Communiqué zu de Formatiounsstonnen

Formatiounsstonnen-Stonnen ginn automatesch mat an déi nächst Referenzperiod eriwwer geholl
Den SEW/OGBL ass zanter längerem a Verhandlunge mam Menje, fir dass d’Enseignanten, konform zum Artikel 6 vum « règlement grand-ducal modifié du 23 mars 2009 fixant la tâche des instituteurs de l'enseignement fondamental », keng Demande maache mussen, fir Formatiounsstonne mat an déi nächst Referenzperiod ze huelen.
Dem Gesetz no muss den Enseignant déi Stonne comptabiliséiert kréien, ouni dass hien iergendeng Demarche maache muss.
Art. 6. … - Si à la fin de la période de référence, l'instituteur a accumulé plus de 48 heures de formation continue, un maximum de 16 (modifié par le règl. g.-d. du 23 août 2018) heures de formation continue lui sera comptabilisé pour la prochaine période.
Mir krute vum Menje zougeséchert, dass dëst an Zukunft esou gehandhaabt gi wäert. Trotzdeem hale weider eng Rei Direktiounen hir Agenten dozou un, eng Demande ze maachen. A verschidden Direktioune gëtt dës souguer aviséiert, oder de Report fir Chargés de cours op 8 Stonnen limitéiert.
Den SEW/OGBL huet e Méindeg, de 14. November, nach emol beim Menje intervenéiert a krut confirméiert, dass dëse Report vu Formatiounsstonnen, OUNI prealabel Demande, automatesch gemaach gëtt.
Ugangs Januar wäerte fir déi concernéiert Agenten déi zousätzlech Stonnen um eFormation verbucht ginn. Dobäi gëtt souwuel fir déi brevetéiert Enseignanten wéi och d‘Chargés de cours deen an de legalen Dispositioune virgesinnene Plaffong vu 16 Stonnen agehalen.
Matgedeelt vum Comité Fondamental vum SEW/OGBL