Schoulsportdag - E puer Bemierkungen...

12.09.2003

Den 2. „traditionellen“ Schoulsportdag huet kuerz virun der Vakanz stattfonnt. Schon laang Woche virdru sinn eis Inspekteren duerch d'Land geschwäermt an hu mat méi oder manner Drock „Reklamm“ fir deen Dag gemaacht. All Schoul huet misse matmaachen, d'Direktiv koum direkt vun der Madame Minister. Den Datum wor virgeschriwwen, alles obligatoresch, richteg offensiv, no escape. Diskussiounen iwwert Sënn, Notzen oder Datum dierften net méi gefouert ginn .

Soe mer et gläich. Et ass absolut ze begréissen, dat endlech eppes fir de Schoulsport gemaacht gëtt. Et muss bestëmmt keen iwwerzeegt ginn, dat an eiser moderner Sëtzgesellschaft, wou d'Fussballspillen an d'Vëlosfueren op der Strooss a villen Dierfer liewensgeféierlech sinn an déi vill Meedercher a Jongen hir Zäit viru groussen a klengen Ecran verbréngen, dem Schoulsport eng nei Bedeitung zoukënnt, deen een a fréieren Zäiten net onbedéngt hat. Et geet, an dat huet jidderee verstanen, net drëm fir d'Kanner op Leeschtung ze dresséieren, mä si mussen d'Freed un der Bewegung an um kierperlechen Effort vermëttelt kréien. Och elementar Bewegungsofleef si bei ville Kanner net méi automatesch do. Lafen, Ballwerfen an Opfänken, esouguer rolze musse vill Kanner fir d'éischt mol léieren.

De Schoulsport ass a bleift nach ëmmer ee vun de Suergekanner vun eiser Schoul. A besonnesch an No-PISA-Zäiten, och wann de Schock esou lues a lues ofkléngt a Lëtzebuerg säi bekannten a berouegenden Train-train méi oder wéineger rëmfënnt, ass ze fäerten, dat besonnesch de Schoulsport ëmmer méi ze kuerz kënnt. De Schoulsport huet leider hei am Land, an der Primärschoul, nach ëmmer keng Lobby. Duerfir ass all Initiativ fir de Schoulsport ze begréissen der Wäert ënnerstëtzt ze ginn. Ganz positiv ze bewäerten ass och, dat d'Formation Continue ganz am Zeeche vum Sport stoung. De Schoulsportdag huet absolut seng Berechtegung; a wann et nëmmen ass fir Kanner, Elteren an natierlech och Enseignant fir de Sport ze sensibiliséieren .

An awer brauch de Schoulsport eng nohalteg Ënnerstëtzung an Opwäertung, an der Schoul an an eiser Gesellschaft. A wéi soll een da bewäerten, dat op der enger Säit zwar en eenzelne ganzen Dag an der Schoul am Zeeche vum Sport steet, wat jo éischter als Signal a Publizitéit ze verstoen ass, an op der anerer Säit d'Madame Minister ganz kloer gesot huet, dat eng 3. Turnstonn net a Fro kënnt. Och am Uewergrad vum Primär sinn nëmmen 2 Stonne Sport an der Woch virgesinn. Woubäi 2 Stonnen täuscht: et sinn 2 Unitéite vun 50 oder 55 Minutten an den Déplacement an den Turnsall an d'Zäit am Vestiaire musse meeschtens och nach ofgerechent ginn

Op de Fait, dat a ville Gemenge pädagogesch net qualifizéiert Leit besonnesch am Sport agesat ginn, soll hei net weider agaange ginn. Et seet awer vill aus iwwert de Stellewäert vum Sport an der Schoul, bei de Politiker an an eiser Gesellschaft.

A wéi steet et mam Stellewäert vum Sport an der Formation Initiale um ISERP? Do leeft de Sport niewelaanscht. A laut Rapport vum Yves Picard ass eng grouss Majoritéit vun de Studenten net interesséiert an mol net bereet fir de Sport an hirer spéiderer Carrière selwer ze halen a si hunn elo schonns Wëlles sech déchargéieren ze loossen. Hei muss op jidder Fall den Hiewel ugesat ginn. Huet de Schoulsportdag och en Impakt op den ISERP an op d'Motivatioun vun de Studenten?

De Schoulsportdag kritt an der momentaner Diskussioun iwwert dat neit Schoulgesetz awer nach eng vill méi grouss Bedeitung an ass do och richtungsweisend fir d'Zukunft.

An deenen allermeeschte Schoulen ass et Traditioun fir eng Rei Manifestatiounen, op sportlechem a kulturellem Plang, niewent dem normale Schoulbetrib ze organiséiren. Déi motivéiert Kollegen aus enger Schoul sëtze sech ausserhalb der Schoulzäit zesummen an organiséiren. Si kucke fir Raimlechkeeten a Material ze reservéieren an erbäi ze kréien, an d'Leit fir ze hëllefen ze mobiliséieren. Dobäi ginn d'Veräiner, d'Geschäftswelt a jiddereen de kann hëllefen ugeschwat. Natierlech mussen déi lokal Contrainte respektéiert ginn. D'Enseignant jugéiere selwer wat an hirem Duerf méiglech a fir hir Schoul sënnvoll ass, a wat déi beschten Zäit fir hir Organisatioun ass.

