Nº 2304 Retenues (15/02/2008 Robert Mehlen) Q/R

HÄR President,
Esou wéi d'Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Ufro un d'Madame Minister vun der nationaler Erzéiung welderzeleeden: .
" D'Schoulgesetzgebung gesäit fir, datt Schüler déi géint d'Schouluerdnung verstoussen, mat verschiddenen disziplinareschen Moossnamen bestroft kënne ginn. Dës Strofen reechen vu Retenuen iwwer zäitweilegen Ausschloss vun de Couren bis zum Schoulverwais.
Ouni d'Retenuen als sollech a Fro ze stellen, stellen sech an der Applikatioun dach awer en etlech Froen. Ass et zum Beispill pädagogesch sënnvoll, wann e Schüler, dee während dem Unterricht just "geknetscht" huet, an enger Retenue dozou "verdonnert" gëtt, all Knetsch, deen ënnert de Schouldëscher pecht, ewech ze maachen? Oder daerfe Schüler ganz allgemeng eng "Botzretenue"
operluecht kréien, och wann hir Verfehlung mat der Propretéit am Schoulgebai naischt ze dinn huet?
Duerfir géif ech Iech garen dës Froë stellen:
~ Gëtt et Direktiven vum Ministère, wéi bei Retenuen ze verfueren ass, oder ass dat der jeweileger Schoulleedung iwerlooss?
- Däerfen iwwerhapt "Botzretenuen" ordonnéiert ginn, a wa jo, missten déi nët Irgendwéi am Zesummenhank mat der betreffender Verfehlung steen?"
Mat déiwem Respekt,
Roby Mehlen
Deputéierten
Parlamentaresch Fro Nr. 2304 vum 15.02.08 vum honorablen Deputéierten Roby Mehlen un d'Madame Minister vun der Nationaler Erzéiung.
Ech hunn d'Éier fir folgent Antwert op Ar Fro ze ginn:
Am Gesetz vum 25. Juni 2004 iwwert d'Organisatioun vun den Lycéeë ginn d'Retenuen am Artikel 42 bei den disziplinaresche Moossnamen opgezielt.
Eng Retenue ass no den normale Schoulstonnen. E Surveillant ass do, an de Schüler muss eng Aufgab oder eng Aarbecht maachen. Dës Aufgab oder Aarbecht kritt hien an der Regel vun deem Professer, deen him d'Retenue ginn huet.
Déi Aufgab oder Aarbecht soli eng Relatioun hu mat der Ursaach vun der Retenue. Eng llBotzretenue" ass also ubruecht, wann de Schüler eppes verknascht huet.
Genee Direktiven iwwert de Typ vun esou enger Aufgab oder Aarbecht ginn et net. Dat ass der Appréciatioun vun den Enseignanten an der Direktioun iwwerlooss.
Sollten d'Eltere, oder de groussjahrege Schüler selwer, mat enger Retenue net d'accord sinn, da kënne si beim Direkter reklaméiren, an zwar den Dag selwer, wou si informéiert ginn, oder den Dag dono.
Mady Delvaux-Stehres
Ministre de l'Éducation nationale et de la Formation professionnelle