Den Educatiounsminister Meisch mëssbraucht d'sanitär Kris fir op eng ondemokratesch Aart a Weis seng ideologesch ultraliberal Agenda duerchzedrécken


Lëtzebuerg, 16. November 2020
Den Educatiounsminister Meisch mëssbraucht d'sanitär Kris fir op eng ondemokratesch Aart a Weis seng ideologesch ultraliberal Agenda duerchzedrécken
Am Juli, um Schluss vun engem extreem belaaschtende Schouljoer matzen an der Corona-Pandemie, huet de Minister Meisch probéiert, duerch divers Notte vun senge Chefs de service d'Aarbechtskonditioune vum ganzen edukativen a psychosoziale Personal an de Lëtzebuerger Schoulen klammheemlech ze verschlechteren. Heimat huet hien zu deem Zäitpunkt scho gewisen, wéi wéineg Récksiicht hien op d'Unterréchtsqualitéit an d'Qualitéit vun der Prise en charge géing huelen, an dat ganz besonnesch och bei de Schüler a Schülerinne mat spezifeschen edukativen, psychologeschen oder soziale Besoinen.
An obwuel de Minister Meisch selwer e puermol schrëftlech ugekënnegt hat, an dësem Dossier legiferéieren ze wëllen oder ze missen, huet hien am Juli an der Pandemie "kee Besoin méi gesinn fir ze legiferéieren" an Zäit fonnt, an Eegeregie déi genannten Aarbechtskonditiounen ouni Sozialdialog a laanscht d’Chamber iwwert de Wee vun Notes de service ze verschlechteren!
Op Drock vun de Gewerkschaften a Personalrepresentatiounen hin sinn d'Notten esou geännert ginn, datt déi méi schlecht Aarbechtskonditiounen „nëmme“ fir nei Kontrakter gëlle sollten. Mä och domat kënnen d‘Gewerkschaften natierlech net averstane sinn. Mir setzen eis unanime an fir adequat Konditioune fir all d‘Leit um Terrain, also fir Konditiounen, déi eng gutt Qualitéit am schouleschen Encadrement fir all d'Schüler an d’Schülerinnen erméiglechen. Vu datt déi 5 Gewerkschaften a Personalrepresentatiounen de ganze Summer iwwer näischt méi vum Minister a Bezuch op dësen Dossier héieren haten, hu si hien de 15. September am Kader vun engem Protestpiquet mat enger riseger Enveloppe op eng Gespréichsronn invitéiert, fir an deem doten Dossier endlech mam Minister selwer a Verhandlungen ze kommen.
De 6. Oktober koum et doropshin zu enger gemeinsamer Entrevue mam Minister, an där d'Gewerkschafte gemengt haten, eng gewëssen Ouverture vu Säite vum Minister Meisch erkannt ze hunn. Et gouf festgehalen, datt eng nächst Verhandlungsronn de 17. November stattfanne sollt. Am Virfeld dozou sollt de Ministère schrëftlech op d’Proposen reagéieren, déi vun deene 5 Associatioune virgeluecht goufen. Bis haut stinn des Réckmeldunge leider nach aus.
E Freideg, den 13. November kruten déi 5 Associatioune matgedeelt, datt déi fir en Dënschdeg (17.11.20) geplangte grouss Entrevue géing annuléiert a reportéiert ginn, mat der Begrënnung, datt den Aarbechtsopwand vum Ministère wéinst der Covid-19-Kris dës Entrevue momentan net géing zouloossen. Mir ginn dovun aus, datt d’Reportéiere vum Termin dann och mat sech bréngt, datt déi néideg Stellungnamen eis dës Kéier zur Zäit zur Verfügung gestallt wäerte ginn.
Mir bleiwe bei eiser Fuerderung no engem zäitnoen déifgräifende Sozialdialog mam Minister Meisch iwwert d’Aarbechtskonditiounen an d’Tâche vum edukativen a psycho-soziale Personal am Enseignement an datt bis dohinner d’Notte vum Juli 2020 net gëllen. Mir verlaangen eng Legiferéierung iwwert d’Tâche vum edukativen a psycho-soziale Personal an de Schoulen an domat d’Respektéiere vum demokratesche Prozess.
Mir ginn allerdéngs d’Gefill net lass, datt de Minister Meisch an dësem Dossier erëm op Zäit spillt! Well an der Tëschenzäit huet hien et fäerdeg bruecht trotz der Covid-19-Kris an enger Nacht- und Nebelaktion zwee Gesetzestexter (PL 7662 a PL 7658) duerch den Instanzewee ze drécken. Dës zilen drop of, d'Lycéesdirektiounen esou wéi d'Direktioune vu SCRIPT, IFEN a CGIE an d'Hänn vu Vertrieder aus der Privatwirtschaft ze leeën, déi keng pedagogesch Ausbildung an keng Kenntnisser vun den 3 Landessproochen noweisen mussen. Domat gëtt de ganzen ëffentleche Schoulsystem kompromettéiert. A senger Virgoensweis huet de Minister Meisch weder mat de Gewerkschafte geschwat, nach den Avis vun der Chambre des Fonctionnaires et Employés Publics och nëmmen zur Kenntnis geholl. An dat bei zwee Projets de loi, deenen hire Contenu net am Koalitiounsvertrag virgesinn ass!
Mat dësem weideren Alleingang huet de Minister Meisch erëm gewisen, wéi onwichteg him déi demokratesch Prinzippien sinn!
Fir all dës Demarchen, egal ob d‘Verschlechterung vun den Aarbechtskonditiounen oder d‘Aushiele vum Schoulsystem, bleift och wärend der Pandemie genuch Zäit, mä net fir eng laangfristeg geplangten Entrevue mat 5 Gewerkschaften a Personalrepresentatioune vum edukativen a psycho-soziale Schoulpersonal! Dëst passt am Minister Meisch seng ultraliberal Approche, déi sech och a senger ontransparenter an onkoherenter Gestioun vun der Situatioun an de Schoule wärend der gesamter Pandemie weist: D’Mesurë vun der Santé ginn einfach duerch dem Minister Meisch seng eege Mesuren ëmgaangen. Seng Laisser-faire-laisser-passer-Attitude an der Gestioun vun der Pandemie a säi permanent Delegéiere vu Responsabilitéit op déi eenzel Direktiounen an op d‘Leit um Terrain ënnersträichen nach eng Kéier seng ultraliberal Ideologie, déi net nëmmen an dëser Situatioun komplett feel op der Plaz ass.
Amplaz déi reell Probleemer an de Schoule konstruktiv an am Sozialdialog ze léisen, konzentréieren den Educatiounsminister Meisch a seng Beroder sech op hir geféierlech ideologesch Agenda vun engem ultraliberalen Ëmbau an der Privatiséierung vum Schoulsystem, an trëppelen d'Demokratie mat ontransparente Machenschafte mat Féiss!
Dem Minister Meisch säi Spill ass duerchkuckt. D’ALEE/CGFP, d‘APCCA/SEW/OGBL, d’APPSAS, de SLEG/CGFP an de SPEBS/CGFP stelle sech geschlossen d’Fro: