Visiounen fir d’Schoul vun muar


De Schluss vun der Emfro huet deene Professionellen, déi all Daag um Terrain sinn an d’Situatioun, d’Evolutioun an d’Potential vun der Schoul am beschten kennen, d’Méiglechkeet ginn, hir Visioune fir d’Schoul vun muar ze äusseren.
Fir dëse Visioune gerecht ze ginn, ass et néideg, déi aktuell Situatioun ze artikuléieren, op hiren Uersprong an hir éventuell Folgen anzegoen, fir schlussendlech op Basis vun dëser Analys op eng méiglech Piste hinzedeiten, déi eng Realisatioun dovun erméigleche kinnt.
Wier de pädagogeschen Optrag vun der Schoul en Äisbierg, sou wieren déi sichtbar 10%, déi „operativ Kompetenzen“ vun de Schüler – also dat, wat si um Enn vun der jeeweileger Bildungsstufe solle fäheg sinn, ze machen.
Déi 90 % ënnert der Uewerfläch wieren deemno d‘Wëssen, déi Savoiren, déi Methoden, déi Denkprozesser, déi logesch Suiten…, déi Eegenschaften also, déi néideg sinn, fir déi sichtbar 10 % realiséieren ze kënnen.
Fir dass eng Verdéiwung a Festegung vun neie geléierten Elementer stattfannen kann, brauchen d’Mënschen Zäit an Rou: Eis Schüler brauchen deemno Rou. Och ënnerlech Rou. Si brauchen Auszäite vum hekteschen Alldag. Si brauchen eng Plaz, wou se sech konzentréiren a besënne kënnen. Si brauchen… d’Schoul.
D’Resultater vun der Ëmfro weisen op, dass bal 100 Prozent vun eise Kollegen, déi geäntwert hunn, gären an der Schoul sinn, gäre Schoul halen, den Ëmgang mat hire Schüler an hir Aufgabe als Enseignant schätzen.
Parallel ass net ze verkennen, dass de Beruff vum Enseignant an de läschte Joëre méi komplex ginn ass, méi vielschichteg, méi hektesch, méi problematesch. A souwuel an de Schoulen wéi och an den Directiounen an um Ifen fehlt et net un Iddien, wéi d’Léierpersonal dësen Ufuerderunge begéine kéinten.
Fir déi eng brauch et zur Bewältegung vun dëser Aufgab an Zukunft méi Ressourcen:
- méi Leit um Terrain,
méi kleng Klassen, - méi Support am Alldag,
- méi Hëllef bei Schwieregkeeten
- méi kloer Richtlinnen
- méi Spezialisten (méi Psychologen, méi Pédagogen, méi Logopäden, méi Orthophonisten, …)
- méi Digitaliséierung (méi interaktiv Tafelen, méi Ipad’en, méi App’en, méi Medien, méi Tutorials, méi Informatiksmultiplikateuren…)
- asw…
Fir déi aner brauchen et:
- méi Responsabilitéit an de Schoulen
- méi Autonomie an de Schoulen
- méi Rechenschaftspflicht fir d‘Schoulen
- méi Professionalitéit vum Enseignant
- méi Formatiounen um IFEN,
- méi Teambuilding an de Schoulen
- méi Supervisioun vun den Equipen
- méi Coaching vun eenzelnen Enseignante
- asw…
D‘Schüler brauchen awer net „méi, méi, méi“. Wéi uewen exposéiert, brauche si jo éischter Zäit, Rou, Tranquilitéit.
Wéi sollen d’Enseignanten dann mat ëmmer „méi“ dofir suergen, dass hir Schüler endlech „manner“ kréien?
Wat muss gemaacht ginn, fir dass déi Sérénitéit zeréck an d’Schoul kënnt, déi do esou wichteg ass?
Direkt falen engem eng Rei liicht ëmsetzbar Virschléi an:
- Yogamatten fir d’Konferenz
- E Gong statt eng Schell
- Räucherstäbercher um Gank
- Feng-Chui-conforme Klassesäll
- Concertatiounen, déi mat enger Minutt Méditatioun ufänken
- Domadder wier et da gedoen… oder ?
