Nationale Schoulsportdag

15.03.2002

Am Hierscht 2001 huet d'Madame Brasseur den 21. März 2002 zum Schoulsportdag erkläert. Et houscht, datt d'Madame Minister hire Servicer den Optrag gin hätt, fir e Konzept iwwert den Oflaf an déi méiglech Aktivitéiten virzebreeden, deen un d'Gemengen géif weidergeleet ginn.
Et ass sécherlech ze begréissen, datt dem Schoulsport vun offizieller Säit eng gewësse Bedeitung zougemooss gët, an dobäi séng Wichtegkeet fir d'Entwécklung vun eise Kanner ënnerstrach gët. An ët ass och richteg a wichteg ëmmer erëm (oder mol eng Kéier) eppes am Sënn vum Schoulsport z'ënnerhuelen an z'organiséiren.
Et kann een awer nët d'accord sinn mat der autoritärer Arrt a Weis, wéi hei virgaange gët !
- D'Delegéiert an de Buergemeeschter gin an engem Bréif, am Februar kuerz virun der Fuessvakanz informéiert, datt si dee Schoulsportdag mussen organiséiren. All Enseignant'en sinn z'implizéiren an dëss Organisation a sollen eppes op d'Been stellen.
- Och de Motto vun dësem éischte Schoulsportdag ass bekannt: Ët gët erënnert un dem Josy Barthel séng Goldmedaille iwwert 1500 m.
Do kéint ee jo dann an eise Schoulen e bësse lafen.
Méi Informatiounen sollten um Internetsite stoën. Dee selwechte Bréif geet och nach un d'Elterevereenegung a sollt iwwert de COSL och nach un d'Fédératiounen an Sportveräiner goën, mee dat wor zäitlech awer nët méi duer gaang.
Leider ass an deem Bréif kee Konzept z'entdecken wéi den Dag sollt, kënnt oder esouguer misst organiséiert ginn. Um Internetsite fanne mir nëmmen sënngeméiss eng Kopie vum Bréif an e puer schlecht Photoë vum Josy Barthel. Beim COSL hätt een och nach besser Photoë font. Eppes ass ganz däitlech, hei gët ët iwwerhaapt kee Konzept fir esou en Dag !
Wéi a kierzester Zäit den Delegéierten oder de Buergermeeschter esou eng Organisatioun mat der Hëllef vun allen Enseignanten op engem Donneschtemoien, mat Hëllef vun de Veräiner an den Elteren fir e puer Honnert Kanner an engem Turnsall op d'Bee stelle soll, gët een nët gewuer. A wann de Bréif un den Delegéierten adresséiert ass an hie quasi den Optrag kritt, fir all d'Enseignant'en z'implizéiren, gët hien do nët mam Directeur d'école verwiesselt oder gët probéiert ze beweisen, datt d'Primärschoulen en Directeur d'école bräuchen?
Méi praktesch Froën ewéi
- wien dat koordinéiert - d'Enseignanten hale jo dacks mol nach Schoul an hirer Klass ;
- wéi d'LASEP soll hëllefen - den Enseignant äus der LASEP ass och fir séng Klass responsabel a kann nët duebel hëllefen ;
- wéi d'Veräiner donnëschdes moies hëllefe kënnen - och déi hu Memberen, déi heiandsdo schaffe gin ;
- a wat een iwwerhaapt Sënnvolles mat alle Kanner vum Préscolaire bis d' 6. Schouljoer an engem Turnsall (a mir deelen eis d'Plaatz an d'Material) kann op d'Bee stellen;
gin do den Enseignant'en iwwerlooss. Dobäi riskéiert den 21. Mäerz och d'Wieder sech nët un d'Virstellunge vun eisem Unterréchtsministär ze halen, also kënnen Openair-Sportsinstallatiounen käum an der Organisatioun berücksichtegt ginn.
Et si wuel séier wéineg Schoulen, déi den Equipement an d'Organisatiounsstrukturen hunn, datt si an engem Dag sënnvoll sportlech Aktivitéiten fir all d'Kanner ubidde kënnen. Et ass sécher nët am Sënn vum Schoulsport, a kann och weeder Schüler nach Enseignanten fir sportlech Aktivitéiten motivéiren, wann e puer kuerz kleng Spillercher an der Sportshal oflafen.
Als SEW, den sech fir de Schoulsport asetzt, an och Member am Aktiounscomité vum COSL fir de Schoulsport ass, wire mir eis géint esou en autoritären Aktivismus, dien nëmmen zou engem Flop féire kann an eemol méi dobaussen als schlechte Wëllen a fehlend Motivatioun vun den Enseignanten interpretéiert muss gin. Hei gët ganz kloër den Enseignanten de schwaarze Péiter an d'Hand gedréckt, an dee sécher nët positiven Zoustand vum Patient Schoulsport gët nët verbessert.
Duerfir ënnerstëtzt den SEW déi Gemengen a Enseignanten, déi op esou eng nei Traditioun verzichten an hir traditionnell Sportsfester a Schoulsportsfester am Summer bäibehalen an doniewend sech d'ganz Joër iwwert fir de Schoulsport asetzen.
An mat dëser éischter an hoffentlech nët leschter Editioun vun dem Nationale Schoulsportdag soll dem Bréif vun der Madame Minister no, eng nei Traditioun gestart gin. Do kann een nëmmen hoffen, datt do keng Traditioun fir esou eng Form vun Organisatioune gebuer gouf.
Communiqué le 14 mars 2002
par le SEW/OGB-L, département primaire