Sanktiounen oder den Asatz vun anere Mëttel ze bestëmmen.

Den SEW as géint all Form vun Terrorismus. Mir verutelen an schärfster Form den Terror-Regime vum Saddam-Hussein am Irak.

Mir ënnerstëtzen all friddlech Mëttel déi geegent sin d'Situatioun vun de Mënschen am Irak ze verbesseren an d'Anhaalen vun den elementaren Mënschenrechter durchzesetzen .

Mir stelle fest :
- e Krich géint den Irak as völkerrechtlech nët legitiméiert,
- dëse Krich, wéi all Krich, as aus humanitäre Grënn ze verhënneren, well haaptsächlech d'Zivilbevölkerung drënner ze leiden hätt,
- e Krich am Irak riskéiert di ganz Golfregioun ze destabiliséiren an ët as domadder ze rechnen, dat terroristesch Organisatiounen verstärkt Zoulaf fannen a parallel d'international Allianz géint den Terrorismus zesummebrécht.

Duerfir appeléire mir d'Letzebuerger Politiker fir ganz kloer Poisitioun géint de Krich ze bezéien.

Den SEW fuerdert all Kolleginnen a Kollegen op um « weltwäiten Aktiounsdag géint de Krich » den 15. Februar 2003 matzemaachen.

Zu Lëtzebuerg fend eng grouss interregional Manifestatioun fir de Fridden a géint de Krich am Irak statt.
Rendez-vous ass um 15 Auer op der Gare zu Lëtzebuerg.
Mir sin mat enger Banderole vum SEW am Blok vum OGB-L derbäi.