Déi richteg Carrière elo!

Déi richteg Carrière elo!
Eng gudd Arbecht däerf och eppes kaschten!
D'Carrière vum Schoulmeeschter an der Léierin muss dringend ugepasst gin.
Säit 50 Joer as eise Beruff falsch aklasséiert. Weder d'Studien um IP, nach eis 3 Joer Héichschoulstudien um ISERP ginn unerkannt. Mir kréie just eis Première ugerechent!Der Komplexitéit an dem Verantwortungs- a Schwieregkeetsgrad vum Beruf as si scho guer net ugepasst.
Lo soll ee neit Schoulgesetz kommen mat zousätzlech neien Aufgaben a Responsabilitéiten, nëmmen eppes feelt: d'Upassung vun onser Carrière.
Mir haten eng Rei Versammlungen op verschiddene Plazen am Land a vill Kollege si scho mobiliséiert. Mir mussen den zoustännege Politiker weisen, dass des Kéier kee Wee ka laanscht eng Opwärtung vun onser Carrière féieren.
Am Kader vun onser Campagne ruffe mir all Léierin an all Schoulmeeschter op Argumenter eranzeschécken firwat ons Carrière muss opgewärt gin.
Gräif einfach e klengen Detail vun eise ville Missiounen a Verantwortungen op, setz däi Virnumm drënner a schéck eis se mam Formulaire hei ënnen. Kuerz drop setze mir se op d'Lëscht dobäi.
Enn Juni iwerreeche mir de Ministeren Delvaux a Wiseler ons gemeinsam Argumenter. Sollten si eis doropshin net op d'mannst den E6 proposéieren ass déi nächst Aktioun schon viirprogramméiert.
Mir iwwerreechen en Dënschden, de 26. Juni um 16.30 der Madame Minister Delvaux aan en Donneschdeg, den 12. Juli um 14.00 Auer dem Här Minister Wiseler är Argumenter!
Hëllef d'KollegInnen z'informéieren a mell dech u fir mat ze goën:base:dossiers
Rendez-vous de 26. Juni um 16.15 Auer virum Edukatiounsministär an den 12. Juli um 13.45 Auer virun der Fonction publique
Lies eis Artikelen:
Photogalerie vun eise Versammlungen:
D'Presidentin vum SEW Monique Adam fuerdert eng Opwäertung vun der Carrière vun den Enseignant:
Reportage am RTL Journal vum 25.6.2007 Ufank vum Reportage bei 8:28 min
- Carrière des instituteurs/trices: Déi richteg Carrière elo!
- Gesetzesvorlage zur Primärschulreform: Klare Absage von SEW/OGBL und FGIL:base:dossiers (12.7.2007)
- Usprooch vum Monique Adam, Presidentin vum SEW/OGBL, bei der Iwwerreechung vun den Argumenter fir d'Reklasséiere vun der Schoulmeeschtesch-Carrière un d'Ministesch Mady Delvaux-Stehres, den 26. Juni 2007:base:dossiers
- Photogallerie:
- Instituteurs - en finir avec un demi-siècle de discrimination salariale :base:dossiers Ed Kirsch
- Reconnaître le travail des enseignants à sa juste valeur:base:dossiers! Monique Adam Editorial Journal 3/2007
- Lettre ouverte aux syndicats d'enseignants de l'enseignement primaire:base:dossiers
Photogalerie vun eise Versammlungen:
D'Presidentin vum SEW Monique Adam fuerdert eng Opwäertung vun der Carrière vun den Enseignant:
Reportage am RTL Journal vum 25.6.2007 Ufank vum Reportage bei 8:28 min
1001 Argumenter firwat d'Carrière vum Schoulmeeschter an der Léierin muss opgewäert gin:
- Et geet elo dur mat Argumenter sichen. Mir hun Argumenter genug. Elo hescht et richteg Aktiounen ze starten bis eis Carrière opgeweert ass an wa meglech mat allen Gewerkschaften zesummen.
Den neien Accord salarial vun der CGFP brengt e weideren Congésdag, mee den ass jo net fir Enseignant, well mir fest Congéswochen hun.(Claude) - Well mer en neit Schoulgestz brauchen, awer net ouni eng Opwärtung vun der Carrière vum Schoulmeeschter (Monique)
- Schoulhaalen eleng geet haut net méi duer vill perséinlechen Asaatz gett gefuerdert an mier sin allegueren méi wéi 40 Stonnen Woch an eisem "Betrieb" (Nathalie)
- "Schoulmeeschter" bzw. "Léierin" ze sin, dat as net nemmen e Beruff, mais och eng Liewensopfaassung!! Dat schengt ville Leit einfach net kloer ze sin?!
Dee Beruff kann een net einfach nemmen "maachen", et muss een e "liewen"!
Um Feierowend de Bic op d'Pult leeen an den HärGott e gudde Mann si loossen?? NEE, dat as an eisem Beruff net, oder nemmen schwéier méiglech! An Gedanken as een -si mer éierlech- emmer mol heiansdo erem bei de Kanner an der Schoul, an och an de Wakanzen brauch een emmer e puer Deeg, bis een ganz ofschalte kann!
An ech ka mer net virstellen, dass et jhust mir sou geet... (Alain) - Well Schoulhalen och automatesch bedeit, all Dag Honnerte vun Entscheedungen treffen ze mussen, ouni déi de "Betrieb" Klass net funktionéiert ! (Alain)
- Well alleng schon di Honnerte vun Argumenter hei kloer beweisen, dass d'Léierpersonal a sozial schwieregen Zaiten wie lo sain Idealismus nie verléiert an fest un dat gleewt, wat et all Dag leescht ! (Alain)
- Well dat Eenzegt, wat enger Opwertung vun eisem Beruff am Wee steet, d'Angscht vun verschiddene Politiker as, sou en Ageständnis kéint eng Lawin an d'Rullen bréngen, di net méi opzehalen as! Sie giffe léiwer waarden, bis de Schnéi geschmolz as an d'Sonn rem schéngt... (Alain)
- well vill Engagement, Motivatioun a perséinlechen Asaatz gefrot ass (Francine)
- Well et ganz einfach schlëmm ass, dass 3 Joer Iserp, (dat heescht 3 Joer laang all Dag Schoul bis 17h15 an oft nach Samschdes mueres, 3 Joer laang duerno nach Gruppenaarbéchte maachen wou een oft a verschiddene Fächer mat aner Leit aus Eisléck a Minett gemëscht am Grupp war an dofir organisatoresch déck Schwieregkeeten hat, 3 Joer laang no de Gruppenaarbéchten nach Eenzelaarbéchte maachen a léieren, Saachen nosichen, Stage preparéieren, 3 Joer laang während de Stagen, wou een bis owes gaaaanz spéit Virbereedungen gemaach huet,nach Exame léieren, well déi direkt nom Stage ugefaangen hunn, 3 Joer laang sech vill an deier Lektüre ugeschaf huet, 3 Joer laang oft "fir d'Kaz" geschafft huet,3 Joer laang verschidde Proffe gemengt hunn et hätt een nëmmen hiert Fach ze bewältegen an dowéinst massiv Aarbecht ginn hunn) also déi 3 Joer als "Näischt" ugesi ginn! (Francine)
- well d'Ufuerderungen un eise Beruff ëmmer méi grouss ginn, an op däer anerer Säit dat wat mir leeschten ëmmer manner respektéiert gëtt. (Simone)
- well ët nët méi wéi normal ass dat mir fir eis Kompetenzen déi mir eis während eisen Studien ugeegent hun och demensprechent bezuelt gin, firwat soss den Diplom. (Liette)
- Wann een de politische (Sonndes-?)Rieden gleeft, sinn d'Kanner dat wichtegst, wat mer hunn! Wann et Problemer am Lycée ginn, heescht et, d'Viraarbecht am Primär war schlecht an dat ass därmoossen „determinant“, datt een dee Retard ni méi kann erakréien! Wann ee Politiker freet, soen se, datt eis Haapt- an eenzeg Ressourcen, eis „matière grise" ass, an dofir muss schons an der Primärschoul déi néideg Basis geluegt ginn!
Wann een dann awer muenech Decisioune vun de Politiker kuckt, schéngt de Beruff vun der Primärschoulsjoffer/léirer op eemol vill manner wichteg fir eist Land ze sinn...!?!
Weem solle mer gleewen, de schéine Wierder oder de Friichten déi um Politik-Bam wuessen? (Remi) - well een Elteren vu schwieregen Kanner zwar kontaktéieren kann fir mat hinnen zesummen eng Léisung ze sichen, een schlussendlech awer eleng do steet an ofgespéist get mat dem Kommentar: Hien follegt eben kengem! En sech dann awer bei anneren Elteren dann fir desen Fall quasi rechtfertegen muss. (Claudine)
- well et ganz einfach ongerecht ass,dass eis Arbecht net eisem Studium an eise Kompetenzen no valoriséiert gët! (pascale)
- well d'concierge op menger éischter Arbechtsplaz méi verdengt huet wéi ech dé fresch vun der Héichschoul komm ass (mam concours an der Täsch)!!!(Sie haat 1 (!!!) Klassesall + Toiletten ze botzen,souwéi 1 Sall dén 3 mol d'Woch fir Sprochcouren genotzt gouf a wunnt mat engem volljährege "Kand" + 6 Muppen an enger "Dengschtwunneng",d.h. é riesegt Haus mat groussem Gaart) (marie)
- well eis Verantwortung dagdéiglech op d'Prouw gestallt gët. (Jean-Marie)
- Emanzipéiert Kanner vun haut sin d'engagéiert Bierger vu muer.Doru schaffen mir 50-60 Stonnen d'Woch. (Marielle)
- well di léif Elteren soss hir Engelcher, Herziën, Stippercher an Hiesercher geschwenn kënne selwer zillen! (Ben)
- D'Schoul brauch sennvoll Reformen.D'Enseignanten mache mat, mee net zum Nulltarif! (Marielle an Heng)
- D'Pensionären ennerstetzen d'Fuederung fir D'Opwäertung vun der Carrière. (Heng)
- well mir net nom Motto "Vogel friss oder stirb" schafen, mä probéieren jidderengem e mondgerechte Menu ze kachen. (Francine)
- well mir ausser "Wësse vermëttelen" ofwiesselnd Mamm a Papp, Dokter an Infirmière, Clown, Usträicher, Musikant, Sportler, Künstler, Psycholog, Vermëttler, Manager, Sekretär, Animateur, Dolmetscher, Kolleeg, Kummerkasten... spillen (Francine)
- Eis Arbecht an eis Positioun get vu villen Eltren a Kanner net méi respektéiert. Et get emmer méi schwiereg d'Kanner nach un d'schaffen ze kréien. (Véronique)
- nwell mir nom ISERP dauernd a Formatiounen geschëckt si gin a wéi Kanner mat engem Bonbon ofgespeist goufen (Monique)
- well mir d'Solidaritéit eescht geholl, an eis mat onse berechtechte Fuederungen op e spéideren Datum vertréischte gelooss hun während anerer locker laanscht gezun sin (Monique)
- well ech et färdeg brengen an de Pausen an teschent de Stonnen enger Mamm unzeruffen well hirt Meedchen blo mecht, een Schüler tréischte muss well e färt ausgewisen ze gin, enger Schülerin e rendez-vous am SPOS huelen well si abuséiert get an enger anerer eng Copie iwert "femmes en détresse" mat heem gin. (Monique)
- Et gett kee Beruff an Fonction publique, dee méi Ressentimenter vun der Gesellschaft ausgesat ass, wéi dee vum Schoulmeeschter. Et heescht si schaffe näischt, hunn emmer fräi, ..., an awer léieren d'Kanner nach emmer liesen a schreiwen?? De Schoulmeeschter gett vu bal kengem méi respektéiert, muss awer eng Onmeng vu Chargen a Responsabilitéit iwwerhuelen. Just honoréiert dat bal keen, souguer net de Ministär wéi et schéngt.
