Joffer, wat heescht eigentlech Dialog?

Joffer, wat heescht eigentlech Dialog?
Ech hat dir déi leschte Kéier versprach, z’erkläre wat Dialog heescht. D’Wuert „Dialog“ kënnt aus dem Al-Griicheschen a setzt sech zesummen aus „diá“ (duerch) a „lógos“ (Wuert, resp. Ried), kann also interpretéiert ginn als „eppes duerchschwätzen“. Am Géigesaz zu engem „Monolog“ ass en Dialog, wann zwou oder méi Persoune matenee schwätzen, eppes „duerchschwätzen“.
D’Zil vun engem Dialog ass et, de Gespréichspartner mat anzebannen, déi eege Siichtweis duerzeleeën an dem Partner seng Siichtweis anzefroen. Da kann argumentéiert, agelenkt an diskutéiert ginn, et bleift ee virun allem oppe fir alternativ Handlungsméiglechkeeten. Dialog soll verstane ginn als Chance, zesumme Léisungen an domat gréisstméigleche Konsens ze fannen.
E klengt Beispill fir d’Theorie ze illustréieren: De Minister huet schonn e puer mol an der Press verlaude gelooss, dass hien am enken a reegelméissegen Dialog mat alle Schoulpartner steet an op si lauschtert.
Du hues Recht: et sinn dës Kontakter ginn. Dëst war och kee renge „Monolog“ vu Säite vum Minister, allerdéngs kann och vun „Dialog“ keng Rieds sinn - do sinn all d’Schoulpartner sech eens. D’Definitioun vun Dialog musse mer nämlech erweideren ëm e neie Begrëff, de „Scheindialog“. Dat ass wann een no baussen, entgéint de Fakten, d’Bild vun engem Dialog oprecht erhält. D’Schoulpartner (iwwregens mëttlerweil och d’Elterenvertrieder) schwätzen an der Tëschenzäit vu „Bildung am Scheindialog“.
De Minister huet am Hierscht, no Réckmeldunge säitens de Gewerkschaften, d’Mesurë vum sanitären Dispositif iwwerduecht an ugepasst. Do gesäit et also aus, wéi wann en Dialog zustane komm wier.
Mee hei stellt sech déi berechtegt Fro, ob dës Adaptatiounen opgrond vun den Interventioune vun de Gewerkschafte koumen, oder awer éischter opgrond vun dem wuessenden Drock vun den Elteren, der Press, de soziale Medien asw. D’Problemer ware fir jidderee siichtbar an net méi ze leegnen, sou dass hei eppes huet misse geschéien. D’Schoulpartner ginn also kontaktéiert an no bausse gëtt vu „Bildung am Dialog“ geschwat.
Mee souwuel hei wéi bei aner Punkten, déi no bausse manner siichtbar sinn, ass de Minister bis elo net op d’Virschléi vun de Gewerkschaften agaangen. Hien ass net mat hinnen an ee richtegen Dialog komm, vu dass hie keng aner Argumenter a Siichtweise gëlle léisst.
Ech ginn dir ee Beispill: d’Remplacementer an den Encadrement an der Schoul. An enger Pandemie missten dach all verfügbar diploméiert Enseignant’en elo prioritär um Terrain agesat ginn. Et si Lacunnen opzeschaffe vun dem leschte Schouljoer, a wéinst der sanitärer Kris ass d’Penurie beim Personal sou grouss wéi nach ni. De Minister geet net heirobber an, a stellt an der Tëschenzäit wéinst der aktueller prekärer Situatioun Leit als Surveillant an, déi mol kee Stage méi maache mussen. Dat ugekënnegt Aussetze vum PDS dogéint entpuppt sech als Dokumentéiere vun alle Schrëtt, vum Etat des lieux iwwer d’Bilanzéierung bis zur Formuléiere vun neien (oder alen) Ziler: D’Aussetze vum PDS ass also eigentlech en Ausschaffe vun engem neie PDS. De Minister huet drop higewisen, dass dat, am Kader vun der Evaluatioun vun de Fonctionnairen/Enseignanten, um Ministère vun der Fonction Publique leie géif. Wann een all Verantwortung vu sech weist, an domat net oppen ass fir alternativ Virschléi an am Konsens fonnte Léisungen, ass nees keen Dialog méiglech.
Beléierung an Zurechtweisung vu Säite vum Minister ersetze konstruktiv Gespréicher. Dat nennt een éischter ee Monolog.
Jo, et hu Gespréicher stattfonnt. Mee keen Dialog. Ënnert Dialog tëscht Partner versteet den SEW ganz sécher eppes anescht wéi de Minister Meisch. Ob et elo ze spéit ass fir d’Kéier ze kréien, mengs du? Ma nee, fir an ee konstruktiven Dialog ze kommen ass et ni ze spéit. D’Gewerkschaften hunn dem Minister schonn dacks hir Dialogbereetschaft signaléiert. Lo läit de Ball bei him.
Joffer Joëlle