Keng Regularisatioun méi fir d’Chargéeën mat engem befristeten Kontrakt (CDD)?

Keng Regularisatioun méi fir d’Chargéeën mat engem befristeten Kontrakt (CDD)?
Eng ronn 1000 Chargéeën gehéieren zu den Enseignanten aus dem Fondamental an hëllefen schonn säit Joerzéngten den Schoulbetrib an der Riicht ze halen.
Vun deenen 1000 Chargéeën hunn ongeféier eng 750 ee festen Kontrakt. Eng ganz Rei vun deenen aneren Chargéeën kréien all Joer een befristeten Kontrakt (CDD), obschonn si schonn jorelaang gebraucht ginn. Oft geet d’Verlängerung vun dësen Kontrakter iwwer 3 Joer eraus.
D’Aarbechtsrecht seet awer, dass no der 3. Verlängerung vun engem CDD ouni Ënnerbriechung, den Schaffenden ee Recht op ee festen Kontrakt huet.
An deenen leschten zwee Joer konnten mir als Gewerkschaft am Dialog mat de Beamten aus dem MENJE desöfteren d’Situatioun vun deenen Chargéeën mat CDD regulariséieren. Säit dem Fréijoer 2020 feelt awer den politesche Wëllen, d’Chargéeën mat befristetem Kontrakt fest unzestellen.
De Landesverband huet sech um d’Me Razzak gewandt, déi schonn oft d’Cause vun den Chargéeën am Fondamental vertrueden huet, an esou konnten mir zesummen mat den betreffenden Chargéeën an der Affekotin eng Reunioun den 1. Oktober am Casino zou Bouneweg ofhalen. Hei huet d’Madame Razzak awer och nach eng Kéier erkläert, dass de MENJE oft den Objet vum befristeten Kontrakt geännert huet, obwuel déi betreffend Persoun näischt anescht gemaach huet, wéi enseignéieren. Den Patron ass esou net an der Pflicht ee festen Kontrakt auszestellen. Hei muss also all eenzel Situatioun vun den betreffenden Chargéeën analyséiert ginn.
Zum Schluss vun der Reunioun gouw festgehalen, dass d’Gewerkschaft Landesverband-SEW/OGBL zesummen mat der Me Razzak eng Entrevue am MENJE ufreet. Dëser Demande ass de Ministère nokomm, an esou ass den Datum vun der Entrevue op den 17.November 2020 festgeluecht ginn.
Isabelle Bichler