Froen un d’SEW-Team

04.11.2020

1476980048353.jpgFroen un d’SEW-Team


Fro:

Ech ënnerriichten am ESG an hunn säit dem 5. Oktober 4 Iwwerstonnen, well ech e Kolleeg am
Krankeschäin ersetzen. Dat gëtt mir ze vill. Wat kann ech maachen?

Äntwert:


Wann Dir e Kolleeg ersetzt, da sinn dat Iwwerstonn, di als « leçons de remplacement» bezeechent ginn.
Dir musst des Stonne maximal wärend der Dauer vun engem Trimester (also 12 Wochen) halen. Wann an
Ärem Lycée dëst Gesetz net sollt applizéiert ginn, da went Iech un Är Gewerkschaft. Mir hëllefen Iech
dobäi, Äert Recht duerchzesetzen.


Fro:

Ech si schwanger, schaffen am ESC, a fille mech net wuel, an der aktueller Situatioun (Covid 19)
Präsenzunterrecht ze halen. Wat kann ech maachen?

Äntwert:

Als schwanger Fra gehéiert dir zum Grupp vun de vulnerabele Persounen:

• Gidd Ärem Direkter ee Certificat médical of, deen Är Schwangerschaft bestätegt (falls Dir dat nach net gemaach hutt).
• Dir hutt d’Recht äre Cours vun doheem aus digital ze halen oder een Amenagement vun Ärem Aarbechtsposten ze kréien.
• Gidd bei Ären Direkter a loosst Iech en entspriechend Formulaire ginn, dat dir ausfëllt an ënnerschreift.
Den Direkter ënnerschreift Äre Formulaire ebenfalls a leed en un di zoustänneg Instanze weider.
• Am Gespréich mat Ärem Direkter gëtt beschwat, op dir Äre Cours digital haalt oder en Amenagement vun Ärem Poste kritt.
image_9.jpg