Et geet letztendlech net em d'Suen, awer et geet em de Wert vun der Carriere an dat wat si dem MEN wäert ass. (Mike) - D'Schoul ënnerläit engem permanente Wandel, all Daag nei Erausfuederungen, erzieherëscher a sozialer Art. All Daag 20 Kanner déi een op d'Liewe vu muer soll preparéieren,
Et ass kee Beruff, wou e Moies an de Büro kënnt, säi PC umecht an Dociers'en traitéiert. Mir schaffe mat Kanner, eis Gesellschaft vu muer. Eng Missioun, déi vu groussem öffentlechen an och staatlechen Interessen ass oder misst sin.
Elo ass de Moment, wou de Staat, no 50 Joer wou eis Carrière um Äis louch, ka beweisen, dass seng Unerkennung fir den Job de mir all Daag maachen, méi wäit reecht, wéi d'Drëckerschwärzt op enger Fatz Pobeier oder regelméissegen Schoulreformen.
Elo ass Handlen ugesoot !
All Redakter beim Staat, verdingt méi an huet méi en héien Fin de Carrière wéi de Schoulmeeschter. 3 Joer soutze mir an der Schoulbänk, wou sie scho geschafft a verdingt hun! Et geet hei och ëm sozial Gerechtegkeet! De Staat soll endlech beweisen, wéi wichteg d'Gesellschaft vu muer him wierklech ass, mir maachen de Räscht.
Mir wëllen nët méi, dass et heescht:
Schoul a Kanner vun haut, Gesellschaft vu muer awer d'Peien vu gëscht. Mir wëllen, dass d'Peien, eis ganz Carrière ugepasst gëtt un déi Verantwortung déi mir all Daag hun an och un d'Studien déi mir hu misste maachen. (Jerry) - Well mir als SChoulmeeschteren nach ëmmer mam Redakter beim Staat am Verdéngscht verglach ginn, obschonn mir méi eng laang Ausbildung hunn a vun der Aarbécht hir och éischter mat de Proffe verglach solle ginn.De Redakter sëtzt a séngem Büro, d'Enseignanten mussen all Dag top a Form sinn, fir de Kanner gerecht ze ginn. De Redakter ass fäerdeg mat senger Aarbécht, wann hien heemkënnt, de Schoulmeeschter(grad wéi de Proff) fiirt doheem weider.Also Ausbildung an Aarbécht éischter vergleichbar mam Proff! (...)
- well mat méi enger laanger Ausbildung a keng Opwäertung vun der Carrière, eise Beruff fir déi Jonk ëmmer manner interessant gëtt. Da geet dach kee méi sou laang studéieren fir klengen domme Schoulmeeschter ze sinn, ëmmer méi irresponsabelen Elteren hirer Willkür ausgeliwwert, déi hie bestëmme wëllen.
Da gëtt et awer och nach aner Beruffer, déi ee mat Freed ka maachen! (Michel) - Eischtens soll all Carrière dem Studium no unerkannt an och bezuelt gin an zweetens hun d'Aufgaben vum Enseignant sech an den läschten Joerzengten enorm verännert. Mir maachen schon laang net nemmen méi Wessenvermettlung mee hun och zu engem gudden Deel d'Erzéihung mat iwerholl. Mat all deem waat elo vun eis verlaangt get (vum Ministère an vun den Eltern) ass et dach nemmen verständlech dass obmanst eis Carrière misst ungepasst an unerkannt gin. (Romain)
- well de schoulmeeschter vill beruffer ënnert engem hutt muss op een Nenner bréngen: pädagog, erzéiher, wëssensvermëttler, therapeut, sträitschlichter, eltereberoder,(elterenerzéier!) integratiounsagent, séilentréischter,infirmier, animateur,... (Michèle)
- Et ass de flottsten awer och gläichzäiteg de komplizéiersten (a vläit wichtegsten?) Beruff op der Welt. Jidfereen vun eis mecht säi Beruff mat Leif a Séil. Wien dat Ganzt just wéinst de Suen an der Vakanz mecht ass schnell um Holzwee a wäert och net glécklech gin. Mat 40Stonnen an der Woch ass et an denen aller seltesten Fäll gedoen. Wien mengt, mir géingen hei just op der fauler Haut leien a waarden bis die nächst Pei kennt, den soll eng Woch eng Klass iwerhuelen. Schoulhalen mecht immens vill Spaass, verlaangt awer och een immens gudden Nervekostüm an eng gutt Schëpp Idealismus!
D'Wuerzel vum Iwwel ass dach Folgendes: d'Welt dobaussen verännert sech méi schnell wéi d'Schoul; d'Wertekarussell an eiser Konsumgesellschaft dréiht sech ëmmer méi séier. Nach NIE gouf vum Schoulmeeschter esouvill verlaangt wéi haut. D'Gesellschaft, d'Politik an d'Elteren erwaarden ëmmer méi vun eis. Awer gläichzäiteg kréien mir och ëmmer manner Moyenen fir denen Erwaardungen gerecht ze gin. Dat neit Schoulgesetz wäert och säin Deel dozou bäidroen, datt d'Positioun vun den Elteren op Käschten vun der vum Enseignant gestäerkt gëtt. Dat ass e ganzt präkärt Spill wat do gedriwwen gëtt.
Et wier ganz flott, wann dem Beruff och endlech déi Würdegung géing erhalen, déi ëm zousteht. Un der Darstellung no baussen muss nach vill geschafft gin. Do wier et ganz wënschenswert och den Support vun de Politiker an den Elteren ze hunn. Secher, Geld ass net alles, an am Verglach zum Ausland verdengen mir och net schlecht, AWER wouduerch gëtt dann en E7-Grad vun de Proffen gerechtfäerdegt? Och wa schon direkt an dem Kontext virgesuergt gouf, dass denen neien UNI-Studenten hieren Diplom net mat engem „normalen“ Studium ka gläichgesat gin (wéinst dem Bachelor „professionnel“ en sciences de l'éducation; de „professionnel“ verhënnert dat), stellt sech dach d'Fro, firwat den Primaire an de Secondaire esouwäit auserneen leien?? Eis Carrière entsprecht nullement dem wat do eigentlech geleescht gëtt.
(Bob) - Well ech fir eng Liesnuecht, Aeppel rafen a Viz maachen, … (fräiwelleg) ganz vill Zäit hiergin, fir de Kanner Wäerter ze vermëttelen, fir déi den normalen Schoulhoraire ze kleng as. (Romain)
- Well ech déi richteg Carrière virun allen Bekannten ze verteidegen an argumentéieren wees. (Romain)
- fir dass de Beruff vum Enseignant an eiser Gesellschaft endlech déi Unerkennung kritt, déi en och verdéngt. (Gilles)
- Well et emmer méi schwéier gëtt, deene ville Facette vun eiser multikultureller Gesellschaft Rechnung ze droen, an de Kanner trotzdem eng adäquat Ausbildung ze erméiglechen! (David)
- well ech es sat hun vun Frëndinnen, déi direkt no der Première bei den Staat schaffen gaang sin an elo schons méi verdengen wéi mir Hennessen, déi zu daer Zäit 3 Joër (elo 4 Joër) op den ISERP setzen gaang sin (no enger héicher Moyenne am Premieresexamen, fir déi verschidden Leit esouguer d'Première 2 bis 3 mol gemaach hun!)mir emmer erem unhéieren ze missen, wéi relax et op denen Ministèren as a wéi oft si Kaffispausen maachen, wou mir an eisem Beruff, deen immens schéin as, awer schrecklech ustrengend!!!, oft nët emol d'Zäit fannen fir op d'Toilett ze goen. (Simone)
- Well d'Erzéihungsaarbecht ëmmer méi komplizéiert gëtt. (Dominique)
- Well mir, op mannst wat déi séilesch Belaaschtungen ugeet, een vu deenen ustrengendsten Beruffer ausüben (Dominique)
- Well et virkënnt, dass Kanner fir sech selwer an hiert Emfeld eng Gefor duerstellen an dat vill Suergen mat sech bréngt.(Dominique)
- Déi emmer méi opkommend Gewalt verbaler an kierperlecher Art, di vill Konflikter a schwiereg Schüler stellen extrem Stresssituatiounen an eng grouss Belaaschtung duer. Et ass bekannt, dass d'Enseignant'en zu de Risikogruppen vir Burnout zielen an et mol virkommen kann, dass aus idealisteschen Pädagogen ausgebrannten an dépriméiert Persounen gin. Trotzdem gëtt weider ENCOURAGÉIERT a MOTIVÉIERT! A wat motivéiert eis?! (Dominique)
- Well ech méi wéi nëmmen eng Premiär hunn an Dag fir Dag ëmmer méi leeschten muss. (Martine)
- Well ech net nëmmen schoulesch mat mengen Bambinis schaffen, mee och eng Kolonie organiséieren, eng Theaterwoch, eng Liesnuecht, en Ausfluch, eng Schülerzeitung, en Guart ënnerhalen, an, an, an... (Martine)
- Well de Schoulmeeschter an d'Léierein eng Ausbildung hunn déi endlech muss unerkannr ginn. (Martine)
- Well d'Entwëcklung vun der Gesellschaft ëmmer méi Usprëch un eisen Beruff stellt. (Martine)
- Well ech mech ëmmer nees neien Fuederungen an mengem Beruff muss stellen. (Martine)
- Well ech mäin Beruff aus voller Iwerzeegung machen an mat Leidenschaft an Asatz dobäi sinn. (Martine)
- Well ech en Beruff mat vill Responsabilitéit, Studien an Weiderbildungen ausüben. (Martine)
- Well et vill engagéiert Leit an eisem Beruff gëtt, an dat soll an Zukunft och sou bléiwen.(Martine)
- Well d'Unerkennung vun eisem Beruff och eng Unerkennung vun der öffentlecher Schoul ass.(Martine)
- Well ech mech, fir den Ufuederungen vun mengem Beruff ëmmer rëm gerecht ze ginn an den Kanner kann mat beschten Wëssen an Gewëssen zur Säit ze stoën, weider bilden. (Martine)
- En Beruf mat ganz vill Responsabilitéit, emmer néi Herausfuerderungen, an Heichschoulstudien déi musse gerecht unerkannt gin: domadd as alles gesot! (Eugène)
- An der heiteger Zäit si mir souvillen verschiddenen Léierschwieregkeeten vun de Kanner ausgesat an och Virurdeeler, déi d'Elteren eis geigen iwer hunn, dass ech fannen, dass eis Carrière misst ugepasst ginn. (Véronique)
- als Schoulmeeschter as ee 7 Deeg op 7 damat beschäftegt sech flott Ideen auszedenken fir dass Kanner de Spaass net sollen un der Schoul verleieren. Do geet et net duer wann een sech strikt un seng 40 Stonnen hält. (Christine)
- Et muss een zu all Moment Zait fir d'Elteren hun. E grousst opent Ouer an e grousst Härz. Et as selbstverständlech dass een sech dofir Zait helt. Leider dierf ee net emmer soen "Do geet et mir net" well soss get ee schief gekuckt... mir hu jo sou vill Fraizait. Oder??? (Christine)
- Mir wëlle just eng gerecht Unerkennung vun eiser Ausbildung an deemno eng gerecht Astufung vun eiser carrière. Mir froen och keng Koeffizienter, weder fir d'Haaptfächer, nach fir d'Niewefächer. (...)