Dass d’Gesellschaft sech verännert ass net nei. A grad esou wéineg, dass Changementer Stress généréieren. Nei ass par contre deen aktuellen Trend, dass mëttlerweil op ville Platze propagéiert gëtt, dass geléiert muss ginn, dee Stress ze „managen“.
An der Tëschenzäit bidd den IFEN sëlleche Formatiounen un zu Stressmanagement, zu Achtsamkeit, zu Resilienz am Beruf, zu Gesondheetsbewosstsinn am Job. D’Enseignantë brauchen also elo scheinbar e Stress-coach, en Stress-supervisor, Stress-Indikatoren, e Katalog fir stressreduzéierend Methoden…
Eenzegen Hoken:
- Mat „méi“ erreecht een net „manner“.
- Wien hektesch ass, verbreed keng Rouh.
- Wien ënnerlech gestresst ass, verbreed keng Geloossenheet.
Stress soll een net managen, Stress muss ee bekämpfen !
Statt also op déi Offeren anzegoen, déi eis hëllefe sollen, de Stress besser ze packen, musse mer dofir suergen, dee Stress ze miniséieren.
Erreecht kann dësst ginn, wann déi verschidde Stressfaktoren cernéiert an identifizéiert kënnen ginn. Wouduerch kënnt also dat Gefill, dass an de läschte Joren de Stresslevel massiv geklommen ass?
Fir dës Analys ass d‘Metapher vum Äisbierg erëm hëllefräich:
Gi mer elo mol dovun aus, dass den Äisbierg den Enseignant a senger Ganzheetlechkeet duerstellt.
Déi sichtbar 10% sti fir dat pädagogescht Handelen: Upassung un nei Situatiounen, Adaptatioun un nei Schüler, Ausbau vun neie Methoden, Ophuele vun neie Fächer,... dëst ass de Beräich, deen op ass fir nei Gestaltungen.
Déi net-sichtbar 90% bestinn aus: Ausgangsausbildung, Rollenverständnis, Zousatzerfahrungen, Iwerzeegungen, dem berufflechem Ethos, de kulturellen an etheschen Wäerter... kuerz: dëst ass d’Perséinlechkeet vum Enseignant – éischter am Ënnerbewosstsinn an doduerch fest verankert.
Déifgräifend Reforme musse kloer sinn, duerchduecht an novollzéibar, ideal och am Virfeld ofgeschwat, souzesoen „am Dialog…“!
Fir d’Réussite vun enger Reform ze förderen, muss den eenzelnen Enseignant d’Utilitéit dovun erkennen. Dat geet net ouni Diskussiounen, et geet net ouni Widderstänn, an et muss um Enn e Konsens fonnt ginn. Villäicht ass dëst e laangwierege Prozess, awer eben en nohaltegen.
Fir dëse Prozess elo artifiziell ze beschleunegen an eng schnell Implementatioun vu Reformen duerchzekréien, hu sech mëttlerweil Outils‘en aus der Wirtschaft établéiert,
ënnert anerem aus dem Change Management (unfreeze, change, refreeze…). Viséiert gëtt also en «Optauen» vun eben deenen 90%, mam Zil eng besser Maléabilitéit ze erreechen an esou Widerstand z’evitéiren, respektiv ze briechen.
An enger éischter Etapp gëtt geziilt Stress produzéiert: Personalressourcë ginn gekiirzt, Repèren opgehuewen, wiesselnd nei Prozeduren agefouert, resp. agefuedert, de Work-Load erhéicht, Oniwwersiichtegkeet geschaaft, Onsëcherheet propagéiert….
Da féieren enk Délais’en, gekoppelt mat steigender Komplexitéit zu chroneschem Zäitdrock, sou dass néideg Momenter fir Analys, Réflexioun, Hannerfroen an d’Sich no Alternativen ze kuerz kommen.
