7 Joer Regionaldirektiounen: Zäit fir ee Bilan - Zäit fir Wiessel?

Viru ronn 7 Joer goufen d’Regionaldirektioune gegrënnt. D’Regionaldirektioune kruten als Aufgab d’Leedung an d’pedagogesch Opsicht vun de Schoulen, sou wéi d’Betreiung vu Schüler mat besonnesche Besoinen ze encadréieren. Zil war et , duerch déi regional Struktur, no um Terrain ze sinn, an déi pedagogesch Ressourcen no Besoin kënnen optimal ze verdeelen. Och sollt d’Vernetzung tëscht de Schoulen esou besser assuréiert ginn.
Am Joer 2021 huet den SEW/OGBL en Artikel mam Numm Regionaldirektiounen - Brauche mer si wierklech? verëffentlecht. (nozeliesen am SEW Journal 3/21 oder iwwer dëse QR Code )
An dësem Artikel hu mir ganz kloer gewisen, dass d’Schafung vun de Regionaldirektiounen e grousse Schrëtt a Richtung neoliberale Schoulmanagement war, an dass de pyramidale System domat gesetzlech verankert ginn ass. Déi hierarchesch Struktur soll eng méi effikass Gouvernance erméiglechen.
An demselwechten Artikel si mir och drop agaangen, wat d’Enseignanten um Terrain brauchen a wat tatsächlech un Hëllef vun den Direktioune kennt.
Wat brauche mir um Terrain?
Säit 2021 huet sech net vill geännert. D’Demande vun den Enseignanten um Terrain ass nach ëmmer déi selwecht:
- Eng Direktioun déi de Schoulalldag a senger Realitéit wouer hëlt.
- Eng Direktioun, déi den Enseignanten um Terrain zur Säit steet, ënnerstëtzt an hëlleft.
- Eng Direktioun déi sech beim MENJE asetzt, dass den Enseignement eng optimal pedagogesch Leeschtung ka bréngen
- Eng Direktioun, déi den administrativen Opwand um Terrain reduzéiert.
- Eng Direktioun déi sech um MENJE asetzt, dass de ganze Waasserkapp vu CI, Centres de compétences, CNI, Accueil asw. vereinfacht gëtt a sou de Kanner schnellstméiglech gehollef gëtt.
- Eng Direktioun, déi Leadership-Skills weist an Empathie opweist.
Wat den Terrain brauch ass jidderengem, deen an enger Klass a mat Kanner schafft, kloer. Dëse Message misst och no 7 Joer bei all den Direkteren ukomm sinn.
Mee schonn 2021 hu mir misse feststellen, dass dat wat um Terrain gebraucht gëtt, an dat wat verschidden Direktioune menge maachen ze mussen, Welten ausernee läit. Fir den Enseignant geet et ëmmer an éischter Linn ëm de Schüler, an deem seng optimal schoulesch, emotional a sozial Entwécklung. Et gëtt een awer den Androck net lass, dass et an enger Rei Direktioune virun allem ëm d’Etabléiere vu Muechtverhältnisser a Kontroll geet. D’Vertrauen an eis Enseignantë schéngt net méi do ze sinn.
Wéi gesäit d‘Realitéit aus?
LEIDER kéinte mer hei schreiwen: „Nach ëmmer wéi 2021“.
Schonn 2021 hu mir misse feststellen, dass dat wat um Terrain gebraucht gëtt, an dat wat verschidden Direktioune menge maachen ze mussen, Welten ausernee läit. Fir den Enseignant geet et ëmmer an éischter Linn ëm de Schüler, an dem seng optimal schoulesch, emotional a sozial Entwécklung. Et gëtt een awer den Androck net lass, dass et an enger Rei Direktioune virun allem ëm d’Etabléiere vu Muechtverhältnisser a Kontroll geet. D’Vertrauen an eis Enseignantë schéint net méi do ze sinn.
Mee mir kënnen och soen schlëmmer wéi 2021.