Beim Schoulsportdag ass dat anescht. Den Dag ass festgeluegt an et muss een et zouginn, leider net besonnesch gënschteg. Wann d'Sportshale vun de meeschte Schoulen iwwert d'ganz Woch gläichméisseg ausgelaascht sinn, sou ass et dach dacks kaum sënnvoll méiglech fir an engem Moien all d'Kanner an der Sportshal „ze beschäftegen“. Mir mussen also de Schoulhaff an d' Wiss virun der Schoul mat abezéien, an do ass am Abrëll d'Wieder e Risiko. Vill Schoulen hunn also proposéiert fir den Dag méi spéit ze leeën, fir dem Risiko aus de Féiss ze goen, mä dat schéngt leider net méiglech. D'Inspekteren, am Numm vun der Madame Minister, bestinn op den 3. Abrëll. Dass et do schwéier ka si fir Leit a Veräiner ze mobiliséieren, spillt leider och keng Roll. Kuckt dat dir eens gitt!

E richtegt praktescht Konzept fir de Schoulsportdag ass am Fong net ze erkennen. Am Numero Spécial vum Courrier de l'Education si vill schéi Photoe vum Schoulsportdag vun e puer Schoule vum lëschte Joer, mä soss kaum Hëllef fir d'Organisatioun. A wat déi sportlech Infrastrukturen an den Dierfer méi schappeg sinn, wat d'Organisatioun méi komplizéiert a wiederofhängeg gëtt.

Elo stellt sech d'Fro: wien organiséiert de Schoulsportdag? Am Prinzip fanne sech a praktesch all Schoulen e puer oder méi idealistesch engagéiert Enseignant, déi d'Initiativ bei der Organisatioun vun esou spezielle Manifestatiounen iwwerhuelen, hir Kollege motivéieren an dacks vill Energie an Zäit investéieren. Dat gehéiert zum Job vum Enseignant an et ass dacks beandrockend wat an de Schoulen ob sportlechem a kulturellem Plang als para- a périscolairen Aktivitéiten zustane kënnt.

Mä komme mer zréck zum Schoulsportdag. Wien ass dann elo de responsabelen Organisateur an der Schoul vum Schoulsportdag? Et kënnt ee sech jo virstellen, dat den imposéierten Datum an d'Form keen Enseignant vun enger Schoul usprécht a keen d'Initiativ iwwerhëlt. Aha, elo hu mer et jo. Mir brauchen en Direkter, an der Schoul - et kéint een en och „Responsable d'école “ oder vläicht méi modern „Administrateur“ nennen. Elo ass et vill méi einfach. Den Administrateur kritt d'Direktiv an hie këmmert sech drëm fir et ëmzesetzen. Hie leet eng „Réunion de Service“ fest a kuckt dat d'Charge verdeelt ginn. E Matsproocherecht, op d'Organisatiounsform oder den Datum huet hien net. D'Kollege scho guer net. A wann dat klappt, wouvunner ee jo kann ausgoen, da kënnen iwwert dee Wee vill Direktiven ëmgesat ginn. Dovunner kéinte jo och d'Gemenge profitéieren. Eng kleng „Note de Service“ un den Administrateur a schonns muss dat an der Schoul ëmgesat ginn. A wat seet de Comité? Reklaméieren a ruspetéieren ass erlaabt. Bei der Gemeng intervenéieren, beim Inspekter; mä leider - Direktiv vun uewen.

Dat kann dach och den anere Wee funktionéiren. Nom Schoulsportdag gëtt e klenge Rapport vum Administrateur gemeet. Ween huet matgemaach oder net matgemaach? Sinn d'Direktiven ëmgesat ginn? Den Administrateur gëtt gebraucht als weidert Riedchen an engem rigide Kontrollmechanismus, dee mir an der Schoul vun der Zukunft net brauchen! D' Schoulen an d'Enseignant brauchen eng richteg Autonomie, wou den ausgebilte Pädagog selwer Décisiounen treffe kann an dofir och seng Responsabilitéit iwwerhëlt.

Et schéngt an der aktueller Logik vun der Schoulpolitik ze leien, fir en hierarchiséiert System vum Minister iwwert den Inspekter op de Schoulmeeschter opzeriichten. De Schoulmeeschter gëtt reduzéiert op een einfachen Exekutant. An hie schafft am selwechte System an autoritaire Strukture mat eise Kanner. Solle mir eis Kanner an engem autoritaire System zu mündege Bierger erzéien. Sollen Enseignant, déi keng Matbestëmmung, keng Autonomie, keng pädagogesch Fräiheete kennen eis Kanner dozou brénge fir selbststänneg ze schaffen, Responsabilitéiten ze iwwerhuelen, léire sech selwer ze évaléieren?

Awer och d'Gemengenautoritéite kréien d'Méiglechkeet sech nach méi direkt iwwert dësen neie Wee an de Schoulsystem anzemëschen. Den Administrateur steet als Riedchen tëschent op der enger Säit dem Ministère, dem Inspekter an de Gemengenautoritéiten an op der anerer Säit, senge Kollegen. Wou kënnen d'Enseignant do hir Responsabilitéiten huelen. Wéi wëll den Administrateur dat geréieren? Sinn net a ville Gemengen d'Comité de Cogestion gegrënnt ginn, fir dës Situatioun ze évitéieren?

Hale mir als Conclusioun zréck, dat den SEW all Engagement am Sënn vum Schoulsport begréisst. Mir verlaangen awer nohalteg Impulser, wat d'Infrastrukturen, d'Personal an d'Wichtegkeet vum Schoulsport ugeet. Mir sinn och net averstanen, dat e Schoulsportdag, fir dee kee praktescht Konzept ze erkennen ass, einfach imposéiert gëtt an domatter, an dat schéngt dat traditionellt beim Schoulsportdag ze sinn, den Enseignant erëm de schwaarze Péiter zougeschoustert gëtt wann et net klappt oder eng zimlech lächerlech Veranstaltung an hirer Schoul stattfënnt.

p.a.