Den SEW/OGBL gewënnt d'Affaire!

Communiqué vum RTL 20.05.2019:
Deemno hätte si, entgéint enger Decisioun vum Dan Kersch vun August 2017, e "supplément personnel d’indemnité" zegutt. Dee géif d'Differenz tëscht hirer aler Pai als Gemengen- an hirer neier als Staatsemployé decken. Hiren Dossier misst bei den neie Minister vum ëffentlechen Déngscht zréck an de Staat fir d'Fraisen opkommen.
Déi 1. Fra war am August 2010 als "Éducatrice graduée" bei enger Gemeng agestallt ginn, déi zweet am Juni 2009 als "Éducatrice diplômée" an déi 3. am Mäerz 2008 och als "Éducatrice diplômée". Wéi si vum Staat iwwerholl goufen, hu si - fir déi 1. - am August 2016 e CDI ënnerschriwwen als Employée A2 vum Educatiounsministère, respektiv - fir déi zweet an 3. - am Juni 2016 an am Juli 2016 jeeweils een als Employée B1.
Am August 2017 hat deenen 3 Fraen hiren Affekot dem Minister vun der Fonction publique e Bréif geschéckt. Dora stoung, seng Clienten hätten d'Iwwerhuelen duerch de Staat nëmmen acceptéiert, wa se hir "Droits acquise" vun der Gemengeplaz behale kéinten. Si géifen awer manner de Mount verdéngen an hätten d’Allocation de famille verluer, woufir si ënnert anerem eng Indemnitéit wéilten. Den Dan Kersch war där Demande am August 2017 allerdéngs net nokomm. Déi 3 Frae goungen dowéinst am November 2017 op d'Verwaltungsgeriicht.
Deem seng 1. Riichter halen an hirem Uerteel fest, duerch d'Gesetz vu Mäerz 2015 iwwer ënnert anerem d'Indemnitéite vu Staatsemployéeë wär garantéiert, dass e Gemengenemployé, wann e vum Staat iwwerholl gëtt, déiselwecht Pai behale misst. Am Artikel 28, Paragraf 3 vun deem Gesetz stéing, dass den Employé, wa seng nei Pai manner héich ass, e "supplément personnel d’indemnité" zegutt hätt, deen der Differenz - zu sengen Ongonschten - tëscht der aler an där neier Pai entsprieche géif. Well déi 3 Frae manner an der Pai hätten, hätte se d'Recht, dass d'Decisioun vum Minister, hinnen dee "supplément personnel d’indemnité" ze refuséieren, géif reforméiert ginn.
https://www.rtl.lu/news/national/a/1350130.html?fbclid=IwAR3JipzRbbFxop0yZhmYkL0baMr4Wwyj2f7xROlw4Ktd4e5a50vhDPv_FZ0