Firwat schlëmmer? Well d‘Regionaldirekteren elo no 7 Joer nei ernannt musse ginn, schéint an eenzelen Direktiounen ee reegelrechte Wettkampf entstanen ze sinn, fir dem Minister ze imponéieren a si erfannen all Dag nei Mesurë mat deenen si „hir“ Enseignantë kënne gängele fir dass déi Mesuren, déi wäit vum Terrain ewech ausgeschafft goufen och ënnen ukommen.
Des Iddie komme bei engem Minister, deen an enger neoliberaler Ideologie d‘Schoul ëmmer méi zu enger Administratioun well ëmbauen, amplaz ze erkennen, dass Schoul soziaalt Zesummeliewen a Léiere soll erméiglechen, vläicht gutt un. Mee se bréngen awer dem Schüler an der Reegel näischt, belaaschten onnéidegerweis den Enseignant an hënneren héchstens beim Kärgeschäft, dem Ënnerriichten.
Hei puer Beispiller aus eenzelen Direktiounen, déi eis vu enttäuschten a rosene Membere rapportéiert goufen:
- Eng Direktioun huet ee ganze System opgebaut wéi een e Kand an engem Verdachtsfall soll mellen. Mat Hëllef vun engem 90 säitegen Dokument an 20 Säiten Dokumenter fir auszefëllen, soll en Enseignant ee Kand am Fall vun engem Abus mellen. Dass dëst bis elo, schnell an ouni vill Opwand gaangen ass bei enger Assistante sociale oder beim Parquet gëtt ganz ausgeblent. An dësem Fall freet een sech, ob d‘Direktioun mat dësem opgeblosene System beim Minister e gudden Androck schënne wëll.
- Beim E-Bichelchen hu vill Direktioune kee gutt Bild ofginn. Als éischt gëtt dësen Tool vum MENJE komplett iwwerstierzt agefouert, ouni dass eng Demande vum Terrain do war. Da üben ee Groussdeel vun den Direktiounen Drock op hiert Personal aus, dësen Tool ab Oktober/November 2022 ze benotzen, obwuel d‘Schouljoer well amgaang war an den Tool war nach net ausgeräift. Et sinn ëmmer nach eng Rei Direktiounen, déi drop halen, dass „hir“ Enseignanten d’e-Bichelche schonn dëst Schouljoer benotzen, obwuel dëst Schouljoer keng Obligatioun dozou besteet an dat och net vum Menje esou agefuerdert gouf. Mee verschidden Direktere schéinen an dësem Fall vum Éiergäiz gepak ze sinn. D‘Kommunikatioun vun den Direktere mat den Enseignantë war a ville Fäll méi wéi amateurhaft. Sou goufen et zwar deelweis schrëftlech Informatiounen an Instruktiounen, mee virun allem gouf mëndlech Drock opgebaut, an déi oft zweedeiteg Messagen hu fir vill Opreegung an de Schoule gesuergt.
D’Kujenéiers mam e-Bichelche geet momentan riicht weider. Sou soll et Direktere ginn, déi elo wëllen, dass den Enseignant d‘E-Bichelche réischt no de Schoulstonnen ausfëllt. Eis Fro un des Leit wier folgend: „ Wéi Dir nach Schoul gehalen hutt, hutt Dir do d‘Bichelchen no der Schoul ausgefëllt an et dann de Kanner an d'Boîte geworf?“
- Am Absurdistan ukomm si mir, wa PPCI’en net méi opgrond vum Inhalt vun den Direktioune verworf ginn, mee opgrond vun hirer Form. Et liicht all Enseignant an, dass Ziler esou sollen definéiert sinn, dass se erreechbar an iwwerpréifbar sinn. Schliisslech ass et dem Enseignant säi Kärgeschäft, opgrond vu gesaten Ziler säin Unterrecht ze plangen. Wann dann awer PPCI’en zréckgeschéckt ginn, well Ziler, déi dat Joer virdrun nach als smart gegollt hunn, et lo net méi sinn, si mir am renge Formalismus ukomm an et freet een sech wat de Méiwäert fir Schüler an Enseignant ass. Et gi souguer extra Workshops organiséiert, wou Memberen aus der Direktioun bei der Zilformuléierung hëllefen. Dëst ass allerdéngs och net onbedéngt eng grouss Hëllef, well souguer déi mat hinnen ausformuléiert Ziler d’Joer drop net méi smart sinn. All den Opwand, ouni dass sech fir de Schüler iergendeppes zum Bessere verännert, nëmme well lo nei ausformuléiert Ziler an engem Classeur an engem Schaf verstëbsen.
