Covid-19: a keen Enn

Covid-19: a keen Enn
No dem Impfdebakel an de Mutatioune vum Virus, déi vun de Wëssenschaftler virausgesot goufen, ass jidderengem kloer, dass d’Pandemie nach fir eng länger Zäit eist Liewen dominéiert.
Den SEW/OGBL huet sech an de leschte Méint natierlech vill mat de sanitären a schoulesche Mesurë vum Educatiounsministère a mat de viraussiichtleche Konsequenze fir Kanner a Jugendlecher op schouleschem an och op psycheschem Plang ausenaner setze missen.
Parallel dozou koumen nach zwee ganz wichteg Dossieren dobäi.
D’APCCA/SEW/OGBL (Association u Personnel des Centres de Compétences et de l’Agence) zesumme mat ALEE, APPSAS, SLEG a SPEPS, ass endlech an de Verhandlunge mam Educatiounsminister. Nodeems déi nei Kolleg*innen an hire Kontrakt Verschlechterunge bei hirer Tâche octroyéiert kruten, soll d’Tâchë vun de Leit, déi an deenen eenzele Beräicher schaffen, definéiert ginn. Dat ass säit Jor verschleeft ginn. De Minister Meisch hat bei enger éischter Reunioun zwar ugekënnegt net a Verhandlunge goen ze wëllen. Nodeems d’Gewerkschaften Drock gemaach hunn, sinn déi Verhandlungen awer am Gaang an d’Tâche sollen an noer Zukunft an Aarbechtsgruppe festgeluecht ginn.
De Minister wollt vum Fokus vun de Gewerkschaften an der Ëffentlechkeet op d’Pandemie profitéieren, fir e weidert Puzzelstéck um Wee vun der Privatiséierung vun der ëffentlecher Schoul ze realiséieren. Hien hat sécherlech net mat esou engem massive Widderstand vun de Gewerkschaften an op de sozialen Netzwierker gerechent. Et schéngt wéi wann d’Campagne vum SEW (ënnerstëtzt vum ganzen OGBL) elo endlech den néidege Versteesdemech an eng Mobilisatioun bei Ëffentlechkeet an Enseignantë kritt.
Leider huet d’CGFP dem Kampf géint d’Privatiséierung an d’Aféierung vun Neoliberale Prinzippien an der Schoul e Bierendéngscht erwisen, wéi se d’Aktioun op de Gesetzesprojet vun der Nominatioun vu Lycéesdirekteren aus der Privatwirtschaft limitéiert hunn. Et geet hei net an éischter Linn an exklusiv drëms fir sougenannte Privileegie vu Staatsbeamten ze verdeedegen.
Natierlech ware beim Hearing vun der Petitioun géint d’Privatiséierung an der Chamber all Parteien an och de Minister unisono d’Accord, dass d’Schoul net soll privatiséiert ginn. Et ass trotzdeem ze erwaarden, dass no enger Zäit, wa sech de Widderstand erëm berouegt huet, nächst Schrëtt envisagéiert ginn. Hei heescht et weider waakreg ze bleiwen an esou Tendenzen direkt ze ënnerbannen.
Um Niveau vum Fondamental ass d’Zesummenaarbecht mat de Vertrieder vun de Chargé de Cours vum Landesverband/OGBL, déi scho säit Jore ganz intensiv funktionéiert, offizialiséiert ginn.
De Büro vum SEW/OGBL ass an de Casino op Bouneweg geplënnert, wou och d’FGIL e Büro besat huet. D’Lokal vun der FGIL um Kierchbierg bleift awer weiderhi bestoen.
Trotz Pandemie a méi schwieregen Aarbechtskonditioune waren d’Vertrieder vum SEW/OGBL an deene leschte Wochen a Méint immens aktiv.
Den Educatiounsminister, dee wéinst sengem Mangel un Dialogbereetschaft an Transparenz, ëmmer méi ënner Drock koum, huet an de leschte Wochen un der Kommunikatioun mat de Gewerkschafte geschafft. Mir sinn awer nach wäit ewech vun enger Kultur vun Dialog a Participatioun.
Den SEW/OGBL huet awer op alle Niveauen ëmmer erëm seng Bereetschaft signaliséiert fir konstruktiv matzeschaffen.