Lieserbréif am Bezuch op den RTL Reportagevum 28. September 2007

Ganz dichteg RTL !!
Mat dësem Bréif kommen ech op e Reportage aus dem RTL Journal vun e Freideg dem 28. September zréck.
Et geet drëm dass d'Léierpersonal aus der Primärschoul Lounfuerderunge stellt. Ouni op dëst laangt iwwerfällegt Thema anzegoen, beschränken ech mech op d'Analyse vun dem Reportage.
E fänkt u mat engem Verglach vum Ufanks- an Endgehalt tëschen engem Schoulmeeschter (elo bac +4) an engem Redakter (première). Et stellt sech eraus dass de Schoulmeeschter ufanks méi Pei huet, awer mat méi engem nidderege Gehalt a Pensioun geet.
RTL kompenséiert déi Differenz mat 16 Woche Vakanz! Nu stellt sech awer d'Fro, wou RTL dee Vergläich iwwerhaapt hierhëlt. De Schoulmeeschter geet no senger Première nach véier Joer an d'Schoul, mee de Redakter verdéngt direkt a mécht Examen en cours de carrière. De Verglach tëscht dësen zwou Carrièren ass also komplett aus der Loft gegraff, oder ass et d'Ziel vun RTL ee géint deen aneren opzestëppelen?
Da gëtt den Internetsite vun der zweet gréisster Schoulgewerkschaft ganz genee ënnert d'Loupe geholl. Op deem Site konnt ee seng perséinlech Argumenter fir eng Lounopbesserung zum Ausdrock bréngen. Do ass de virwëtzege Reporter op e puer Argumenter gestouss bei deenen him anscheinend, ech zitéieren „d'Hoer liicht zu Bierg stoungen“. Wat de Reporter a senger déifgrënneger Recherche awer komplett iwwersinn hat, ass dass jiddereen, jo souguer en RTL-Journalist, ouni sech anzeloggen an ouni eppes mat der Schoul ze dinn ze hunn, op dës Säit säin Argument konnt krozelen.
An dësem Kontext drängt sech eng weider Fro op: Wisou sech grad op déi 3 bëllegst Argumenter vun iwwer 300 Stéck stierzen an déi da verbreeden, amplaz déi dräi bescht erauszepicken? Senden se vum Kierchbierg aus lo éieren just nach iwwer de Sensatiounssattelit?
Mat der Schlussremarque, dass d'Politiker déi sou haarsträubend Argumenter net solle matkréien, RTL se awer während 15 Sekonnen duerch d'Land beamt, gëtt den Teleesender zou, wéi wéineg dat se mengen dat d'Politiker RTL kucken !
Unhand vun dësem Reportage huet de Lëtzebuerger Teleesjournalismus bewisen op wat fir engem Niveau hien ukomm ass. Amplaz op eng journalistesch sérieux Aart a Weis dem Léierpersonal seng Argumenter duerzestellen, passe si sech engem Level un, deen een normalerweis just an der „Image“ liese kann.
Net fir näischt verloossen am Moment gutt Journalisten den RTL ...
Schoulmeeschter