N° 2167 de M. Robert Mehlen concernant Engagements futurs d'enseignants

11.12.2007

Lëtzebuerg, den 11.12.2007

Här President,

Esou wéi d'Chambersreglement et virgesait, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d'Madame Educatiounsminister weider ze leeden:

"Eng Etude vum Statec vun dësem Joer iwwer de Besoin u Wunnraum bis zum Jor 2020 geet an engem "scénario central" vun enger Populatioun vu ronn 505.000 Leit am Jar 2020 aus. Dat géif jo dann normalerweis och en entspriechend Zouhuelen vun der SchOlerzuel an aile Beraicher vum Bildungswiesen bedelten.

Virun dësem Hannergrond géif eeh gären dës Froen un Iech riichten:

1. Wéivill Léierpersounen sollen Aere Prévisiounen no jeweils an deenen nächsten 10 Joer agestallt ginn:

- am Préscolaire - am Primaire - am Postprimaire

2. Wéi gesidd Dir -virum Hannergrond vun dem héije Prozentsaaz vu schoullschem Echec bei eisem Nowues- d'Chancen, fir weiderhin genügend qualifizéiert Léierpersonal rekrutéiren ze kënnen?"

Mat déiwem Respekt,

Roby Mehlen Deputéierten




Luxembourg, le21 janvier2008

Parlamentaresch Fro Nr. 2167 vum 11.12.2008 vum honorablen Deputéierten Roby Mehlen un d'Madame Minister vun der Nationaler Erzéiung.

Ech hunn d'Éier fir folgent Ântwert op Ar Fra ze ginn:

1. No de Previsioune vum STATEC gesait d'Evolutioun vun eiser Populatioun a schoulflichtegem Alter ewéi an dësem Tableau aus, wou schonns déi Kanner déi an eng Privatschoul ginn erausgerechent sinn:
  Préscolaire Primaire
2008 10034 32770
2009 10129 32458
2010 10176 32201
2011 10014 32350
2012 10024 32089
2013 10046 31752
2014 10088 31594
2015 10155 31570
2016 10248 31698
2017 10371 31643
2018 10520 31801
2019 10693 32025
2020 10887 32321



D'Propositioune fir de Recrutement gi vun der Commission de planification op Basis vun engem fënnef Joresplang geholl .(Reglement vum 10 Abrëll 1994)

Op Grond vun deene Previsiounen an am Respekt vun der duerchschnëttlecher Klassegréisst, ass geplangt an deene nachste 5 Joer 99 Enseignanten am Préscolaire an 1474 nei Enseignanten am Primaire ze engagéieren.

Wat de Secondaire ubelaangt, gesait de Plan de Recrutement vun der Regierung vun 2007/2008 bis 2011/2012 am Ganzen 1.025 Postë vir.

2. Am lafende Joer hu sech 337 Kandidate fir de Primair an 135 Kandidate fir de Préscolaire ugemellt; dat sinn nach méi Aschreiwunge wéi an deene lëschte Joren. Am Secondaire hate sech 438 Kandidate fir d'Concours de Recrutement gestallt fir am Ganzen 175 disponibel Posten.

Opgrond vun de gudde Leeschtunge vun eise Schüler an den Ofschlossexame vum Lycée oder Lycée Technique gesinn ech och net, datt kee sech méi géif fir de Léierberuff interesséieren.

Mady Delvaux-Stehres

Ministre de l'Éducation nationale et de la Formation professionnelle