Conférence de Presse du SEW pour la rentrée scolaire

22.09.2006

Pressekonferenz SEW/OGBL



Message communiqué par Monique Adam, présidente du SEW/OGB-L pour la rentrée scolaire 2006/2007

"Wat ass d'Aarbecht vum Enseignant? Tâche vum Enseignant ass an der leschter Zäit vill an d'Diskussioun geroden: et koumen nei Aufgaben dobäi, Diskussioune mat den Elteren, Concertatiounen tëschent de Enseignanten a Bespriechunge mat Psychologen, Heilpädagogen, Éducateuren an anere Membere vun de multidisziplinären Équipen déi an onser Schoul schaffen, Tutorat, Remediatioun, Orientéierung, Détektioun vun ëmmer méi laange Lëschte vu spezifesche Léierschwieregkeeten bei eenzelne Schüler. All déi Aufgabe si wichteg well d'Schoul soll jo net méi déi Institutioun si wou alles duerch déi nämmlecht Mille gedréint gëtt. Allerdéngs gëtt bei der Opzielung vun der Vielfältegkeet vun der Aarbecht vum Enseignant oft eng Aufgab vergiess, déi vun der Reflexioun. Ëmmer méi hunn ech d'Impressioun wéi wann d'Reflexiounsaarbecht an onser Gesellschaft als e pure Luxus géif considéréiert gin. Alles gëtt ëmmer méi hektesch. Mir hetze vun enger Réunioun an déi aner, mir akkumuléiren Dokumenter. Och d'Lernfortschrëtter vun onse Schüler sollen dokumentéiert ginn, mee hu mer eigentlech nach Zeit fir se ze reflektéieren ? Mir wëssen alleguer wéi schnell et geet eng Aarbecht ze luewen oder och ze verwäerfen a wéivill Zeit et kascht eng konstruktiv Kritik ze machen déi souwuel sachlech interessant wéi och psychologesch motivéiert ass. Hu mir déi Zeit nach als Enseignant ? Hu mir nach d'Zeit eis Coursen esou virzebereeden, dat se vir ons Schüler motivéirend: egal op dat ee Cours Magistral, eng Projektaarbecht, individuell Aufgabestellungen oder wat och ëmmer ass. Ech gin nun mol dovun aus, dass Unterrecht haut zudaags vill verschidden Aarbechtsformen beinhalt. Awer bei all Aarbechtsformen misst den Enseignant optimal virbereet sin fir seng Schüler matzerappen, ze ënnerstëtzen, erauszefouderen, soss entsteet séier Demotivatioun beim Schüler a Burn Out beim Enseignant. Ëmmer méi bekloe mir eis iwwert de Motivatiounsmangel vun onse Schüler. Sécher kennt deen och vun doheem, och d'Elteren hunn oft net méi Zéit vir Problemer op de Fong ze goen. Et ass méi einfach zu allem jo an amen ze soen oder sech mächteg opzereegen. Et ass méi einfach dem Kand ee Computerprogramm ze kaafen fir d'Einmaleins ze léiere wéi sech e puer mol mat him zesummen dohinner ze set zen fir dat ze üben an eventuell ze kucke firwat dat net hänke bleift. Ech machen domatter den Eltere kee Virworf et geet hinne wéi den Enseignantë, och si loosse sech opfriesse vun all méiglech aneren Tätegkeeten. Wa mir also ëmmer méi demotivéiert Schüler an ons Schoule kréien a selwer esou iwwerfuerdert sin dat mir kee motivanten Unterrecht fäerdeg bréngen da brauche mir ons net ze wonneren dat net vill derbäi eraus kënnt. A wou solle mer ons Autoritéit hierhuelen wann net aus den Iwwerleeungen déi mir ons zum Lernstoff ewéi och zu deenen eenzelne Schüler gemat hunn. Et schéint mir immens wichteg dass Enseignantë fir d'Schüler eng Autoritéit duerstellen, eng Autoritéit déi se aus hirem Wëssen, hirer Erfahrung an aus dem sougenannte Luxus deen d'Zäit vir ze reflektéieren duerstellt, schöpfen. Soss brauche mir ons net ze wonnere wa vill Jugendlecher oder och manner Jugendlecher all méigleche Guruen op de Léim gin. Ech wollt des puer Iwwerleeungen un den Ufank stelle well ech mengen dass mer se musse bei enger Rëtsch vun aktuellen Diskussiounen iwwert Tâche oder och iwwert d'Ausbildung vun den Enseignante am Kapp behalen. Lo kann