- well d'Coordinatioun an d'Supervisoun vun den Educatricen am Précoce vill Zäit an Energie vun der Spillschoulsjoffer an Usprooch hëllt! (Tanja)
- een als Enseignant eng ëmmer méi komplex Tache kritt an d'Schoul an den Aë vu ville Leit wa méiglech all Probleemer vun de Kanner soll léisen. (Mike)
- well enger besserer Unerkennung an dem neidege Respekt vun eisem Beruff duerch eis Gesellschaft, eng besser an dei neideg Unerkennung duerch eis Regierung virausgeet. (Liss)
- well mer all gudde Méindeg (spéidstens awer bei all neie Minister)nei Programmer, nei Direktiven, nei Approchen, nei Schwéierpunkte kréien....déi mir dann och direkt a perfekt ze réaliséiren hun! (mike)
- Well anscheinend "schlecht Staatsfinanzen" keen Agrument dofir sin sain Personal ennerzebezuelen. Etudes supérieures = carrière supérieure !! Elo kreien mer eisen Idealismus bezuelt. (Steve)
- mat deem waat de Schoulmeeschter vun Ausbildung huet, mat deenen Aufgaben a Pflichten wou en soll erfëllen, huet en sëcherlech d'Recht mei ze verdingen wei en Staatsbeamten deen um Bureau setzt... (Maud)
- Et dierf einfach net sinn, dass en Schoulmeeschter fin carrière manner verdéngt wei en Staatsbeamten mat Première. Ass eis Aarbescht dann wirklech sou wéineg wert? (Steve)
- Well den Schoulmeeschter responsabel ass fir déi schoulesch Leeschtung vun enger ganzer Generatioun.
Dei Aarbescht soll endlech den richtegen Stellenwert am Klassement kréien!Dofir ass den E6 nemmen richteg!!! (Steve) - well mir d'Respônsabilitéit iwwer Kanner hunn, déi eng Gefor fir eis an och fir déi anner Kanner duerstellen (Aggressiounen vu Behënnerten, ADHS-Kanner, etc.) (Pascale)
- well d'Verhalensobfällegkeeten an dene letzten 10 Joër esou zougehol hunn, dass een nëmme mei ka Schoul halen, wann een eng Heilpädagogesch Ausbildung huet. Déi Zousatsausbildung hëllëft mir owes net ze erschöpft ze sinn fir méng Virberedungen nach ze machen, awer si gët net honoréiert.(Pascale)
- well d'Elteren an d'Gemengepolitiker mengen, sie misten engem virschreiwen, wat fir eng Themen een an der Schoul behandele soll. A wann sie sech dann nach ens wierren: den een wëllt keng gesond Ernährung den anneren awer.(Pascale)
- ell mir kee Privatliewen hunn. Wann een d'Hëllef vun de Leit oflehnt z.B. fir d'Wiss ze méinen, da get een beschass.
- well mir an der Eltereberodung net ëmmer mat ziviliséierten Leit ze din hunn.(Pascale)
- well eng schwanger Spillschoulsjoffer, besonnech am Précoce, der Gefor ausgesat ass, dass d'Kanner puuer mol den Dag an hire Bauch rennen. An sie ass zousetzlech nach villerlee Kannerkrankheeten ausgesat.(Pascale)
- well mir an 4 Joer Studienzäit gesinn, wéi een de Kanner iwwer zeg verschidde Methoden eppes bäibréngen kann, während e groussen Deel vun de Proffen an d'Klass kënnt, d'Tafel vollschreiwt, an duerno erëm geet well se vun enger kandgerechter Methodologie keng Ahnung huet, respektif an hirer Formatioun net gesinn hunn. Do ass et jo méi em d'Fachwissen gangen. (Steve)
- Well der Madame Jacobs hir Gläichstellungspolitik net därf derzou féieren det de Schoulmeeschter grad esou schlecht bezuelt get wéi d'Léierin, mee dass am Géigendeel och déi Berufer an deenen vill Fraen schaffen richteg aklasséiert mussen gin (Monique)
- well jo kee mer soll domadder kommen d'Vakanzen géifen déi nidereg Päi kompenséieren (Madeleine)
- Well ech et zimlech TRAUREG fannen, datt ech…
- no ofgeschlossener Formatioun um ISERP an un der PÄDAG zu Klagenfurt (Eisträich) an no ofgeschlossenem Master-Studium op der Université de Sherbrooke (Canada) op méng Käschten;
- no engagéierter a qualifizéierter Aarbecht als Enseignant am Centre Socio-Educatif zu Dräibuer an am Régime préparatoire;
- no Mataarbecht u verschiddene Projetën um MEN;
- no ménger Aarbecht als Formateur op der UNI an am Cader vun der Ausbildung vun den Educateuren;
- no honnerte Stonne “Formation continue”;
- no X onbezuelten Iwwerstonnen (méng Schold, ech kéint jo “Dienst nach Vorschrift” maachen);
… mol kee MERCI (an nach manner eng Reconnaissance vun ménger Formatioun, ménge Kompentenzen an ménger alldeeglecher Aarbecht) erwaarden däerf!!! (Marco) - well eis Aarbecht déi läscht Joeren schon méi schwéier ginn ass an och emmer nach méi schwéier wärt ginn. D´Entwecklung vun eiser Gesellschaft stellt emmer mei Usprech un de Beruff vum Enseignant. (Elisabeth)
- Well mir och dacks spéit owens a sonndes fir d'Schoul schaffen, oni duerfir extra no em Nuecht- oder Sonndestarif bezuelt ze ginn. (F.Z.)
- Well mir all Kéier präsent senn, wann de Ministère päift fir alt erëm en neie Projet virzestellen. Datt dës Versammlungen no der Schoulzäit stattfannen gëtt als selbstverständlich ugeholl a vu Kilometergeld fir déi Enseignanten, déi sich oft wäit deplacéiere mussen huet nach ni ee geschwat. (F.Z.)
- Wien huet d'Integratioun vu bis zu 60% Auslännerkanner an eis Gesellschaft vu ganz kleng bis 12 oder 13 Joer geleescht. D'Léierpersounen an de Lëtzebuerger Schoulklassen. (Gilbert)
- E Schoulmeeschter muss no sengem Studium direkt asetzbar sin. Hien ass alleng responsabel fir seng Klass.
E Prof mécht fir d'éischt een Stage.
Komesch awer, datt ee 'professeur-stagiaire' wäitaus méi verdéngt wéi ee Schoulmeeschter, deen nei ufänkt. (Danièle) - Fir Schoulmeeschter ze ginn, muss een 4 Joër no der Première studéieren. (Bachelor mat 240 ECTS-Punkten)
Ee Redakter beim Staat oder bei enger Gemeng huet jhust d'Première (0 ECTS-Punkten)
Komesch awer, datt de Redakter 'fin de carrière' (an och oft iwwert déi ganz Carrière gekuckt) méi verdéngt wéi de Schoulmeeschter!(Danièle) - Well ët scho genuch ass, dass eis Gemengepolitiker eis Tonnen Iwerstonnen zum Nulltarif octroyéieren (z.Bsp. 6 Deeg à 24 Stonnen matt enger Klass um Miir, déi sälwecht Zuel Stonnen gratis vun dem Schoulmeeschter sénger Fra geleescht, ee legale Feierdag an dëser Zäit ignoréiert - an dann nach deen domme Kommentar "wëlls du och nach bezuelt gin fir an d'Vakanz zë fueren?"). Da solle wéinstens eis normal Aarbechtsstonnen gerecht bezuelt gin! (Patrick)
- Well eisen Beruff net nemmen doraus besteet de Kanner een Wessen ze vermettelen... Emmer mei gett vun eis verlaangt an et ass un der Zeit dass mier all dei Aarbecht an Verantwortung ungerechent kreien (Fabienne)
- well ech mat vill Phantasie e Kand zum Leieren brengen dat all Kéiers nom Mëttesdësch mat de Wieder "D'Schoul ass schäiss." untrëtt. An dat am 1. Schouljoër.(Marc)
- well ech Kanner mat an de Séjour scolaire huelen, déi keng Waliss dobäi hun obwuel ech der Mamm den Dag virdrun erklärt wini mer fueren. (Marc)
- well eise Beruff net nëmmen doraus besteet de Kanner Wëssen ze vermëttelen, mee well mir och eng ganz grouß Verantwortung vis-à-vis vun de Kanner hunn an daat an allen Hisiichten (Steffi)
- Well d'Schoul vu muer net mat der Pai vu virgëscht ze realiséieren ass ! (Ed)
- Well et mat Schoul halen alléng scho laang net méi gedo ass. Ëmmer méi gëtt den Enseignanten ofverlangt:
- Erzéiung! vun de Kanner (an zum Deel den Eltere mat!)
- eng onendlech an ëmmer méi bedeitend Flut un administativem Opwand
- Organiséiere vun Sportsdeg a speziellen Evenementer déi vun "uewen" erof imposéiert ginn
(Patrick) - Fir datt mäer dat kréie, wat mäer verdingen! (Nico)
- well et leider ëmmer méi un eis as, fir d'Loscht um Liesen, Molen, Bastelen, der Musek, der Natur, der Leeschtung, dem Zesummeliewen am Groupe, der Bewegung an nach villem aneren ze vermëttlen, an nët méi un der Famill! (Gaby)
- Als Student op der Uni LËTZEBUERG muss ech ganzer 8 Semester durchlaafen, fir duerno an enger "carrière moyenne" degradéiert ze ginn! Wou ass do w.e.g. nach eng Logique? Der Rémunération no, hun ech nie eng Uni vun bannen gesinn.(Steve)
- Ich bin nicht Lehrer, aber als Mensch und Vater bin ich sehr gerührt von den Argumenten des Lehrpersonals.
