Reform vum Stage am Fondamental, elo ! Fir e sënnvolle Stage ! Solidaritéit mat de Stagiairen !

09.01.2019

GROUSS MANIFESTATIOUN

Säit der Aféierung vum neie Stage am Fondamental huet de Beruff vun der Léierin a vum Schoulmeeschter vill un Attraktivitéit verluer.

D’Penurie an de Schoulen huet sech verschäerft. Et si wäit net genuch Kandidaten do, déi sech dem Concours stelle fir Schoul halen ze goen. De Minister muss ëmmer méi op net diploméiert Leit zréckgräife fir den Unterrecht ofhalen ze kënnen.

An der Formatioun zu Lëtzebuerg an am Ausland sinn déi nei Enseignantë souwuel theoretesch wéi och praktesch op d’Schoulhale virbereet ginn.

Mat hirem Diplom hunn si gewisen, datt si capabel si fir Schoul ze halen.

Dag fir Dag erliewe mir an de Schoule wéi d’Stagiairen am Stage ënner Drock gesat ginn, wéi si hir Zäit an hir Energie an onnéidege Coursen a fir iwwerflësseg Show-Stonnen an Exame verbëtzen.

Et feelt hinnen un Zäit an Energie fir sech genuch ëm d’Kanner ze këmmeren.

Si ginn haaptsächlech geléiert sech der Hierarchie ze ënnerwerfen.

Am Stage ginn net déi responsabel a selbstbewosst Enseignante forméiert, déi eise Schoulsystem brauch.

Vill Stagiairen hunn no kierzester Zäit hiren Enthusiasmus an hir Motivatioun verluer. Si fillen sech ausgebrannt.

E positiven Ufank an dësem flotten a schwierege Beruff gesäit anescht aus.

Duerfir muss de Stage an d’IFEN-Gesetz séier reforméiert ginn.

Stagiaire mussen net nach eng Kéier evaluéiert ginn, si mussen net nach eng Kéier zum Deel déiselwecht Coursë wéi op der Uni matmaachen.

Hire Fokus dierf net drop leie fir de Stage ze packen, mee op der Aarbecht mat de Kanner.

D’Stagiaire sinn ausgebilt fir vum 1. Dag un autonom Schoul halen ze kënnen. D’Tâche ass an dee leschte Joren awer ëmmer méi komplizéiert an exigent ginn an et ass sécher sënnvoll fir de jonken Enseignant am Ufank ze ënnerstëtzen, ouni seng Responsabilitéit an seng Autoritéit a Fro ze stellen.

Si brauche keng Leit, déi si evaluéiere kommen, mee en Tuteur, deen do ass fir ze ënnerstëtzen an ze hëllefen.

D’Roll vum IFEN muss doranner bestoe fir eng Plattform an Aktivitéiten ze organiséiere wou sech d’Stagiairen austausche kënnen.

Et bréngt näischt wann de Stage gekierzt gëtt, oder eenzel Coursen an Aarbechte just reduzéiert ginn.

Mir brauchen e sënnvolle Stage, bei dem de Stagiaire encadréiert gëtt a bei senger schwiereger Missioun a sengen éischte Jore gehollef kritt, an dat an enger Ambiance gepräägt vu Vertrauen.

D’Stagiairen dierfen och net weider de Spillball vun enger Politik sinn, wou e Stage just agefouert gouf fir Ufanksgehälter ze kierzen.

Am Géigesaz zu villen anere Staatsbeamte sinn d’Enseignanten am Fondamental fäerdeg ausgebilt. Mir brauchen duerfir e Stage den ënnerstëtzt an eng Vertrauensbasis opbaut.

Et gëtt Zäit, datt d’Politik endlech reagéiert.

Duerfir kommt alleguer

e Samschdeg, den 19. Januar 2019

um  10.00 Auer

an de Casino Syndical zu Bouneweg

(63 rue de Bonnevoie, L-1260 Luxembourg-Bonnevoie)

a weist är Solidaritéit !

Kommt mir weisen, datt de Corps-Enseignant sech zesumme fir e positiivt Bild vu sengem Beruff asetzt.