- An enger Direktioun krut ee Coordinateur de Cycle verbueden, an de Rapport ze schreiwen, dass den CI Dossier an eng Reaktioun vun der Direktioun op sech waarde loossen. Dëst géif net gutt „ausgesinn“. Hei eis Fro: „ Wee soll dat da liesen, ausser Professioneller déi solle mat de Kanner schaffen? Zanter wéini ass et den Zweck vu Rapport’en, fir d‘Realitéit gutt ausgesinn ze loossen?“ Dëst grenzt un Zensur. Keen Direkter kann engem Enseignant verbidden seng Suerge par Rapport zu engem Schüler a sengem Dossier matzedeelen. JO, wann et ze laang dauert, da soll dat och kënnen an de Concertatioune gesot an opgeschriwwe ginn. De Combel ass, dass den Direkter zwar Zäit hat 30 Rapporten ze liesen an op Rechtschreiffeeler ze verbesseren, mee an dëser Zäit awer nach ëmmer net op d‘Doléance reagéiert huet, dass d’Dossier’en vun de Schüler net weiderkommen. Mir sinn hei nees am absurde Formalismus ukomm.
- Besonnesch déi Schwächsten am System kréien ze ze spiere wéi verschidden Direkteren ticken, an zwar eis Chargés de cours a Stagiairen. Si ginn direkt op Gehorsam geeicht. A méi wéi enger Direktioun gi si schonn an der éischter Versammlung zum Stage op eng héchst erofwürdegend Aart drop higewisen, dass si zu all Moment „erausfléie“ kënnen. Sou entsteet direkt ee Klima vu Veronsécherung an Angscht an d’Jalon’en si fir d’Zukunft gesat. D’Stagiairen si vun der Nott vun der Direktioun ofhängeg a léiere ganz séier sech kleng ze halen an net ze mucksen.
Dass d’Kujenéiers wärend dem Stage a verschidden Direktioune riicht viru geet, brauch hei net extra erwäänt ze ginn. Sou gouf zum Beispill vun den Direkteren am Konsens festgehalen, dass d’Chargé’en 5 Preparatioune pro Trimester an d’Enseignant-Stagiaires 10 Preparatioune pro Trimester ze schreiwen hunn. Verschidden Direktioune fuerderen allerdéngs systematesch vill méi Preparatiounen an, mat der Konsequenz dass eng Rei Chargé’en a Stagiairen un hir Grenze kommen a kaum nach den normalen Unterrecht uerdentlech preparéiert kréien. Frappant ass an dem Kontext, dass sech op eenzelen Direktiounen ëmmer nees rechtfäerdegt gëtt, et wier ee selwer a sengem Stage duerch d’Hell gaangen. Statt enger qualitativer Verbesserung schéinen also hei d’Ongerechtegkeeten am grousse Stil reproduzéiert ze ginn.
- Et ginn ëmmer nees Situatiounen, an deenen eng Rei Direktiounen hir Muecht demonstréieren. Et gehéiert mëttlerweil zur Dagesuerdnung, dass Direktioune Motivatiounsschreiwes froen, wann Enseignanten ufroe fir eng Formation continue unerkannt ze kréien oder e puer Stonne Congé brauchen am Kader vun hirer Formatioun. Och ginn et Direktiounen, déi, allem Uschäin no, genuch Zäit hunn, all eenzel Formatioun vun hiren Enseignanten nozekucken an a Fro ze stellen, ob déi hiren tatsächleche Besoin’en entsprécht. Ëmmer nees gëtt den Enseignant dozou genéidegt sech ze rechtfäerdegen, an dat aus den absurdste Grënn. Gläichzäiteg erstéckt dës Infantiliséierung all Diversitéit, déi grad de polyvalenten Enseignant ausmécht.