Ich kann nur annehmen, dass der Staat den Erziehern nicht genug Geld gibt, damit die jungen Menschen diesen wertvollen Beruf nicht des Geldes wegen ergreifen. Eine andere Erklärung kann es nicht geben. (Pierre) - Fir mech ass et eng éier (an noer Zukunft) Léierin ze sinn. Ech wëll datt d'Gesellschaft dat och esou gesäit. Si soll nämlech déi 100 Kapen/Rollen a Betruecht zéien, déi mir am Laf vun eisem schouleschen Alldag opsetzen/spillen wëllen/mussen. Ech wëll och datt d Leit verstinn wat eng "Spillschoulsléierin/schoulmeeschter" ass a schafft. Fannen et nämlech onfair datt e Lyceesprof z.Bsp eng Risenunerkennung kritt a mir net, obwuel mer eng ganz wichteg Roll spillen. An dat kënnt menger Meenong dovunner, well mer och aus offizieller Säit guer net eescht geholl gi. ELO GEET ET DUER! Eist Wëssen, Kënnen, eist Engagement soll endlech valoriséiert gi. Da sinn d Leit och e.a. méi motivéiert fir mat hirer Zäit mat viru ze goen an sech weiderzebilden, (wat se souwisou scho maachen ouni datt dat genuch unerkannt gëtt.) (Jess)
- fir d'Kanner méi sozial ze erzéien feelt et u Strukturen. den Enseignant kënnt et jo maachen. (Marc)
- well ët matt spezifeschen, individuell ugepasste Maasnahmen net a 40 Stonnen an der Woch packen alle Kanner gerecht ze ginn. (Dany)
- An enger Formatioun a Finnland kruet ech gesot, datt den Erfolleg vun hierem Schoulsystem nëmme méiglech wuar, well hier Enseignant-e-n eng héich Unerkennung an der Gesellschaft hunn, dat heescht si kënne matbestëmmen ,hier Problemer ginn eescht geholl an et gëtt keen Ënnerscheed gemat tëschent Enseignant-e-n, déi mat klenge Kanner schaffen an deenen déi mat Jugendlecher schaffen! Am contraire, si soen, grad bei klenge Kanner brauche mer héi>ch ausgebildent a motivéiert Personal. Also gi mer dem gudde Beispill no: Unerkënnung vum Léierpersonal heescht Unerkënnung vun der Qualifikatioun an der
Carrière. (Marie-Paule) - Well mir nët nëmmen Schoul halen, mee d'Schoul um Liewen halen matt Aktivitéiten déi mer dack fräiwëlleg an der Fräizäit (wa mer an de läschte Wochen där nach hun) preparéieren an duerchféieren. Déngscht der Carrière no, da wiere keen keng Extra-Gespréicher zu all Dageszäit matt Elteren a Psychologen, keen Schoultheater, keen Ausfluch a kee Schoulfest (Manon)
- dass en Enseignant sech et nach kann leeschten am Letzebuerger Land ze wunnen (Sandra)
- Well mer eisen Idealismus an eisen Engagement nët méi beweise mussen. Dat hu mer elo 50 Jor zum Nulltarif gemaach. Mer goufe fir domm verkaaf. Gedold ass e Stéck vun der Dommheet. Domm si mer no esou enger laanger Ausbildung jo awer bestemmt nët! (Patrick)
- "Schoul halen" ass eppes wat ee net moosse kann. Et kann een ëmmer nach eppes aanescht a méi maachen. An et wëll een als Enseignant och nach ëmmer méi eraushuelen. Dofir investéiert een sech sëcherlech nach e gutt Stéck iwwert déi 24 Stonnen eraus an säi Beruff. Ech géif soen, dass et esougutt wéi ni matt 40 Stonnen an der Woch duer geet. Kloer dass een dat gäer mécht, mee wann dann d'Unerkennung feelt, da gëtt et batter. D'Pei ass dobäi eng vu villen Unerkennungen déi een als schaffende Mënsch huet an déi soll der Aarbecht an den Ufuederungen Rechnung droen (Sven)
- Well et onfair as, engem Enseignant ze soen, e misst sech weider bilden, u sech schaffen, sech a säi Wëssen op den aktuelle Stand brengen asw. (Lifelonglearning)OUNI him dat neit/zousätzlecht Wëssen unzerechnen. Et ass e Schoulmeeschter a net méi - op ee lo 100h "formation continue" huet oder 800h oder guer keng - méi wi e cert. de perfection as net dran.
Wann d'Schoul héichqualifizéiert Leit brauch (an sou as et)an d'Leit motivéire well u sech ze schaffen, da muss et (och) eng finanziell Unerkennung fir Leit gin, déi sech weiderbilden. sou kéint een och eng hausse an der Paie rechtfertegen vis-à-vis vum MEN... (Nicolas) - Nierwt de normale Schoulstonnen, déi ech AKTIV (a net hannert dem Pult) verbrengen, mat Leeschtungsgruppen („direction de plus d'une classe“…), déi nierwt de Fichen och Hëllef, Rotschléi a konstruktif Kritik kréien…, preparéieren ech: Schoulstonnen (wat méi wäit geet, wéi mir déi nächst Säit an de verschiddene Bicher an den Journal ze schreiwen…mee meng Owender um PC fëllt…)
verbesseren ech … a sichen no Remèden
organiséieren ech „dat Ronderëm“: Kachen, Baken, (a virdrunn akaafen), Ausfluch organiséieren, Séjour éducatif organiséieren (mat Animatioun & Co (schmusen, tréichten, erzéien…) = 24 Stonnenjob mat vill Responsabilitéit)
sinn ech Séilentréichter a Streitschlichter, Encourageur… an oft deen wou probéiert enger Rei Kanner „Basics“ a „Regelen“ mat op de Wee ze ginn…
deelen Rotschléi un Elteren aus a kasséieren och mal e Coup bas vun deene selwegten…
All dat ass net bezuelbar, sou wéi d'Aarbéecht vun den Hausfraen, Mammen, Pappen… awer et soll honoréiert a richteg klasséiert sinn fir deem Rechnung ze droen, wat déi meescht vun eis gäer man… (Nadine) - D'aarbecht mat dene schwierege kanner am régime préparatoire verdéngt endlech déi unerkennung, op déi ech scho zënter 25 joer waarden! (Marianne)
- All Dag huele mer d'Erausfuerderung un, op de Kanner hier spezifesch Besoin'en anzegoen. Duerfir si mer gären Bereed, e Spagat tëschent verschiddenen Niveauen a Programmen ze man.
Permanent si mer dobäi eis weiderzebilden, fir denen neien gesellschaftlechen Ufuerderungen gudd geschoult gerecht ze ginn.
Eis ganz Persoun steet dobäi, net nëmmen berufflech mee och privat, ënnert permanenter Kritik, matt der en sech ausenanersetzen muss an déi en mol glécklech mecht, mol belaascht.
Mer halen de Kapp dohinner, fir am Numm vun eisen Virgesatenen nei Weeër auszeprobéieren; Weeër, déi noutwänneg, awer net ëmmer eis sinn.
Mer akzeptéieren eng grouss Responsabilitéit, nämlech déi, aus Kanner kritesch dénkend Léit ze man a mer wëllen hinnen d'Chance ginn, matt de beschten Viraussetzungen an d'Liewen ze starten.
Ganz nierwebäi hunn mer an eisen etlech Joeren Studien, och déi theoretesch Grondlagen kritt, wéi en matt Kanner a Jugendlechen soll ëmgoen. An Praktikas hu mer vun engagéierten Patron'en gewise kritt, wourop et ukënnt an mer hunn vill Zäit domatt verbruecht, doriwer nozedénken, wéi eisen Wee am Beruff soll ausgesinn.
Et wier also nëmmen gerecht, wann desen Räifungsprozess, den fir eisen Beruff eminent wichteg ass, och géifen entspriechent ugerechent kréien.
Ech kann kéngem Mënsch, den desen Beruff an 3 Wochen léiert oder en an éngem Joer nomëscht veriwelen, déi Chance opzegréifen. Hinnen feelt ower ménger Meenung no de Prozess, den en duerchlafen soll, fir erauszefannen, wat déi „Beruffung Enseignant“ ausmescht.
Nach méi schlëmm ass dann, datt e Mënsch den 3 Joer (gläich 4) Héichschoul hannert sech bruecht huet, d'selwescht ugesinn gëtt wéi en den knapps séng Première huet. En Enseignant ouni Concours gëtt d'selwescht rémunéréiert an agestallt wéi en Chargé.
Leit déi während engem Joer e puer Stonnen Formatioun man, ginn duerno fest agestallt.
An dem Sënn wier et dach besser, mer géifen eisen Kanner vermëttelen, se sollen esou fréi wéi méigelech matt der Schoul ophalen, schaffen goen, an dann e puer Joer duerno sech als Chargée mellen oder den Enseignant spillen. Dat wieren op d'mannst 3 Joer Rémunératioun méi.
Firwat soll en Enseignant dann iwerhaapt nach Studien man, wann se net unerkannt sinn. Dann hätte mer besser, mer géifen Prof ginn... Do kéinte mer matt der selweschter Unzuel un Joeren, méi verdéngen, manner schaffen an virun allem hätte mer während eiser ganzer Ausbildung näischt matt Schüler ze dinn (déi jo guer net wichteg sinn, wann en esou e Beruff ausübt) an mer bräischten eis och nëmmen matt engem Fachgebitt ze ploen, aplaz datt mir eis matt allem dierfen eremklappen.
Ech wéilt mäin Beruff nie méi hierginn. Ech sinn fir all Dag frou, wou ech matt ménge Schüler dierf schaffen, mee et kënnt en sech op kuerz oder laang einfach immens veraarscht fir. An dat schlëmmst ass, datt d'Elteren vun eise Kanner sech och ganz lues a lues Froen stellen, wéi et matt eisem Bildungssystem op déi do Art a Weis nach soll weider goen. (Pol) - Fir dass den Norbert mech nëtt méi auslaacht, well ech 3 Jor méi laang geléiert hun wéi heen, op der Aarbecht vill méi Stress hun wéi heen, owes doheem nach méng Aarbecht fir d'Schoul maachen - an heen dofir 30 Punkte méi verdingt wéi ech! (Patrick)
- well eise Beruff ëmmer méi vun eis verlaangt! (Mike)
- Well d'Erzéiung vun de Kanner ëmmer manner vun den Elteren mä vun der Schoul muss iwerholl ginn. (pit)
- Well et net duer geet de Kanner just dat néidecht Wessen mat ob de Wee ze ginn. De Schoulmeeschter muss d'Kanner (an souguer d'Elteren) erzéien fir dass verantwortungvoll an socialiséiert Kanner aus der Schoul rauskommen. (Max)
- well et ze einfach as iwert d'Schoul ze decidéieren wann en am Ministère setzt an ni selwer richteg!!! Schoul gehaal huet. (Max)
- Well d'Opwertung vum Beruff duerch enh nei Carrière och eng Opwertung vun eiser éffentlecher Primärschoul ass.(Änder)
- Well déi meescht, déi dem Schoulmeeschter eng nei Carrière streideg maachen oder nët wëlle vergonnen, selwer am Enseignement sin. (Änder)
- Well de Schoulmeeschter nët weider als de Stoussneckel vun der Natioun soll gëllen (M.A.)
- Well all déi, déi iwer de Schoulmeeschter décidéieren, keng Anung hun, wéivill Responsabilitéit hien droe muss (Liss)
- Well et endlech un der Zäit ass, datt d'gesamt Personal vum Préscolaire a Primaire geschlossen hannert dëser Fuerderung steet. (F.K.)
- Well de Schoulmeeschter nët méi soll de Spillball vu korporatistesche Manipulatioune bleiwen. (Änder)
- Well déi jong Kollegen an déi aktuell Stodente nët och nach Joerzengte waarde sollen, éier se de verdengte Loun kréien.(Liss)
- Well déi politesch Responsabel endlech solle mierken, dass et "ras le bol" ass.(Änder)
- Well d'Argument, "eng Opwertung vun der Carrière gët ze deier", oder "et si keng Suen do", nët akzeptabel ass. (Elisabeth)
- Well et wichteg ass, d'Opwertung vun der Carrière mat dem neie Schoulgesetz ze verbannen. Wann dee Moment verpasst gët, gesäit et schlecht aus fir laang Joerën. (Änder)
- Well d'Aarbecht, déi mer mat deene ganz Klenge maachen eng vun deene wichtegsten an der Entwecklung vun de Kanner ass. Länner, déi op d'Bildung als Zukunft setzen hun daat längst erkannt a beoptragen hir bescht Pädagogen domat. Nëmmen eis Responsabel di sech schwéier daat unzeerkennen. Schued fir d'Zukunft vun der Schoul! (Fonsie)
- Well kaum een, dee nët an der Schoul täteg ass, dee Koup vun Aarbecht a Verantwortung erkannt huet. (Liss)
- Well ons Carrière bis elo ëmmer un der Carrière vum Expéditionnaire gemooss gouf. Den Enseignement fonktionnéiert awer op enger ganz aanerer Basis, daat hun déi Responsabel warscheinlech och erkannt, si gin et just nët zou.
- Well et kee stechhaltegt Argument gët, dem Schoulmeeschter en carrière supérieure ze verwieren. (Georges)
- Well all eis Responsabel, politesch an deelweis administrativ, nët esou éierlech sinn, ze soen, wuefir se de Schoulmeeschter um ënneschten Trepplek sëtze loossen. (Änder)
- Well mir kengem eppes wëllen ewechhuelen. Mir hätte just gären datt am Enseignement mat engem Gewiicht gemooss gët. (M.A.)
