Grouss Problemer mam Recrutement vum Léierpersonal

14.09.2017

Eng Kritik, déi och schonn an de leschte Wochen ze héiere war an déi de Patrick Arendt vum Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft vum OGBL op der Rentrées-Pressekonferenz mat Zuele beleet. Et war ëmmer sou, datt wann ee Concours photo_article_rtl_dossier_rentree_scolaire.jpgwar, da ware méi Kandidaten do wéi Plazen. Dëst Joer awer wieren net genuch Kandidaten dogewiescht. Vun 100 Plazen sinn der 80 net besat ginn. Dat obschonns de Ministère Leit, déi a Fro komm sinn, ugeruff huet, fir sech fir de Concours ze presentéieren.

Dat wier kloer d‘Konsequenz vum Stage vun 3 Joer, deen agefouert gouf, bei deem déi Jonk bis um Enn schwéier ënner Drock stinn an an enger ganz prekärer Situatioun bleiwen.