- Ëm Muechtdemonstratioun geet et och, wann eenzel Direkteren ee Recommandé avec avis de réception un Enseignantë verschécken, deene Formatiounsstonne feelen, a si dann opfuerderen innerhalb vun 10 Deeg hir feelend Stonnen ze rechtfäerdegen an een Aktiounsplang fir des nozehuele virzeleeën. Wier ee klärend a wäertschätzend Gespréich an dësem Fall net vill méi zilféierend? Geet et hei wierklech drëm, dass d’Schüler vun deene bescht forméierten Enseignanten ënnerriicht ginn, oder geet et net éischter drëm och hei kloer d’Muechtverhältnisser duerzeleeën? Wann ee bedenkt, dass mir aus enger Pandemie kommen, wärend der vill Formatiounen ausgefall sinn a vill Enseignantë wochelaang wéinst Quarantaine an Isolatioun gefeelt hunn, a wann ee weess, a mir dat och vum Menje bestätegt kruten, dass de Programm vun e-Formation immens feelerufälleg ass an dofir bei feelende Formatiounsstonnen ëmmer d’éischt ee klärend Gespréich mam Enseignant soll gefouert ginn, schéint des Virgoensweis nach méi absurd an despektéierlech.
Dëst si just e puer Beispiller vu villen, déi vun eise Memberen un eis erugedroe goufen. Déi Leidtragend sinn, wéi schonn 2021 festgestallt, souwuel Schüler wéi och Enseignanten. Obwuel den SEW/OGBL zesumme mam Landesverband reegelméisseg beim Menje intervenéiert, fir dës Praktiken ze denoncéieren, ginn et kaum Verbesserungen um Terrain. Mir kréien als Gewerkschaft zwar vill Versteesdemech entgéint bruecht, an ëmmer rëm verséchert, et géif een de Message weider ginn, mee trotzdeem gi vill Enseignantë riicht virun ënnert Drock gesat a kujenéiert. Et schéngt dem Menje ze goe wéi dem Goethe sengem Zauberlehrling, den déi geruffe Geeschter och net méi ënnert Kontroll hat.
Ëmmer méi Enseignantë flüchten an Deelzäitaarbecht, oder sichen alternativ Aarbechtsplazen. Dëst dreift Penurie vum Personal, déi nach ëmmer besteet, ëmmer weider.
Vill Enseignantë sinn och decouragéiert duerch de Rechtfäerdegungsdrock, an den se geroden, wann si ee Kand mellen. Ee Schüler ze melle bedeit nämlech oft, dass a Fro gestallt gëtt, ob een als Enseignant seng Aarbecht gutt gemaach huet, dass ee Formulairen op Formulairen auszefëlle kritt, an een sech am schlëmmste Fall muss umoossend Remarke vun der Direktioun ulauschteren, wéi zum Beispill d‘Referenz op Differenzéierung am Gesetz. Wann een da weess, dass duerch de Manktem u Ressourcen, oft keng Hëllef um Terrain ukënnt, an dëst obwuel de Minister Meisch gäre mediewierksam verkënnegt, dass all Kand déi Hëllef kritt, déi et brauch, versteet een dass vill Enseignantë kee Sënn an dësem prozeduralen Dschungel gesinn.
D’Folge vun dëser prozedurorientéierter an autoritärer neoliberaler Bildungspolitik kréien un éischter Stell d’Schüler, an a mëttelfristeger Zukunft awer och d‘letzebuerger Gesellschaft ze spieren. Mir sinn amgaang eis ëffentlech Schoul massiv ze schwächen.
FAZIT:
2021 hat den SEW/OGBL scho festgestallt, dass d‘Experiment Regionaldirektioune gescheitert ass. Weder déi politesch Parteien, nach de MENJE, hu bis elo adequat op dës Kritik an d’Doleancë vum Terrain reagéiert.
Fir den SEW/OGBL ass et kloer: de Modell vun de Regionaldirektioune muss iwwerduecht ginn an et muss no valabelen Alternative gesicht ginn!
Den SEW/OGBL verweist op de Modell vun der Cogestioun, deen seng Preuven an der Vergaangenheet gemaach huet, an dee mir ëmmer prekoniséiert hunn Mir wäerten op jidder Fall déi politesch Parteie virun de Wale mam Thema Direktiounen/ Comité de cogestion/ Schoulleedung konfrontéieren.