- Well et un der Zäit ass dass de Schoulmeeschter mat méi Ausbildung nët méi als e "gebeemte Schoulmeeschter" betruecht gët. (Georges)
- Well eis Peie nët sollen nom Alter vun de Kanner gemooss gin mee no der Ausbildung an der Verantwortung. (Änder)
- Well de Schoulmeeschter am Laaf vu senger carrière mat vill méi Neierunge konfrontéiert gët wéi déi meescht "Fachlehrer". (Georges)
- Well fir eis d'Devise gëllt: par inter pares. (A.G.)
- Well mir all Dag ëmmer erëm op en Neits probéieren dat Onméiglicht méiglich ze maachen, fir su den Erwaardungen vun all Mënsch gerecht ze ginn. (Ferd.)
- Et ass eis Aufgab all Dag ee positivt Viirbild fir d'Kanner an der Schoul ze sinn.
Mir sinn frou esou eng wichteg Funktioun ze hunn an d'Kanner brauchen eng staark
Léierpersoun, déi och eng sozial Unerkennung an Respekt verdéngt huet. (Nathalie) - Wann ee bedenkt, dass ee fir diselwecht Pei och gudd liddreg als Redakter op der Gemeng kéint sétzen.... (Alain)
- Mat all denen Tâchen an der "Fräizäit" as et heiansdo eng reng Erhuelung, di 23 Stonnen mat de Kanner an der Klass ze verbréngen! (Alain)
- E BERUFFSLIEWEN LAANG get vun eis verlaangt, dass mer Neies bäiléieren sollen!
- E BERUFFSLIEWEN LAANG si mer dozou bereed, eis all zwee Joer op nei Kanner mat neie Problemer anzeloossen an si an hirer Entwécklung ze begleeden, jo suguer hire Charakter e Stéck mat ze formen!
- E BERUFFSLIEWEN LAANG ploen mer eis mat Elteren a Gemengepolitiker ronderem, di jo souwisou emmer alles besser ze wesse schéngen wi mir!
- E BERUFFSLIEWEN LAANG solle mer d'Deppen vum Dingscht sin??
--> Eierlech gesot sin ech der Meenung, dass dat elo LAAAANG genuch sou war...
(Alain) - well ech owes nach eng Rëtsch Mailen muss fortschécken an op Froen äntweren, déi ech eigentlech schon an der Informatiounsversamlung fir d'Elteren mëndlech an duerno souguer och nach schrëftlech beäntwert hun (Pol)
- Well ech a menger Fräizäit mat de Schoulkanner um "Dag vum Bam", am kale Ren, Hecken a Sträicher planzen.(Romain)
- Well ech, a menger Fräizäit, den enseignanten aus dem Uewergrad hellefen dass d'coupe scolaire de néidegen Erfolleg gett (Romain)
- Well de Schoulsportdag eng ganz intensiv Virberedung brauch (Versammlungen ofhalen, kreativ Idien brengen, Hellefsleit kontaktéieren an organiséieren fir Sport an gesond Iessen, Akafen goen an Material organiséieren, verschidden Parcouren a Spiller opriichten an rem oofriichten, …) a well ganz vill Verantwortung vum Enseignant verlaangt get (Secherhet, Allergiker, Vegetarier, reliéis Aschränkungen, Kranker,…) an et muss jo Spaass maachen an en dobei laachen kennen! (Romain)
- D'Kanner hun an der Leierin an am Schoulmeschter en immens wichteg Bezugspersoun (Carlo)
- D'leierpersonnal get mat hirer Klass an Kolonien zou Letzebuerg an am Ausland trotz derer enormer Responsabiliteit an den zig onbezuelten Iwerstonnen (Carlo)
- well een net nemmen an der Schoul schafft, mee och nach vill Stonnen owes um PC verbrengt (Josée)
- well een sech och matt Kanner muss ofginn, déi guer keng Loscht hunn fir ze léieren an och nët ze motivéiere sinn an déi awer eng ganz Klass däerfen "terroriséieren"ouni datt een grouss Moyenën huet fir daat ze ënnerbannen, an Elteren vun denen Kanner nach mengen, daatt daat ganz normal ass (Josée)
- well zefridde Léierpersonal, zefridde Kanner mecht, an d'Kanner déi Grouss vu muer sin (Sandra)
- well mir och de Kanner hir Kompetenzen all Daag rem unerkennen (Sandra)
- well d'Schoul eng unerkannten Institutioun soll bleiwen (oder rem gin?) (Sandra)
- well d'Politik, als Virbild fir d'Gesellschaft, de Beruf vum Enseignant soll richteg astufen (Sandra)
- well de Beruf vum Enseignant nu mol mat deem vun engem Manager ze vergläichen ass (Sandra)
- well ech no 35 Joer am Enseignement endlech ménge Studien no gerecht bezuelt wëll ginn (Denise)
- well 50 Joer Diskriminatioun vun eisem Beruff duergin ! (Ed)
- well d'Schoul vu muer net méi déi vu gëscht ka sin ! (Ed)
- well d'Aarbecht an der Schoul eng héich wëssenschaftlech Tätegkeet ass ! (Ed)
- well d'Autoritéit vun eiser ëffentlëcher Schoul mat där vun hirem Léierpersonal steet a fällt ! (Ed)
- well de Schoulmeeschter a sénger Carrière de Moment den Hennes vum Déngscht ass ! (Ed)
- Nierwt de normale Schoulstonnen, déi ech AKTIV (a net hannert dem Pult) verbrengen, mat Leeschtungsgruppen („direction de plus d'une classe“…), déi nierwt de Fichen och Hëllef, Rotschléi a konstruktif Kritik kréien…, preparéieren ech: Schoulstonnen (wat méi wäit geet, wéi mir déi nächst Säit an de verschiddene Bicher an den Journal ze schreiwen…mee meng Owender um PC fëllt…)
verbesseren ech … a sichen no Remèden
organiséieren ech „dat Ronderëm“: Kachen, Baken, (a virdrunn akaafen), Ausfluch organiséieren, Séjour éducatif organiséieren (mat Animatioun & Co (schmusen, tréichten, erzéien…) = 24 Stonnenjob mat vill Responsabilitéit)
sinn ech Séilentréichter a Streitschlichter, Encourageur… an oft deen wou probéiert enger Rei Kanner „Basics“ a „Regelen“ mat op de Wee ze ginn…
deelen Rotschléi un Elteren aus a kasséieren och mal e Coup bas vun deene selwegten…
All dat ass net bezuelbar, sou wéi d'Aarbéecht vun den Hausfraen, Mammen, Pappen… awer et soll honoréiert a richteg klasséiert sinn fir deem Rechnung ze droen, wat déi meescht vun eis gäer man… (Nadine) - well ech 17 Kanner muss leeden +34 Elteren wou dei meecht weineg Interet fir hir Kanner weisen (Simone)
- Als léierein oder Schoulmeeschter muss een och d'Roll vun den Elteren iwerhuelen (Jerome)
- Well ech och nach fir Disziplin an de Nopeschklasse suerge muss. (Marc(o))
- als schoulmeeschter muss du alles können:psychologue,polizist,betreier,éducateur...an dat bei den elteren a bei de kanner.an dofir krit een just eng première ugerechent!!R-I-D-I-C-U-L-E!!!! (Marco)
- well een sech och matt Kanner muss ofginn, déi guer keng Loscht hunn fir ze léieren an och nët ze motivéiere sinn an déi awer eng ganz Klass däerfen "terroriséieren"ouni datt een grouss Moyenën huet fir daat ze ënnerbannen (Eis Supérieuren maan sech dann ganz rar).(Paul)
- well all Daag, all Woch, all Joer méi vum enseignant verlaangt gett (Babette)
- Well d'Inspektesch vu mer verlaangt fir d'Elteren 24/24 Stonnen a 7/7 Deeg dozesinn an all Topegkeet gedëlleg unzehéieren (Patrick)
- Mëttlerweil musse mer de Kanner o dat wat soss doheem geschitt ass, léieren wéi zum Beispill den Ëmgang an de Respekt mat a vun de Matmënschen. Sou war ët a méngem Fall zu enger kierperlicher Aggressioun komm, a fir esou eng extrem schwiirig erzéibar Kanner, déi a keng normal Klass gehéieren, gëtt ët jo nët déi richtig Instanz oder déi noutwendig Hëllef fir d'Léierpersoun. (Carmen)
- well mir op all eenzelt Kand versichen anzegoen an dobäi eist Bescht ginn, souguer wann d'Schoul riwwer ass, beschäftegen eis dat (Carine)
- well mir och owes an de Weekend schaffen an dofir net extra bezuelt ginn (Carine)
- well mir eis all Dag a Fro stellen mussen an ëmmer um neiesten Stand mussen sinn iwert déi nei Erkenntnissen an villen Beräicher. Léierin oder Schoulmeeschter ass net nëmmen en Beruf mee eng Aufgab fir d'Liewen (Nancy)
- Well ech 4 Joer op d'Uni gin (no engem numerus clausus) duerno e Master machen dann sin et der schons 6, duerno e concours, an well "Sciences de l'Education" endlech eppes serieues get. Wann se wellen dass ech als Schoulmeeschter schaffe gin dann well ech och eng gerecht Carriere. Ech kann jo schliesslech och aner Sache machen! Wann net sollen se einfach weider Chargéen astellen! (Serge)
- Fir eisen Beruf hu mir net nemmen missen d´Première maachen, méi och nach en Numerus Clausus iwerwannen an den ISERP ofschléssen.
Eis Studien gin am Barême iwerhapt net respekteiert. No der Schull hun mir och nach vill Stonnen ze schaffen (virberéden, verbesseren, asw.) Mir hun es elo saat !!!!!!!! ((Jean)-Claude) - Mir hun an der Zait missen 3 Joër Héichschoul maachen (mat cours universitaire), an haut sin et jo mettlerweil 4 Joer Uni! An der Schoul mussen mir topfit sin an en Nervenkostüm aus Stohl hun! No der Schoul hun mer virzebereeden, ze verbesseren, Versammlungen oder Eltereberodungen! Op eise Schëlleren leit ëmmer méi Responsabilitéit, well d'Elteren oft net méi hieren Deel zu der Erzéihung vun den Kanner beidroën! Et get also héich Zait, dass mir an déi Carrière kommen, déi eis souwisou schons seit laangem zousteet! (Patrick)
- wëll mer och an den nächste Joeren nach Leit mussen rekrutéieren (Pascal)
- well ech meeschtens méi wi eng 40-Stonnenwoch hun (Astrid)
- well mir niewend eisen sou famousen 23 Stonnen enorm vill ze preparéieren an ze verbesseren hunn, vun énger Versammlung- Fortbildung an déi aner lafen an all Dag mat Aktivitéien an Neierungen, déi mir mat de Kanner duerchféiere sollen, bombardéiert ginn (Guy)
- Eis Arbescht gett emmer méi schwéier, Schoul ze halen emmer méi problematesch (Jerome)
- Eis Pai ass net gerecht, mir mussen (am Géigendeel vun de meeschte Leit) vill schaffen a gudd Nerven hunn! (Jerome)
- Eng besser Carrierre ass och eng Motivatioun fir d'Jugend fir dese Beruff ze léieren. (Jerome)
- well et och vill engagéiert Leit an eisem Beruff ginn, an dat soll sou bleiwen! (Jerome)
- well mäi Beruf all Daag op d'manst 20 wichteg Décisiounen vu mir verlangt (Diane)
- wëll d'Kanner esou verschidden sin (Sonia)
- well an der Schoul dat soll gelengen wat ons Gesellschaft schons lang opgin huet: all sozial Schichten an vill Kulturen mateneen an net niewteneen liewen ze loossen (Monique)
- well mir, wa mir krank sin, zeguer eisen Ersatz siche mussen, wat sou zäitopwänneg ass, dat mir dann et virzéien, krank schaffe ze goen (Marco)
- well vun eis erwaart get, dass mär all Fach berherrschen, Sozialaarbeschter, Sproochegeléierten, Mathematiker, Biolog, Sportskanoun, Moler, Museker, Superpädagog sin sollen (Jean-Paul)
- Wëll et schons all Kéier e klengen Exploit ass fir d'Opmierksamkeet an d'Motivatioun vun de Schüler anzefänken (Monique)
- well mir als Léierpersonal méi an der Ëffentlechkeet stinn, wéi dat bei soss engem Beruff de Fall ass (Yves)
- well no der Schoul net Feierowend ass, mee dann d'Aarbecht nach puer Stonne viru geet (virbereeden, verbesseren, plangen, iwwerleeën, ...)(Yves)
- well ech ALL DAG total fit muss moies op der Aarbecht erschéngen a NIE ze spéit däerf kommen (well soss setzt eng ganz Klass do ze waarden) (Yves)
- well d'Léierin an de Schoulmeeschter an der Klass muss soe wat leeft an d'Opsiicht (an d'Iwwersiicht) huet. (Yves)
- Well ech och a grad am secondaire technique erliewen, wéi de Schoulmeeschter - contrairement z. B. zu de Proffen - ALL Fach muss können halen.
