Question parlementaire Nº 2473 Brevet de Maîtrise agricole

16.04.2008

Här President,

Esou wéi d'Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Ufro un d'Madame Minister fir Educatioun resp.den Har Landwirtschaftsminister weiderzeleeden:

"Zanter Jarzéngten gët vu verschiddene landwirtschattlechen Organisatiounen verlaangt, datt an der landwirtschaftlecher Beruffsausbildung (Bauer, Wënzer, Gaertner asw.) an éisem Land sollt d'Méiglechkeet geschafe ginn, fir e Brevet de Maîtrise (BRD: Landwirtschaftsmeister) ze maachen. Trotzdeem huet sech an all daer Zäit naïscht an dëser Bezéiung bewegt. Dëst gët besonnesch vu jonke Bauren, déi sech eng Opwaertung vun hirem Beruffsbild wënschen, bedauert, woubai de Brevet de Maîtrise nët als Viraussetzung gesi gët, fir e Betrib ze iwerhuelen resp. weiderzeféiren. Duerfir géif ech garen dës Froen un Iech riichten:

1. Wéi gesidd Dir dës Problematik am allgemenge Kader vun der Beruffsausbildung zu Lëtzebuerg?

2. Sidd Dir prinzipiell bereet, de Brevet de Maîtrise an der Landwirtschaft zu Lëtzebuerg anzeféiren an ze réglementéiren?

3. Wann neen, wat ass d'Begrënnung fir dës Attitude?

4. Wa jo, fir wéini ass mat konkrete Schrëtt ze rechnen, a wéi gesäit den Zäitplang resp. wéi gesinn déi wichtegst Modalitéiten aus?" ,

5. Sidd Dir ggf. bereet, fir esou en zousatzlechen Effort an der Beruffsausbildung ze honoréiren (z.B. duerch eng méi favorabel Gestaltung vu verschiddene Bäihëllefen)?n

Mat déiwem Respekt,

Roby Mehlen, Deputéierten




Ântwert vun der Madame Mady Delvaux-Stehres, Ministerin vun der Éducatioun an der Beruffsbildung, a vum Har Fernand Boden, Minister vun der Landwirtschaft, vum Waibau a vun der ländlecher Entwécklung, op d'parlamentaresch Ufro N° 2473 vum Har Deputéierten Roby Mehlen :

Et si prinzipiell d'Métieren aus dem Domaine vum Artisanat, deenen hir Formatioun ka mat engem Brevet de Maîtrise ofschléissen. Dee Brevet ass dann och d'Konditioun, fir den Droit d'établissement a fir den Droit de formation ze kréien,

D'Formatioune fir de Brevet de Maîtrise sinn duerch legislativ Texter gereegelt. Et ass d'Chambre des Métiers, déi zoustanneg ass fir d'Brevets de Maîtrise.

Am Beraich vun der Landwirtschaft ginn et och drai Brevets de Maîtrise, fir de Pépiniéristepaysagiste, den Horticulteur-fleuriste an den Horticulteur-maraîcher. D'Formatioun dofir ass gereegelt iwwert eng Conventioun tëscht der Chambre d'Agriculture an der Chambre des Métiers. Mee déi Brevets de Maîtrise sinn net néideg fir den Droit d'établissement an den Droit de formation.

Ganz dacks gëtt och de « Mécanicien de machines et de matériel agricoles et viticoles» bei déi Formatiounen aus dem Secteur agricole gezielt, mee dat ass awer eng Formatioun am Beraich vun der Chambre des Métiers.

Fir Bauere gëtt et kee Brevet de Maîtrise, deen d'Formatioun vum Agriculteur géif ofschléissen. Et ass och net virgesinn, datt en Droit d'établissement fir Baure géit un esou e Brevet gebonne ginn. Mee mir hunn elo schonns Bestëmmungen, datt fir verschidden Subventiounen de Bauer muss eng gewësse Formatioun hunn, zum Beispill den Techniker am Beraich Agriculture. An deem Sënn kéint ee sech virstellen, datt den Agriculteur mat engem CATP kéint eng méi héich Formatioun kréien.

Ob dat soll geschéinen, an ob et soll e Brevet de Maîtrise sinn oder en Diplom mat engem aneren Numm, dat muss vun der Chambre d'Agriculture diskutéiert ginn an, wann et sollt e Brevet de Maîtrise ginn, mat der Chambre des Métiers ofgeschwat sinn. D'initiativ lait kloer bei der Chambre d'Agriculture.

Wa vun do aus esou eng Initiativ kéim, da wire mir gare bereet, dat z'ënnerstëtzen, esou wait et an de Kompetenze vun eise respektiven Ministèrë lait.

Mady Delvaux-Stehres

Ministerin vun der Éducatioun an der Beruffsbildung