Elections: Commission scolaire nationale: les spots du SEW/OGBL

WALE FIR D’NATIONAL SCHOULKOMMISSIOUN AM FONDAMENTAL
Autonomie
Respekt a Vertrauen
Wuelbefannen a Gesondheet
Contingent
Den SEW setzt sech a fir all Enseignanten a wëll d’Qualitéit vun der ëffentlecher Schoul oprecht erhalen. Zilstrebeg. Konsequent. Onermiddlech.
D’Enquête vum SEW/OGBL am Fondamental, bei där d’Enseignante massiv matgemaach hunn, weist, dass d’Léierinnen an d’Schoulmeeschter gären a mat ganz vill Engagement Schoul halen, mee dass d’Konditiounen dat net méi zouloossen.
D’Schoul muss erëm no mënschlechen Kritären organiséiert ginn an d’Besoine vun de Kanner musse souwuel d’Schoulorganisatioun wéi och eis deeglech Aarbecht bestëmmen.
Den SEW/OGBL stellt kloer Fuerderungen
De Beruff vum Enseignant muss erëm attraktiv ginn
Bei allem Respekt virun dem Asaz vun de Quereinsteiger, d’Schoul brauch virun allem diploméiert Enseignanten. De Beruff muss vum Ministère erëm ënnerstëtzt, wäertgeschat a respektéiert ginn.
Den SEW/OGBL ass bereet dem Ministère ze hëllefen eng Strategie ze entwéckelen.
Schoulstonnen a Personal zeréck bei de Kanner an de Klassen asetzen
De Rechenschieber ass net d’Instrument fir de Contingent festzeleeën. De Contingent huet zu massivem Ofbau vu Schoulstonnen gefouert. Gläichzäiteg ass d’Penurie nach ëmmer präsent an erschwéiert e sënnvollt Schoulhalen.
Den SEW/OGBL fuerdert net nëmme fir d’Stonnenzuel eropzesetzen, mee och fir de reelle Besoine vun den eenzele Schoule gerecht ze ginn. Vill Personal a Schoulstonne goufen un Direktiounen an aner Institutioune verluer.
Bürokratie ofbauen
Et geet net nëmmen duer Prozeduren ze vereinfachen an eng Rei Fichen ofzeschafen. Mir Enseignante wëllen de Kanner hëllefen. Elleng d‘Anhalenvun enger Prozedur hëlleft awer kengem Kand.
Den SEW/OGBL fuerdert, dass déi konkret Hëllef am Mëttelpunkt steet a net all d’Zäit an d’Energie verschwent gëtt fir de Prozedure gerecht ze ginn.
Dialog a Respekt virun den Enseignanten
Den SEW/OGBL fuerdert, datt mat den Enseignante geschwat gëtt a net iwwert si.
D’Enseignante um Terrain musse gestäerkt gi fir eng staark ëffentlech Schoul.
Den SEW/OGBL ass a bleift ëmmer erëm bereet, mam Ministère ze dialogéieren.
D’Schoul brauch Autonomie a Vertrauen
D’Aféierung vun ëmmer méi Hierarchie féiert dozou, dass den Enseignant ëmmer manner Decisioune selwer huele kann a fir alles eng Erlaabnis brauch. D’Direktioune sinn awer vill ze wäit vun de Schoulen ewech an an dacks keng konkret Hëllef.
Den SEW/OGBL fuerdert, dass de participative Modell vun de Comitéë gestäerkt gëtt, d’Schoulen an d’Enseignanten hir Autonomie an hire Responsabilitéit erëmkréien.
Wéi gëtt gewielt?
- An der Enveloppe fënns Du eng genau Beschreiwung, wéi s du deng Stëmme kanns verginn.
- Huel Dir wann ech gelift déi puer Minutten Zäit. All Stëmm zielt.
- Et sti Lëschten zur Auswiel. D’Sëtzer ginn awer net proportional zur Gesamtzuel vun de Stëmme vun der Lëscht verginn, mee no der absoluter Stëmmenzuel vun all Kandidat.
- Et ass also immens wichteg, genau déi Kandidaten ze wielen, déi Dech an der Nationaler Unterrechtskommissioun vertriede sollen.
- Den SEW/OGBL wier frou, wann s du Dech kéints decidéiere fir all deng Stëmmen de Kandidate vum SEW/OGBL ze ginn.
Den SEW/OGBL brauch deng Hëllef.
|
|