Am Sport ass den Zehnkämpfer de Kinneck vun den Athleten, am Enseignement gehéiert de Schoulmeeschter also op den Troun ! (Ed) - well ech och infirmière, botzfra an ersatzmamm sinn (Nadine)
- well ech Prüfunge virbereeden a verbessere muss fir déi dann och nach keen eppes geléiert huet (Nadine)
- well de Schoulmeeschter an d'Léierin an der Woch net ofschalte kënnen an dauernd mat de Gedanken "an" der Schoul sinn. D'Vakanz an de Weekend ass fir ofzeschalte batter néideg. (Yves)
- well de Schoulmeeschter an d'Léierin de Schüler di nei Technologië méi no bréngen (Multimedia). (Yves)
- well ech fannen,dass et net an der Rei ass, dass éen, dén eng Première huet ( fin de carrière fir e Staatsbeamten oder ähnleches) méi eng deck Pai huet wéi e Schoulméeschter
en plus spillt en Schoulméeschter eng ganz wichteg Roll an der Entwecklung vun engem Kand (vun him hengt vill méi wéi vun egal wat fir engem Prof d'Zukunft vum Schüler of) Marie-Anne - well ech de Pappen erklären muss datt een net fëmmen däerf an enger Schoul. (Marc)
- well ech mat de Kanner no der Schoul op d'Eltere waarden déi net erbäikommen. (Marc)
- well ech en Deel vum Weekend brauch fir mech op d'Woch virzebereeden. (Marc)
- well d'Kanner alleguer zwar eng Playstation awer kee Gummi an der Schachtel hun! (Marc)
- well ech matzen an der Nuecht waakreg gin fir mer ze iwwerleeën wéi ech engem Klengen am beschten hëllefe kann. (Marc)
- well ech mech all Dag a Fro stelle muss ob dat wat ech maachen gudd fir déi Kleng sin. (Marc)
- well ech extra Computerprogrammer fir meng Klass schreiwen an dat kascht Zäit. (Marc)
- well ech Chef vun engem Betriib mat 17 Ugestallte sin ouni déi Pei ze kréien. (Marc)
- well mer nëmmen während der Haaptsaison an d'Wakanz kënne fueren ;) (Marc)
- well ech botzen muss wann e Klengen gekatzt huet. (Marc)
- well ech en Diplom vun Heidelberg hun an deen net valoriséiert gëtt.(Marc)
- well ech Elteren deeglaang hannendru lafe muss fir eng Autorisatioun ze kréien, datt hiert d'Kand mat op den Ausfluch däerf. (Marc)
- well ech dertëschend gin wann Kanner sech klappen. (Marc)
- Géifen d'Schoulmeeschteren d'selwecht Schoul hale wéi viru 50 Joer, wier hir Carrière komplett gerechtfäerdegt.
Géifen d'Proffen anescht Schoul hale wéi viru 50 Joer, wier hir Carrière komplett gerechtfäerdegt.
Am Moment ass kengem seng Carrière gerechtfäerdegt, Ausname mat abegraff.
Entweder d'Proffe komme bei eis (onwahrscheinlech) oder mir komme bei d'Proffen (hoffentlech).
Di künstlech Diskriminéierung teschent Primaire a Postprimaire, déi emol eng Kéier natirlech gewiescht ass (?), huet am Joer 2007 keng Existenzberechtegung méi. (Steve) - Ech probéiere net nëmmen SCHOUL ze halen, mee och mat "menge" Kanner an alt deenen vun anere Klassen ze LIEWEN: spillen, Ausfluch, Séjour éducatif, kachen... Nierwt der Zäit fir ze preparéieren (Schoulfächer, Eveil, Bastelen... an extraschouleg Evenementer), fir meng Kanner ankekaafen (Bastelen, kachen, kleng Belounungen...), ze verbesseren an no Iddien ze sichen (Schoul an all déi Saachen ronderëm), investéieren ech Zäit a Nerven fir Aknner bei hire Problemer ze hëllefen an mir dono de Kapp (an alt d'Häerz) ze zerbriechen...
Dat alles ass ONBEZUELBAR, grad wéi d'Aarbécht vun enger Hausfra, enger Mamm oder engem Papp... awer e Merci an eng adequat Bezuelung soll selbstverständlech sinn... - Fiat iustitia, et pereat mundus! (Jeannot)
- well een, dee na nie Schoul gehaalen huet, dës Argumenter net verstoë kann (cf Nr 39!) a sech net ka virstellen dat Schoulmeeschter wuel e flotte Beruff ass, an deem et awer während de Schoulstonnen keng Paus gett. All Schoulstonn brauch seng Virbereedung an dat kann ee net matt enger Bureau's-Stonn verglaichen... (Yves)
- Vill Chargéen, déi kuerz Schoul gehaalen hun, kreien eng fest Plaz proposéiert (zB am Pool des remplaçants), a wat gett fir diploméiert Jofferen a Schoulmeeschtere gemaach? (Roger)
- Den Schoulmeeschter an d'Léierin këmeren sech ëm Kanner. Dat sin dei Erwuesen vun muar!
Schon eleng dei Erkenntnis ënnerstreicht d'Verantwortung vun eisem Beruf!!!(Albert) - De multikulturellen Afloss huet de Beruff vum Schoulmeeschter an der Léierin bedeitend mei komplex gemach.
De klengen "Duerfschoulmeeschter" gët et schon lang net mei!!! (Albert) - Well et net nemmen d'Kanner sin, déi mir ennerstetzen, mee oft e ganzen Stoot, eng ganz Famill, an nach villes méi!!! (Myriam)
- Wann d'Chargéen am lycée am E6 sinn, obwuel sie mol net ee Stage hu misse maachen, dann ass et nemme gerecht wann d'Jofferen an d'Schoulmeeschteren, déi während 3 Joer als Virbereedung op hire Beruff haart geschafft hunn, och am E6 agestuft sinn. (Isabelle)
- Well déi 3 Joer Iserp maat vill Aarbecht verbonnen waren, an d'Pai soll un des Efforten ugepasst ginn. (Isabelle)
- Well net jiddereen e gudde Schoulmeeschter oder eng gutt Joffer ka sin. Eis Leeschtung soll endlech valoriséiert ginn! (Isabelle)
- Well eng ordentlech Virberedung an eng détailléiert Verbesserung Zäit kascht.(Isabelle)
- Schoulhalen mecht Spaass! Awer dofir muss een eng ganz Rei Kompetenzen opweisen:kreativ sinn, op d'Kanner agoe kënnen, sech kloer ausdrécken kënnen, mat aneren leit kënnen zesummeschaffen, sech an d'Kanner versetze kënnen...Fir de Kanner e gudden Unterrecht ze bidden (a wéi enger Form och ëmmer), verbrauch een immens vill Energie an et muss een Asaz weisen. An dofir solle mir belount ginn! (Isabelle)
- well et leider ëmmer méi un eis as, fir d'Loscht um Liesen, Molen, Bastelen, der Musek, der Natur, der Leeschtung, dem Zesummeliewen am Groupe, der Bewegung an nach villem aneren ze vermëttlen, an nët méi un der Famill! (Gabi)
- Well emmer méi Kanner spézifesch Problemer hun, op déi mir differenzéiert agoen sollen. (Chris)
- De Beruff vun der Joffer oder dem Schoulmeeschter limitéiert sech net nëmmen op dës Bezeechnung. Des Leit iwwerhuelen verschidden Rollen: Erzéier, Pedagogue, Seelentréischter, Psycholoque, Infirmier,Soziologue... (Michele)
- Well ähnlech gelagert Härtefäll an anere Carrièren ëmmer schnell an zefriddestellend am Intérêt vun de betraffene Beamten geléist gi sin. (Ed)
- Unerkennung -a sief et nemmen finanzieller Natur- deet dem Ménsch gudd an steigert seng Motivatioun! Well -et gleewt een et kaum- och de Schoulmeeschter as nemmen e Ménsch. .. (Alain)
- Ech fannen, folgend Zitat erklärt ganz gudd déi schwiereg Aufgab vum Léierpersonal:
"Der Lehrer hat die Aufgabe, eine Wandergruppe mit Spitzensportlern und Behinderten bei Nacht durch unwegsames Gelände in nordsüdlicher Richtung zu führen, und zwar so, dass alle bei bester Laune und möglichst gleichzeitig an drei verschiedenen Zielorten ankommen." (Burk, 1995) (Chris) - well d'enseignanten eng eenorm responsabiliteit hun, an allen hinsiichten.(Fabienne)
- "Enseigner, c'est influencer une vie pour toujours..." (Fabienne)
- well mir de kanner net nemmen di basiskompetenzen bäibréngen, mee se och nach erzéien mussen (= sozial kompetenzen) (Claude)
- all daag de rôle vun enseignant, psychologue, infirmière, streitschlichter, elteren, nolauschterer zu gleicher zäit bei duerchschnettlech 13 kanner während puer stonnen appliquéieren ass net ohne! a wat fir engem anere beruff muss een sech gleichzäiteg op sou vill verschidden domainer opdélen, alles am greff hun, den iwwerbleck net verléieren, responsabel sin, total disponibel sin,...? e kand kann én net einfach op stand by stellen wéi en elektronesch gerät. (Kristina)
- well eng gudd Aarbecht éischter vun engem zefriddenen Enseignant kann geleegt ginn, wéi vun engem onzefriddenen (Frank)
- well mir mat eise Kanner net nemmen reng schoulesch Aktivitéiten maachen, mais hinnen och alt emol an eiser Fräizäit aner (virun allem sozial!) Wäerter bäibréngen, sou zum Beispill, wa mir mat hinnen Liesnuechten maachen oder zelte gin oder laang Projéen mat Ausflich maachen oder e Musical mat enorm ville Prouwen an Optretter!
--> an dat alles ausserhalb vun der Schoulzäit!
Wien valoriséiert dat eigentlech? (Chantal) - well mir eng riseg Verantwortung fir eis Kanner an hier Zukunft hun! (Chantal)
- Well mer fir den economeschen Wuesstum vum Land verantwortlech sin (Véronique)
- Well mettlerweil differenciert gett an firun joeren nach net (Laurent)
- Well mir emer méi Enseignant, Polizist, Psychologe, Psychiater, Assistant(e) social(e) a.s.w. spillen! (Y.T.)
