Questionnaire fir d’Léierpersonal aus dem Fondamental Haut Enseignant sinn?! Är Meenung ass gefrot!

Questionnaire fir d’Léierpersonal aus dem Fondamental
Haut Enseignant sinn?! Är Meenung ass gefrot!
Firwat dës Enquête ?
Eng ganz Rei Faktore weisen offensichtlech drop hin, datt d’Situatioun an der ëffentlecher Grondschoul sech an deene leschte Joren dramatesch verschlechtert huet:
- de Feedback aus de Schoule weist op gravéierend Problemer hin;
- en SEW/OGBL muss ëmmer méi Memberen ënnerstëtzen, déi bedéngt duerch Stress hir berufflech Situatioun mussen oder wëlle veränneren;
- ’Zuel vun de Krankmeldungen hëlt vu Joer zu Joer zou an huet bedenklech Ausmoossen erreecht; vill Kolleginnen a Kollegen si vun engem Burn-out betraff oder dovunner menacéiert oder weisen aner stressbedéngte Symptomer.
Parallel dozou ass am ëffentleche politeschen Discours, den den Här Minister ganz eleng dominéiert, keng Riets vu de Problemer an der Praxis, mee au Contraire si ginn hannert enger schéiner Fassad verstoppt.
Duerfir huet den SEW/OGBL zesumme mam Landesverband an der FGIL dës Enquête lancéiert fir ze kucke wéi déi allgemeng Stëmmung am Land ass.
D‘Enquête war och als „Testballon“ geduecht fir auszeloten a wat fir engem Ausmooss d’Enseignanten an de Schoulenvun de Problemer betraff sinn an natierlech fir ze kucke wéi vill Reaktioune mir géife kréien.
Wat fir en Usproch huet d’Enquête ?
D’Enquête huet net den Usproch wëssenschaftlech absolut fondéiert ze sinn. Mir hu probéiert kloer, net suggestiv Froen ze stellen, déi esou formuléiert sinn, datt d’Problemer kënne benannt ginn, ouni datt den Enseignanten sech selwer muss als de Problem benennen.
Wéi war d’Enquête opgebaut?
Mir wollten d‘Domainer vum Wuelbefannen, dem Respekt, der Ënnerstëtzung an der Autoritéit aus der Siicht vum Enseignant ofdecken.
Et huet missten e Choix gemaach ginn a verschidde méiglech Froe sinn duerfir net consideréiert ginn.
An enger éischter Iwwerleeung wollte mir just zoue Froen auswielen (Jo - Nee respektiv eng Aschätzung op enger Skala).
Mir hunn eis dunn awer entscheet fir och d’Méiglechkeet ginn eege Commentairen, Kritiken a Suggestiounen zu den eenzelen Themekomplexer ze schreiwen.
D’Reaktioun op de Questionnaire
Déi riseg Zuel vun Äntwerten, de groussen Interêt, de grousse Besoin fir op d’Problemer opmierksam ze maachen, huet eis awer positiv iwwerrascht.
Realistesch konnte mir vun 150-200 Äntwerten ausgoen, mee et koumen der schliisslech 743 (!) .
Bei de fakultative Commentairen, wou mir geduecht haten, datt d’Enseignante, déi duerch vill iwwerflësseg Rapporte scho genuch geplot sinn, eventuell net Loscht hätte vill ze schreiwe krute mir iwwer 800 (!) Commentairen, déi 370 DinA4 Säite gefëllt hunn.
Mir hunn déi Commentairë selbstverständlech all gelies an analyséiert. An engem Teameffort ass vun all Fro eng Synthees gemaach ginn, wou déi eenzel Aspekter regroupéiert goufen.
D’Commentaire sinn dacks héich emotionell a weisen drop hin, wéi staark et d’Enseignante belaascht, datt d’Situatioun an hirer Klass oder an hirer Schoul net méi ze geréieren ass. D’Messagë sinn erschreckend (besonnesch wat den Impakt vum Stress op den eenzelen ass) a weise wéi wäit d’Schoul an der Kris ass.
Trotzdeem ass ze betounen, datt déi grouss Majoritéit vun den Äntwerten nuancéiert ass, Generalisatioune vermeit, eng professionell Analys erëmspigelt an d’Problemer net u Leit respektiv un de Kanner festmécht, mee un de Strukturen.
DenSEW/OGBL huet mat de Commentairen en anonymiséiert Dokument erstallt. Domadder stellt sech fir eis d’Fro wat mat der grousser Aarbecht, déi vill Stonne gemeinsam Reflexiounsaarbecht vun den Enseignante vum Terrain representéiert geschéie soll.
Et muss betount ginn, dat d’Commentairen an hirer Authentizitéit an hirer Emotionalitéit hir ganz Wierkung developpéieren, am Contraire zu enger Synthese, déi éischter awer reng sachlech bleift an domadder un Impakt verléiert.
Éischt Reaktiounen op d‘Enquête
D’Enquête huet relativ séier e groussen Interêt ausgeléist :
- d’Press ass un de Resultater interesséiert
- um Service vun der Grondschoul sinn déi Responsabel beonrouegt ob Grond vun de Problemer, déi et iwwerall an de Schoule gëtt an hei hunn och schonn éischt konstruktiv Gespréicher an Analyse stattfonnt.
- et koum och zu Entrevue mat Representant vum Collège des Directeurs an eenzelen Direkteren
Et ass wichteg ze erkennen, dat mir all an engem Boot sëtzen, datt et net sënnvoll ass sech een dem anere Responsabilitéite fir Problemer wieder ze reechen, mee datt mir all zesumme musse kucke fir d’Strukturen an d’Konditiounen esou ze veränneren, datt d’Grondschoul sech erëm opstelle kann, datt mir de Besoin vun de Kanner gerecht ginn, ouni, datt d’Enseignante a kiirzester Zäit ausbrennen an dem Drock net méi gewuess sinn.
Et geet dem SEW/OGBL net ëm de kuerzfristege Scoop. Mir wëllen e laange Prozess initiéiere wou d’Konditiounen, souwuel wat d’Ressourcen, mee och de néidege Respekt an déi néideg Autoritéit vum Enseignant a vum Schoulsystem esou restauréiert ginn, datt d’ëffentlech Grondschoul hir Objektiver erëm erreeche kann.