Nº 2143 Programme scolaire Scol'Art sur le projet Cloaca de Wim Delvoye

Manternach, den 1. Dezember 2007
Har President,
Esou wéI d'Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Ufro un d'Madame Minister vun der nationaler Erzéiung weiderzeleeden:
"Aus engem Lieserbréif vum Här Professer Raymond Schaack war dëser Deeg gewuer ze ginn, datt de Ministère vun der nationaler Erzéiung dem Léierpersonal vum Préscolaire an dem Primaire, am Kader vun der Konschterzéihung eng Visite guidée vun der Ausstellung "Cloaca" vum Wlm Delvoye recommandéiert hatt. Weider war gewuer ze ginn, datt fir de Secondaire e programme pédagogique Interdisciplinaire Intitulé "Wat e Schäiss" géif offréiert ginn, wou e Biologist an e Konschthistoriker déi zwee Aspekter vun dësem "projet artistique" ronderem d' "création d'excréments" (ech erspueren Iceh do déi Lëtzebuergesch Iwersetzung) géife kommentéiren. An dësëm Kontext war ech Frou, vun Iech e puer Explikatiounen zu folgende Froën ze kréien:
1) Kënnt Dir dat, wat an dësem Lieserbréif rapportéiert gët, confirméiren?
2) Wa jo, ass dat mat Aerem Wëssen an Accord geschitt? Wat ass Aer Appréciatioun vun dëser initiativ?
3) Wat solle Kanner aus dem Préscolaire respektiv dem Primaire an sou enger Ausstellung? (ofgesinn dervun, datt all verstannege Mënsch sech dat selwecht däerft froen).
4) Fannt Dir et ubruet, datt wäertvoll a knapps Schoulzäit soll geaffert ginn, fir sou Saachen wéi "Wat e Schäiss" kucken ze goen, Iwerdeems mer an deene wiirklech wichtege Fêcher ëmmer méî de Buedem ënner de Féiss verléiren?
5) Gët et an Aerem Haus klar Direktiven iwer d'Ausrilchtung an d'Inhalter vun enger wiirklecher Konsehterzélung oder kann do egal waat gemaach ginn?
6) Sidd Dir sécher, datt hei nët probélert gëtt, êis Kanner seho vu klengem un fir domm ze verkafen?
7) Am Fall wou déi vlrgenannte RecomlTlandatloun ouni Aeren Accord erausgaangen ass, wat sin d'Konsequenzen, dél Dir doraus zéle wëllt?"
Mat délwem Respekt,
Roby Mehlen Deputélerten
Lëtzebuerg, den 18. Dezember 2007
Antwert vun der Éducatiounsministesch op déi parlamentaresch Ufro Nr. 2143 vum Har Deputéierten Roby Mehlen:
Zënter dem Ufank vum Kulturjoer huet den Éducatiounsministère eng enk Zesummenaarbecht mat "Lëtzebuerg 2007" gefleegt, besonnesch wat de Beraich vun den Animatioune fir Kanner a Jugendlecher ugeet. Et huet sech jo beim Bilan elo
erausgestallt, datt virun allem de Kanner- a Jugendprogramm an de Rotonden ee grousse Succès war.
An deem Kontext huet de Ministère regelméisseg Informatiounen un d'Enseignante weiderginn, wéini Ausstellungen, Concerten oder soss Manifestatiounen am Kader vum Kulturjoer organiséiert goufen, virun allem dann, wann déi Manifestatioune vun engem padagogesche Konzept oder enger Dokumentatioun begleet waren.
Esou war et och bei der Ausstellung Cloaca, bei dar de Casino Lëtzebuerg padagogesch Visiten ugebueden huet. De Ministère huet also déi Ausstellung net speziell recommandéiert, mee d'Enseignanten informéiert, wéi bei aneren Ausstellungen och.
Doriwwer eraus mengen ech, dass mer eis ail eens sinn, dass Konschtausstellungen, och wa mer nët ëmmer mat dem Inhalt d'Accord sinn, en Ausdrock vun eisem fraiheetleche Liewe sinn an ail Enseignant ka selwer jugéieren, ob hie mat senger Klass déi Ausstellung wëllt kucke goen oder net.
Ech mengen datt et dem Staat definitiv géif schlecht ustoen d'Kultur ze kontrolléieren.
Wat d'Informatioun vun de Schoule betrëfft, ass et esou datt ail d'Inhalter vun de Communicatiounen, déi de Ministère no bausse mécht, vun deene Leit iwwerpréift ginn, déi fir den Dossier zoustanneg sinn.
Wat de saloppe Langage betrëfft, sou war de Casino an der gudder Meenung, d'Schülersprooch ze benotzen, fir den Atelier méi attraktiv fir d'Schüler vum Secondaire ze maachen.
Wat d'Inhalter vun der Konschterzéiung betrêfft, ass prinzipiell eng Zesummenaarbecht mat den offizielle Lëtzebuerger Exposante virgesinn. De Casino schafft - an dat ass seng Roll ganz besonnesch zënter 1995 gewiescht - fir dem Public zu Lëtzebuerg zaitgenêssesch Konscht ze weisen. Et geet de Responsablen drëm, Virurteeler ofzebaue par rapport zu der zaitgenëssescher Konscht, mee awer och drëm, ze weise wéi d'Konscht haut mat wëssenschaftlechen, politeschen a moraleschen Aspekter vun eiser Gesellschaft ze dinn huet.
Souwuel fir d'Primarschoul wéi och fir de Post-Primaire gëtt et ee Plan d'études, respektiv Programmer, déi festleeën, wéi eng Ziler mam Konschtunterrecht erreecht solle ginn. De Plan d'études vun der Primarschoul kënnt Dir z.B. zu deem Thema ënnert de Publicatiounen op dem Internetsite vum Ministère (www.men.lu) consultéieren.
D'Konsequenz déi ech doraus zéien, ass datt den Auteur vun dem Wierk sain Ziel erreecht huet an eng Diskussioun, wann net esou guer eng Polemik declenchéiert huet. Ech huelen un datt esou munnech Diskussioun bei eise Schüler iwwer d'Konscht, d'Fraiheet vun der Konscht, de Reflet vun eiser Gesellschaft an der Konscht, d'Ziler vun eiser Gesellschaft an d'Reaktioune vun den Autoritéite stattfonnt huet an domatter eis Schüler eng ganz konkret Geleeënheet hate fir sech ais kritesche Bierger ze exerzéieren, dee sech naischt virmaache léisst, weder vun enger Maschinn nach vun enger Konschtautoritéit.
Mady Delvaux-Stehres
Ministesch fir Erzéiung a Beruffsausbildung