- well mir nët nëmmen den Kanner eppes mussen béibréngen, mais och hinnen hëlefen hier familiär Problemer ze léisen. (Malou)
- D'schoul stellt ëmmer méi grouss ufuederungen un eis. Dëst ass eng permanent erausfuederung, deenen een sech net nëmmen an der regulärer schoulzäit stelle muss.D' Ministesch ass sech dat jo och bewosst! Also Mady, huel däi courage a béid hänn a pak deen däregen dossier endlech un! (Romaine)
- well et soss diskriminatioun ass! (Tom)
- well postsekundär an universitär Studien als solches sollen unerkannt gin
- well an der E3-carrière neischt virgesin as fir d'Unerkenneng vun enger 2.an 3.Zyklus-Weiderbildung op Master- an Doktoratsniveau (an ech gär mei Master unerkannt hätt!!!) (Georges)
- Well mir all Dag vill verschidden Funktiounen an onserer Klass assumeieren mussen ( Elterenersatz, Kummerkasten,Pädagog,Psycholog,Entertainer,...) an awer nemmen ENG Pai dofir kreien (Carole)
- et as ongerecht,dass Proffen fir manner Schaffen an quasi identesch Studien esou vill mei an der Pai hun (an warscheinlech nemmen well hir Gewerkschaft mei haart meckert)(Carole)
- Schoulmeeschter vu virun 50 Joer a Schoulmeeschter haut sin 2 Puer Schong:haut mussen mir ons mat villen aneren Problemer wei just nemmen Wessensvermettlung eremschloen, iert mir dann och nach dozu kommen (Carole)
- eise Beruf gett all Joer mei komplex a mei verantwortungsvoll;daat verlaangt vun ons mei Asatz,permanent Weiderbildung an vill Präparatioun well Schaffen mat verschidden Niveauen geet net vum selwen (Carole)
- well d`Schoul vill Nerven a Suergen kascht wann een et gudd wöll maachen an mir oft nuets nach Stonnen doriwwer grübelen wei soll ech dat besser man ?, gin ech mam Programm färdeg ?, wei soll ech dem Kand a sengen Elteren am Beschten hellefen?All des Iwwerstonnen gin net bezuelt,mee mir leeschten se trotzdem (Carole)
- waat mir an der Primärschoul de Kanner vermettelen a mat op de Wee gin, as de Grondsteen fir hir Zukunft an muss och deementsprechend gewierdegt gin, duerno as et ze speit (Carole)
- Well ech mat Leidenschaft mäi Beruff machen an den Kanner mat beschtem Wëssen an Gewëssen zur Verfügung stinn. (Martine)
- Well d'Augabenberäicher vun eisem Beruff ëmmer méi grouss ginn an et keng wirklech d'Unerkennung vun eiser Leeschtung gëtt. (Martine)
- Well ech mech verpflicht hunn all Kand sou gutt wéi méiglech ze fuederen an ze förderen an mech dofir ëmmer nees an Fro stellen an mech weider bilden. (Martine)
- Well ech ëmmer méi Pflichten operluecht kréien an nawell net méi Rechter hunn! (Martine)
- Well d'Léierin an den Schoulmeeschter dobaussen en schlechten Image hunn an deen och um öffentlechen Plang opgewärt muss ginn. (Martine)
- Well ech net nëmmen mäin Unterricht vir bereeden an halen, d'Progressioun vun mengen Schüler am Aa behalen, differenzéiert schaffen an ëmmer nei Weeër sichen, meng Schüler aktiv um Unterricht Deel huelen loossen,... mee och well ech "en équipe" mat mengen Arbechtskollegen schaffen, ech aktiv um Schouliewen an an rondërem d'Schoul Deel huelen, ech Elterenarbecht machen an si mat abezéien, ech mech ëmmer nees an Fro stellen an weider bilden, an schlussendlech well et mär wichteg dass all Kand sou vill wéi méiglech mat op säin Wee hëllt. (Martine)
- wëll mir och Unisstudien ,an nach méi Stoonnen an der Tâche a méi Fächer a Préparatiounen hunn wéi d'Proffen awer vill manner an der Täsch (...)
- well ofgeschlossen Studien mussen entspriechend hirem Niveau bezuelt gin (Aender)
- well een haut an enger Klass an all Haaptfach verschidden Programmer ugepasst un d'Schüler mecht (Aender)
- well et während dem Erklären a Léieren vill Kraaft kascht d'Schüler ze motivéieren an eng Atmosphär vu Léieren hiirzestellen (Aender)
- Et kann net sin, dat een selwechten Patron bei deenen engen Ugestellten eng Ausbildung unerkennt an bei deenen aaneren net. Schoulmeeschteren hun Bac + 3, lo suguer Unisausbildung, an dat muss berücksichtecht gin. (Monique)
- wëll wann daat esou ass, mir et einfach solle kréien. argumenter vu schaffen hin an hier - alles schéin a gudd. wann een eppes verdengt huet - da soll een et och kréien. (Marco)
- Well et alles dât wat d'Schoul zum Wuel vun eiser gemeinsamer Zukunft soll a muss leeschten, nët kann zum Nulltarif gin..... (Jim)
- ell mir fir all di verschidden Rollen, déi mir an eisem Beruff hun, wéi Schoulmeeschter /Léierein, Erzéier, Elterenersatz, Mediateur, Virbild, Uspriechpartner, personal Coach, ..... och grad esou vill Payen misste kréien (Corn)
- well d'Tâche vum Enseignant emmer mi komplex get an héich Ufuederungen un ee perséinlech stellt (Géraldine)
- well de Schoulmeeschterberuff an der Gesellschaft kee Stellewert mi huet; fréiher war de Schoulmeeschter ee vun deenen ugesinnsten Leit am Duerf an een, virun deem ee Respekt hat (Géraldine)
- Fir déi Momenter wou ech meng Problemer an der Schoul mat heem geholl hunn a meng eege Famill dat huet missen ausdrénken! (Mary)
- fir all meng Nuechten ouni Schlof, well ech gegrübelt hunn: "Hues du di Saach do richteg ugepak? Wéi kéins du et da besser maachen?" (Mary)
- Alles schwätzt vun Teamteaching an schaffen an Cyclen. Daat bedeit dass een sech mindestens 2 Stonnen Woch zesummensetzen muss fir daat ganz ze plangen. Och ass et erwënscht mei mat den Elteren zesummen ze schaffen. Och sollen mir differenzeieren. All daat verlangt vill Arbescht.
Et ass nemmen gerecht dass e Schoulmeeschter seng Formatioun ungerechend kritt wie all dei aner dei beim Staat agestellt sin. (Bob)
- well et och mol virkënnt dat ech mueres mam schlechte Fouss opstinn a mech ferm um Bidong rappe muss, fir datt meng Kanner an der Klass näischt dovunner matkréien. Si komme vir, meng "Etats d'âme" komme réischt no der Schoul un d'Rei! (Mary)
- Well ech all Dag nees nei theatralesch Kompetenze spille loosse muss, fir mäi Publikum ze motivéieren an ze begeeschteren (Mary)
- well mär, niewt eiser eijentlecher Oarbecht, esou vill Iwwerstonne maache wi soss keen, an dat ouni zousätzlech Rémunératioun (an där Iwerstonnen gin et der emmer nach méi a méi...), an dono eise Kapp nach net zur Rou kenne leen (Gaby)
- Well mer eis permanent weider gebild hunn, fier den Ufuerderungen vun der jeweileger Zäit gerecht ze ginn. (Marc)
- ell mer eis an der Vergangenheet vill dorëms beméiht hun eis Formatioun stänneg ze verbesseren. (marc)
- well mir heiansdo mat archaïsche Mëttelen eis Kanner (=Schüler) ob dës modern Welt virbereede mussen. (Mary)
- études supérieures = carrière supérieure (Yvy)
- well mer ons met vill Fangerstëtzengefill un d'Entwécklungen vun onser Gesellschaft upassen (Monique)
- Ech wollt um Ufank nëmme matt de Kanner lafe goën, fir de "Marathon" virzebereeden. Well ech awer esou schockéiert woar iwwert de schlechte kiirperlechen Zoustand vu ménge Kanner, gi mer elo all Woch 1 Stonn "trainéieren", dat heescht woarm maachen (Alafen, Spiller, Übungen, Stretching, Stäerkung vun der Rumpfmuskulatur), Laftraining (richteg Otmung, u Waasser a Kap denken, Lafstil,...), Reaktiounsleef a liicht Spréng,.... Mëttlerweil huet eng zweet Klass sech äis ugeschloss an d'Kanner maache gäre matt, och wa se extrem séier schlapp maachen. Ech maache selwer matt a garantéieren hinnen e spillereschen awer qualitativen héichwäertegen Basistraining. Ech mengen, datt déi meeschten Elteren net wëssen, a welchem schlechte kierperlechen Zoustand séch hir Kanner befannen. Stonnelaange Sëtztraining virum Computer an um Handy halen nun emol net fit. An eisem Fall iwwerhëllt d'Schoul hei nees emol eng Tâche, déi net esou virgesi woar. (Richard)
- well mir d'Kanner op hiert Liewen firbereeden (Délia)
- well den éischte Kontakt fir Elteren a Kanner zur Schoul villes am positiven Sënn fir d'Zukunft kann veränneren (Martine)
- well mer e Qualitéitsstudium hunn an eng Qualitéitsaarbecht leeschten (Marie-Rose)
- well dat nëmme gerecht ass (Marie-Rose)
- well et mat deem neien Indice nach méi schwéier gët, d'Klassen de Besoin'en no mat qualifizéiertem Personal ze besetzen. (Dan)
- well d' Kanner Zukunft sin ! (Claude)
- QUOUSQUE TANDEM, PATRIA, ABUTERIS PATIENTIA MAGISTRORUM ? (Ed)
- well mir net méi Loscht hunn Klenschen drécken ze goe fir op enger neier Plaz gewielt ze ginn (Christian)
- well d'Enseignanten nach ëmmer e Motor vun kulturelle Liewen an hiren Dierfer sinn (Heng)
- well mir d'Jeunesse fir d'Zukunft ausbilden (Marie Jose)
- well mir ons selwer permanent weiderbilden (Marie Jose)
- well mir "alles" mussen kennen, an emmer de beschte wee musse fannen (Marie Jose)
- well mir net op d'Auer kucken an oft mei wei 40 Stonnen d'Woch schaffen (Marie Jose)
- well och d'Politik sech endlech muss bewosst ginn, dat den Alter vun der Primärschoul déi wichtegst Phase an der Entwécklung vun de Kanner ass, a ir duerfir och an Zukunft nach nei engagéiert Leit an eiser Schoul brauchen (Philippe)
- well mir et solle faerdeg brenge mat schlechtem Material an net ugepasste Bicher a sozial an intellektuell schwaache Milieuen perfekt Schoul ze halen (Carel)
- well ech mech beméien, an engem net ëmmer gerechte Schoulsystem awer nach gerecht ze si mat de Kanner. (Georges)
- well vill Leit sech hautdesdags net mei fir eisen Beruf entscheeden, well en emmer mei komplex gett an et dann "mei einfach" ass an engem Buro ze schaffen no der Première an direkt schon eppes ze verdengen wei nach 4 joer ze studeieren fir dat selwecht dono ze verdengen (Daisy)
- well mir d'Erzéiung dei dohemm oft feelt an der Schoul mussen nohuelen (Geoffrey)