Dëst ass eng Strategie, déi mëttlerweil a ganz Europa applizéiert, an als „Subjektivéierung“ beschriwwe gett:
Eng net wierklech gräifbar Autoritéit stellt zum Deel onerfëllbar Fuerderungen, an d‘Enseignantë versiche mat alle Mëttelen, all dëse Fuerderunge gerecht ze ginn, well si sech dëse Problemer unhuelen an déi zu hire maachen. D’Irrealisabilitéit vun der Aufgabe gëtt als eegent Scheiteren interprétéiert, et établéiert sech e schlecht Gewëssen, e Gefill vun Defizit.
Domadder steet elo d’Dier grouss op fir allerlee „Rotschléi“ vu sougenannten Experten. Dës „Spezialisten“ kommen awer net fir sech de konkrete Problemer unzehuelen, mee fir d’Enseignanten (am Defizit) ze beroden, ze coachen, ze „stärken“. A wa sech dann trotz all där „Hëllef“ an deem noutwendegerweis kompetenten Encadrement d’Problemer awer net léisen, kann et jo nëmme méi um Enseignant leien. Dëse mussen also méi „u sech schaffen“, sech„perséinlech weiderentwëckelen“, „sech fit maachen“,…
D‘Enseignantë maachen also „méi, méi schnell, besser“, a suergen domadder selwer dofir, dass d’Hamsterrad an dem se dra sinn, sech ëmmer méi séier dréint, ouni dass et awer iergendzwousch hiféiert. Fir déi normal Reaktioun, déi dran bestanen hätt, déi initial Usprëch fir d’alleréischt mol ze hannerfroen, fehlt einfach d‘Zäit.
Déi ugeschwate Prozesser viséieren also kloer keng Optimiséierung vum pädagogeschen Handelen, d‘Perséinlechkeet vun den Enseignanten ass viséiert. Dës soll esou „optimiséiert“ ginn, dass eng Bereedschaft hiergestallt gëtt, fir all zukünfteg (nach sou absurd) Schrëtt matzemaachen… ouni dass awer iergendee wéisst, woufir konkret all dës Schrëtt néideg sinn.
Déi rezent Ëmfro huet gewisen, dass vill Enseignantë gemierkt hunn, dass et net an déi richteg Richtung geet.
Wat awer kann dogéint gemaach ginn?
Wéi kann een dat Hamsterrad ofbremsen, eventuell souguer et ze verloossen?
Ma et gehéiert zur Aufgab vum Enseignant, sech heigéint opzestellen:
Erwachsene Bürger einer Demokratie und mündige, vollausgebildete Lehrerinnen und Lehrer sind und dürfen kein Gegenstand verdeckter Erziehungsprogramme sein. Das widerspricht schlicht den Grundsätzen einer der Aufklärung verpflichteten Demokratie und deren Bildungssystem. Daher besteht deren Aufgabe ihrerseits im Widerstand gegen bildungs- und demokratiewidrige Steuerungsversuche.
Widerstand ist dabei nicht als Pathosformel verstanden, sondern als Beharrungsvermögen, das aus dem pädagogischen Berufsethos erwächst und das Bildungsinteresse der jungen Generation gegen Usurpationen aller Art verteidigt.
Krautz, J. 2018
Déi sëllech Reformen aus de leschte Joren hunn dozou gefouert, dass de Bildungsoptrag vun de Schoule ufänkt, diffus ze ginn. D’Vertrauen an déi ëffentlech Schoul schwëndt. D’Enseignantë sinn ausgebrannt. De Malaise ass ewell iwerall ze spieren, gëtt awer net Eescht geholl.
An der Emfro goufe vill Visiounen artikuléiert. Fir dass dës iwwerhaapt eng Chance hunn, sech usazweis realiséieren ze kënnen, obläit et eis selwer dofir ze suergen, dass déi pädagogesch Welt als geschütztene Raum erëm an de Fokus gestallt gëtt. Dat gëtt net einfach, well d’Schoul aktuell vu ville Säiten ënner Drock steet.
Fir déi ëffentlech Schoul ze retten, musse mer eis zesumme mobiliséieren. Mer mussen op dës Mëssstänn hindeiten. Mer mussen eis erëm op eis richteg Aufgabe konzentréieren. Dëst geet nëmme schwéier elleng. Dofir ass et wichteg, dass mer dëst zesumme realiséieren.