Ausziech aus der Ried vum Jean-Claude Reding, President vum OGB-L, zum 1.Mee
[...]
E weidere Chantier ass d'Bildungs-, d'Weiderbildungs- an d'Ausbildungspolitik. Do besteet Reformbedarf, mir bräuche méi Chancegläicheet. Mir musse méi jonk Leit zu enger méi héijer a besserer Ausbildung féieren a mir mussen d'Qualitéit vun eisen Diplomer héich halen. Dat geet un mat enger Reform vun der Primärschoul. Déi Reforme mussen op den Instanzenwee bruecht ginn an do muss een op Matbestëmmung setzen, wann een Innovatioun wëllt. Ganzdagschoule sinn an deem Zesummenhang e wichtegt Element fir méi Chancegläichheet, besonnesch wann ee Politikziel ass, datt Mann a Fra sollen zesumme schaffen goën. Mir sinn och domat d'accord, d'Schoulzäit ze verlängeren awer mir sinn géint eng fréizäiteg Selektioun a fir eng besser Orientéierung. Chancegläichheet muss och en Thema sinn no der Primärschoul. Mir bräuchen eng besser Ënnerstëtzung, méi Hëllef, eng besser Qualitéit. Dofir mussen et och nei Weeër ginn fir Kanner déi wiirklech aus dem Schoulsystem erausfalen. D'"Ecole de la 2e chance" muss endlech mat Liewen erfëllt ginn, genausou wéi mir endlech d'Weiderbildung als en eegenen Bildungszweig opmaachen. Mir mussen d'Berufsausbildungsreform innovativ ugoën, och a Verbindung mat der Weiderbildung. A mir bräuchen och zu Lëtzebuerg sou eppes wéi d'Validatioun vun der Berufserfahrung. D'Schoul ass awer nëmmen sou gudd wéi hiert Personal ass. Dofir muss och do op Weiderbildung gesat ginn. A wann ee Reformen mécht, muss ee se mat de Leit a nët géint Leit maachen. A wann ech gesinn wéi d'Diskussioun iwert d'Tache vum Enseignant leeft, soën ech se leeft falsch, sou kann ët nët gemaach ginn. Wann een nët mat de Leit diskutéiert, mee géint se, da mecht een d'Basis futti fir Reformen ze maachen.
[...]