- well ech all Joer deeglaang mat menge Schüler um Ausfluch ënnerwee sinn, do 24 Stonnen als Animateur, Guide, Erzéier an Organisateur an Asaatz sinn, owes d'Kanner an d'Bett léë an duerno an engem schlechte Bett schlofen, mir dobäi als Verantwortlechen stänneg Suergen iwwert d'Sécherheet vun de Kanner maachen, duerfir och nach bal nie e Wuert vu Merci vun den Elteren héiren hunn a fir den Asaatz keng Sekonn Iwwerstonnen bezuelt kréie, mee mir nach d'Remarque gefale loosse muss, wat ech eng Chance hätt während der Aarbechtzäit an d'Vakanz ze fueren. (John)
- well ech als Autodidakt geléiert hun déi nei Technologien sënnvoll am Unterrricht anzesetzen (Caroline)
- well ech mir och net ze schued si fir zesumme mat de Kanner de Klassesall unzesträichen (Cathi)
- well ech mir ëmmer Gedanken iwwert d'Kanner maachen a net um 6 Auer Feierowend hunn (Marie-Jeanne)
- well ech duerch meng Ausbildung capabel sinn fir all Fächer ze ginn (Pit)
- Well mir d'Zukunft vu muer zu engem groussen Deel matprägen an während de Schoulstonnen méi wéi 100% präsent musse sinn (Joelle)
- well ech d'Flemm hu bei politesche Sonndesrieden ze héiren, wéi engagéiert mir eis Aarbecht maachen, awer bei der Carrière schéngt dat net ze gëllen (Georges)
- well ech net eng Säit no der anerer am Buch ofrackeren, mee de Kanner hire Besoin no probéiren ze diffenzéiren (Marie-Josée)
- well mir als Comité de Cogestion eis ëm d'Gestioun an der Weiderentwécklung vun der schoul këmmeren (Guy)
- well ech d'Evaluatioun net op d'liicht Schëller huelen (Carlo)
- well a menger Klass Kanner vu 8 verschiddenene Nationalitéite mat 7 verschiddene Mammesprooche sinn, déi all e Recht op déi bescht Bildung hunn (Isabelle)
- well d'Autoritéit vun der Schoul a vun den Enseignanten vun der Politik futti gemaach gouf. (Simone)
- well all pädagogesche Slogan, dee no ville Joren endlech säi Wee bei eis fonnt huet, vun eis Enseignant um Terrain ausprobéiert muss ginn (Claude)
- well well et mir net duer geet fir d'Kanner nëmme fir den Aarbechtmaart virzebereden (Jean-Claude)
well ech mech dauernd wëll a muss weiderbilden fir dene groussen Usprech gerecht ze ginn (Paul) - well déi ganz Laascht vun der Orientatioun nom 6. Schouljoeren alleng op mengen Réck leie bleiwt (Romain)
- well mir déi Kanner aus de sozielschwaache Milieuë besonnesch um Härz leien (Michel)
- well ech ëmmer méi Krempes hunn, fir meng televisiounsgeschiedecht Kanner Méindes Moies ze motivéiren (Patrick)
- Well ech Kollegen a Kolleginne gesinn hunn, déi duerch onfair Behandlung an am Stach gelooss ginn d'Handduch hu misse werfen... (Gilbert)
- Eis Aarbcht get ëmmer méi usprochsvoll, mat méi Responsabilitéit verbonnen, d'Studien gin ëmmer méi laang, dat muss honoréiert gin! (Joe)
- well mir laang Joren no der Première op d'Schoul gaang sin, an eis nom Modell life-long-learning ëmmer weiderbilden, fir mat den Elteren eens ze gin an d'Kanner op héchstem Niveau ze ënnerriichten (Lydie)
- well mir mussen zaubere kënnen, fir datt aus alle Kanner, vun deene verschiddenste Borden, Kulturen a Sproochen, responsabel an an d'lëtzebuerger Gesellschaft integréiert Bierger kënne ginn (Remi)
- well mer léieren, bewärten, rattrapéieren, sanktionéieren, selektionéieren an trotzdem net schizophrén dobäi gin. (Mariette)
- well mer alles musse kënne, mee an näischt respektéiert gin. (Suzette)
- Wëll vill vun de Schüler musse geléiert gin ze lauschteren an nozedenken, dat war nach ni einfach mee an der Zäit méi héich kotéiert. (Martine)
- well mer dat musse in wat am Secondaire kee méi kann, een Allroundgénie. (Sandy)
- Wëll mir et méiglech maachen Sproochbarièren z'iwerwannen. (Aloyse)
- Well mir déi eenzeg professionell Kräfte fir eng Integratioun vun alle Kanner an d'Gesellschaft vu mar ze garantéieren... (Gilbert)
- Well eis eege Kanner keng Loscht hunn, Schoulmeeschter oder Léierin ze ginn, wa se gesinn, wat op se duer kënnt. (Gilbert)
- Well am Plan d'études mat manner Schoulstonnen ëmmer méi Inhalter bäikomm sinn.. (Michèle)
- well ëmmer méi Saachen vun ons verlaangt gin: eis Gesellschaft gëtt ëmmer méi komplex, et kommen ëmmer méi Erausfuerderungen op ons duer: Mir mussen villen Aufgaben mateneen gerecht gin an spezifesch op all Kand seng Besoin'en agoen an dat ass net ëmmer einfach. Dozou kënnt, dass een oft d'Gefill huet, dass d'Elteren vun de Kanner net hannert engem stin. (Sylvie)
- De Schoulmeeschter waart schons ganz laang op eng Unerkennung net nëmmen a Wieder! (Nico)
- well weder d'Studien um IP, nach eis 3 Joer Héichschoulstudien unerkannt ginn, an mir kréie just eis Première ugerechent (Marc)
- well d'Erzéiunug vun de Kanner an der Schoul emmer méi wichteg gett (Claire)
- AN SOSS GEET ET.!??? (Population Bettendorf )
- well mer den immigrantenkanner an rekordzait eng nei sprooch beibrengen an se an eis schoulen integreieren (Danièle)
- well mir emmer méi Verantwortung an der Erzéiung vun eise Schüler mussen huelen an dobaussen emmer manner respektéiert gin,wat sech jo och an eise Gehälter eremspigelt. (Michèle)
- well mir eise Schüler ee villsäitegt "Wëssen" vermëttelen! (Yves)
- well dem Enseignant vun alle Säite kritesch op d'Handwierk gekuckt gëtt an dobäi héichsten Erwaardungen an e gesat ginn (Raphaël)
- well vill Gespréicher an Opfuederungen néideg sinn, fir déi Schüler dach nach zum Matschaffen an -denken ze beweegen, wou d'Elteren net hannert eis stinn (Raphaël)
- well Verantwortungen aus dem Elterenhaus un den Enseignant weidergereescht ginn, ouni him awer d'Mëttelen zur Verfügung ze stellen, se duerchzesetzen (Raphaël)
- Well et ëmmer méi schwéier gëtt, de Beruf auszeüben, well ënnert aanerem d'Elteren nemmei sou hannendru stinn, wéi fréier (Laurence)
- well mir de Kanner an 3 Joer 2 Sprooche bäibrenge mussen (Marie)
- well mir säit ville Joer duerch eisen Asatz e marode Schoulsystem um Fonktionnéiren halen (Patrick)
- well mir d'Reforme ënnerstëtzen, déi eise Schoulsystem weiderbrénge kënnen (Christian)
- well mir net nëmme un d'Vakanzen denken (Jean-Paul)
- well mir eis ëm dat Wichtegst këmmeren, dat eis Gesellschaft huet: eis Kanner (Jos)
- well mir ëmmer méi Aufgaben, déi eis Gesellschaft nët méi packt, iwwerhuëlen sollen/mussen. (Education à la paix, réajustement de l'enseignement des langues, educ. à la santé, des médias, à l'égalité des chances, contre la violence, à la tolérance, culturelle, interculturelle, sportive, contre les drogues, pour le respect d'autrui et de la nature ...) (Lyne)
- well mier vill méi sinn wei "nemmen" en Här Lehrer oder eng Joffer, mee oft déi sinn, un déi d'Kanner sech wenden, wann se Problemer hun (Isabelle)
- well ech a menger 26-jähreger Carrière an der Schoul schon d'Arbecht vu Léierin, Sozialarbechterin, Psycholgin, Infirmière, Mamm, Seelsorgerin, Affekotin, Médiatrice ....... gemach hun (Sylvie)
- well den Enseignant schlussendlech déi staatlech garantéiert Bildungs- an Erzéihungsaufgab Dag fir Dag erfellt (Luc)
D'Kanner sinn "anscheinend" eis Zukunft.
Fir eng sécher Zukunft, brauchen mir also gudd ausgebildten, kritesch, mundech, sozial, ... Erwuessener.
Wen, wann net d'Enseignanten, probéieren denen Zieler all Daag an hierer Aarbecht méi nozekommen.(Tanja)- well eisen Beruf net nemmen aus 23 Unterrechtsstonnen besteet, mee vill, vill méi dohanner stécht!(Ralph)
- well: "to teach is to touch a life forever!" (Véro)
- well ëtt ëm d'Dignitéit an de Respekt vum Enseignant geet, deen vun der der Politik, sénger Hiérarchie an der Gesellschaft déconsidéréiert gëtt. (Georges)
- well den Enseignant all Messtänn an sénger Ausbildung akzeptéiert huet ouni ze mucksen (Anne)
- well d'Wichtegkeet an d'Schwieregkeet vum Beruff an eiser Gesellschaft sollen unerkannt ginn (Claudine)
- well ganz vill Enseignanten, nierwt der Schoul, staark engagéiert sin an der Betreiung vun Kanner an sportlechen, musikalechen, oder aneren kulturellen Aktivitéiten. (Marc)
- well all Kanner "à besoins spécifiques" vu lenks a vu riets eng perséinlech psychologesch, soziologesch, medezinesch .. besser bezuelten Ënnerstëtzung kréien, den einfachen Enseignant duerf och déi selwecht Kanner a senger Klass op mannst 8-10 Stonnen intégréieren an déi nemmlecht Kompetenze vermëttelen ouni Supplément an der Pei (Marc)
- well nemmen motivéiert Leit eng gudd Aarbecht leeschte kënnen, an de Beruff och nach an Zukunft Spaass mache soll.(Manuela)
- well den Enseignant Villes muss riichtbéien, wat duerch eis schnelllebig Gesellschaft bei de Kanner schief leeft (Nadine)
- well mer fir ëmmer méi Schüler d'Aarbecht vun den Elteren mussen mat iwerhuelen (Sabine)
- well ech déck d'Flemm hun, den Hennes an der Gehälterstruktur vum Staat ze sinn (Pit)
- well ech wëll, dat mäi Beruff an der Zukunft och nach attaktiv bleift (Tom)
- well mir mat Kanner mat total verschiddene Besoin schaffen (Marc)
- well eisen Asatz an der Schoul respektéiert soll ginn (Pol)
- well eis Schüler ëmmer méi wäit éwech vun der Schoul rutschen an dofir émmer méi schwéier fir eppes ze interesséieren sin an bei der Staang ze halen sin (Gilles)
- well déi joërelang Weiderbildung op privater Initiativ och belount soll ginn (Luc)
- De Schoulmeeschter huet eng wichteg Sozialfunktioun, déi iwer d'Zukunft vun eisem Land décidéiert.(Thierry)
- well ech der Meenung sin dat ech déi richteg Fra op der richteger Platz sin (Véronique)
- well d'Orientéierung vun onse Schüler am 6. Schouljoer ons schloflos Nuechten bereed (Monique)
- well e ëmmer méi schwiereg gëtt den Ufuerderunge vun de Kanner gerecht ze ginn (Patrick)
- well et méi schwiereg ass d'Kompetenzen un d'Schüler ze brengen wéi op de Pabeier (Martine)
- well et ëmmer méi Krämpes kascht de gesellschaftlechen Optrag un d'Schoul z'interprétéieren (Marco)
- well ons Kanner männlech a weiblech Viirbilder brauchen (Guy)