Lehrer gesucht

03.03.2021

Unbenannt-4.jpg

E Gedankenexperiment


Säit e puer Joer mécht sech e massive Personalmangel an der Schoul bemierkbar. Et gëtt regelméisseg vun dëser “Pénurie” geschwat, en anstännege Wee fir se ze behiewen gëtt awer net verfollegt. Déi sanitär Kris mécht et duerch Krankheetsfäll a Quarantaine’n natierlech net besser, de Problem bestoung awer scho virdrun an et wäert en och no der Kris nach ginn: Et feelen honnerten ausgebilten Enseignanten an der Schoul. Mee wou kënnt dat hier?

1476940481701.jpgEt schéngen hei dräi Grënn haaptverantwortlech ze sinn: Et gi méi Enseignanten gebraucht, well méi Kanner am schoulflichtegen Alter zu Lëtzebuerg liewen (e duerchschnëttleche Plus vu ronn 1000 Grondschüler pro Joer) an et méi Erausfuerderungen an de Klasse gëtt (Stéchwuert Inclusioun a primo-arrivants). Da solle méi Appui awer och méi Dechargen fir administrativ an organisatoresch Zwecker gehale ginn. Op där anerer Säit kommen awer ze mann ausgebilte Beruffsufänger vun den Uni ‘en. De Beruff an d‘ Ausbildung schénge fir déi Jonk net méi esou attraktiv ze sinn. Et kënnt awer nach en drëtte Phenomen derbäi: ëmmer méi erfueren an ausgebilten Enseignant ‘en (mëttlerweil ronn 100) ginn aus de Schoulen „erausgelackelt“, déi dann Bürosposten an der Mastercarrière unhuelen, déi mat „I-„ ufänken a wou een sech dann eng x-belibeg Endung kann afale loossen. Vun deene Leit héiert een dann an der Regel just nach iwwer E-Mail an an där Klass, déi si virdrun jorelaang iwwerholl hunn, feelt erëm en Titulaire.

Wéi misst e Patron an esou enger Situatioun reagéieren?

Folgend klengt Gedankenexperiment: Stellt iech fir, eng Bustransportfirma hätt säit Joren net méi genuch Chaufferen, déi wierklech um Bus fueren. De Patron geet also hin a stellt Leit an, déi sech vague erënnere kënnen, fir d’ Lescht viru fofzéng Joer eng Kéier mam Bus op de Mäertche matgefuer ze sinn, kee Führerschäin fir de Bus hunn an sech virdrun och weider net vill Gedanken ëm esou Gefierer gemaach hunn. Déi Leit ginn elo als professionell Chauffeuren agestallt, kréien e grousse Bus, op mannst 45 Plazen, a sollen elo Kanner an d‘ Schoul, Aarbechter an der Rush Hour duerch d‘ Stad a Pensionären an de Schwarzwald kutschéieren. Onvirstellbar,oder? Ma dëst ass genau d ‘Situatioun,déi mer aktuell an der Schoul hunn. Bei der Transportfirma wier dat Ganzt natierlech héchst illegal a si géif sech ganz schlëmmstrofbar maachen. An der Schoul ass dat awer alles hallef esou wëll.

Dëst soll ausdrécklech kee Plädoyer géint déi nei Chaufferen sinn, mee soll opweisen, wéi absurd dee System vum Gepléischters an der Schoul ass, deen am Moment där Pénurie soll entgéintwierken. Et ginn drop an derwidder Remplaçant’ en a Quereinsteiger agestallt am Plaz dee Problem seriö unzegoen. De Ministère hat betount, datt de Quereinsteigersystem zäitlech begrenzt ass. Mee da wier et elo awer mol geschwënn un der Zäit, sech Alternativen auszedenken! Et muss dréngend eng Campagne gestart gi fir den Enseignantsberuff bei Jonken erëm méi attraktiv ze maachen. Gläichzäiteg muss och d ‘Zesummenaarbecht mat de Leit vum Terrain erëm am Virdergrond stoen. Schlussendlech a fir direkt dëser Pénurie en Enn ze setzen, mussen all déi erfueren an ausgebilte Leit, déi een huet, och do agesat ginn, wou een se wierklech brauch: AN der Schoul!

Oli Schons