ech verstoen dat d'Madame Delvaux e Problem huet, e Problem dee si net verscholt huet an den och mir als Gewerkschaft net verscholt hu mee deen hir Virgänger hir agebrockt hun well se net genuch Enseignante rekrutéiert hunn. Dat ass ee grave Problem iwwert dee mir ons oft virkoum wie der Rufer in der Wüste well keen et wollt héieren. Lo schéint de Problem endlech erkannt. Awer d'Léisung kann op kee Fall heeschen Tâche vum Enseignant eropzesetzen. Ech mengen aus deem wat ech virdru gesot hunn ass däitlech genuch ze erkennen, dat déi misst erof gesat gin. Tâche eropsetze kann nëmmen heeschen en drastesche Qualitéitsverloscht akzeptéieren an dat wëllt ech de Schüler wierklech net zoumudden. Dir wësst et léit net an eiser Philosophie, mee et misst ee sech dann awer bal wierklech d'Fro stellen op een d'Schoul net besser hätt ofzeschaffen. Ech erënner just drun dat zu Berlin d'lëscht Schouljoer Enseignanten esou eppes proposéiert hunn. Mir mussen onbedengt méi Enseignante rekrutéieren an dat ass méiglech an zwar an alle Beräicher am Primär esou gutt ewéi am Secondaire an et muss een dofir och net d'Formatioun bradéieren. Ech mengen et gin nach wie vor vill Leit déi wëllen Enseignant gin mee oft verweigere mer hinnen den Zougang zur Formatioun dat ass esou am Secondaire wou duerch de Concours einfach ze wéineg Leit an de Stage Pédagogique erakommen. Si haalen zwar dann awer Schoul als Chargé de Cours just d'Ausbildung an en Deel Pai gëtt hinne verweigert. Op der Uni Lëtzebuerg ass et elo fir Chargé de Cours déi eng laang Expérience professionnelle a verschidden Deelformatiounen wéi de Certificat de Qualification hunn dës unerkannt ze kréien an an d'Formatioun eranzekommen. Mir begréissen des Mesure mee mir Kritiséieren dat dat do net méi bekannt gemat gouf. Et däerf dach net sin dass dëst nëmmen e puer Ageweite wëssen, soss kennt schnell de Verdacht op dass à la Tête du Client geschafft gëtt. Mir sin dat do des Woch gewuer gin an den SEW wärt sech schnellstméiglech bei de Responsabel vun der Uni informéiren wéi déi genau Konditioune sin fir dat all interesséiert kënnen dovu profitéieren. Et ass eppes wat mir ëmmer verlaangt hun well et 1. hëlleft d'Penurie ze léisen an 2. de betraffene Chargé de Cours eng Perspektiv op eng berufflech Carrière gëtt. Ech hoffen dass ech elo net erëm muss héieren d'Uni hätt d'Moyen net all Betraffen opzehuelen, hei ass d'Politik gefuerdert. Si musse kloer soe wat se wëllen. Déi Reformen déi d'Madame Delvaux an de Wee geluegt huet wéi d'Erstellung vu Kompetenzsoclen an d'Aféierung vun Zyklen déi e méi fräit a schülerzentréiert Schaffe sollen erméigleche sin eng wichteg Saach, mee si musse gutt duerchduecht gin wa se sollen um Terrain wierksam gin. Wat heescht dat dass déi Soclen sollen an 2/3 vun der Zéit erreecht gin wa mer wëssen dass tëschent engem staarke Schüler deen dat scho weess respektiv a kierzester Zäit eppes léiert an engem Schwachen dee blockéiert an Ëmweeër brauch heiansdo Welte leien. Wann d'Kompetenzsoclen net esou formuléiert gin dat se de Stress vum Programm ewech hunn an et eis erméigleche méi op den eenzelnen anzegoen dann ännere se näischt. Och huet et kee Wäert Cyclen anzeféieren an den Enseignante ze soe si misst sech awer un déi aktuell Manuellen hale well d'Quadratur vum Kreess brénge mir nach net fäerdeg. Dofir plädéiere mir vir kloer iwwerluechten Reformen déi mat den Acteuren um Terrain ofgeschwat Si. An deem Kontext muss ech och un d'Wichtegkeet vum Gesetz iwwert de Préscolaire a Primär dat heescht d'Reform vum Gesetz vun 1912 rappeléieren."

Photoe vun der Pressekonferenz

Monique Adam