Kee Krich géint den Irak
Den SEW seet e kloert « Neen » zu engem Krich am Irak. Den enormen Truppen a Materialopmarsch, ënnert der Leedung vun den USA an der Regioun vum Golf riskéiert eng Krichsmaschinerie auszeléisen, di eng diplomatesch Léisung vun dem Konflikt verhënnert.
D'Welt gëtt mat enger Eskalatioun an enger Spiral vu Gewalt konfrontéiert, ouni dat iwwerhaapt festgestallt a bewise gëtt, dat den Irak dat Geforepotential fir seng Nopeschlänner duerstellt, wéi dat di politesch Verantwortlech vun den USA
wëllen duerstellen.
Mir gestinn engem eenzelne Stat oder enger Supermuecht och net d'Recht zou, alleng iwwert Krich oder Fridden an engem Land oder enger Géigend ze bestëmmen. Fir de Fall, dat géint UNO-Resolutioune verstouss gëtt, huet och nëmmen d'UNO d'Recht fir iwwert Sanktiounen oder den Asaz vun anere Mëttel ze bestëmmen.
Den SEW ass géint all Form vun Terrorismus. Mir veruerteelen a schäerfster Form den Terror-Régime vum Saddam-Hussein am Irak.
Mir ënnerstëtzen all friddlech Mëttel déi gëeegent sinn d'Situatioun vun de Mënschen am Irak ze verbesseren an d'Anhalen vun den elementare Mënscherechter duerchzesetzen .
Mir stelle fest :
- e Krich géint den Irak ass vëlkerrechtlech net legitiméiert,
- dëse Krich, wéi all Krich, ass aus humanitäre Grënn ze verhënneren, well haaptsächlech d'Zivilbevëlkerung drënner ze leiden hätt,
- e Krich am Irak riskéiert di ganz Golfregioun ze destabiliséieren an et ass domatter ze rechnen, dat terroristesch Organisatioune verstäerkt Zoulaf fannen a parallel d'international Allianz géint den Terrorismus zesummebrécht.
Duerfir appeléiere mir d'Letzebuerger Politiker fir ganz kloer Positioun géint de Krich ze bezéien.
Den SEW fuerdert all Kolleginnen a Kollegen op um « weltwäiten Aktiounsdag géint de Krich » den 15. Februar 2003 matzemaachen.
Zu Lëtzebuerg fënnt eng grouss interregional Manifestatioun fir de Fridden a géint de Krich am Irak statt.
Rendez-vous ass um 15 Auer op der Gare zu Lëtzebuerg.
Mir si mat enger Banderole vum SEW am Block vum OGB-L derbäi