Pressekonferenz SEW/OGBL an APESS: Schläichend Privatisatioun vun der ëffentlecher Schoul zu Lëtzebuerg

19.01.2021

Dënschdeg, de 19. Januar 2021

Pressekonferenz SEW/OGBL an APESS: Schläichend Privatisatioun vun der ëffentlecher Schoul zu Lëtzebuerg


New public managment, Public private partnership, Outsourcing vun Aktivitéiten, Konkurrenzkampf tësche Schoulen am Kader vun der sougenannter Schoulautonomie, Postes à profil, Opmaache vu Posten an den ëffentleche Schoule vir Léit aus der Privatwirtschaft, Ofbau vun de Carrièren am Enseignement, Privatacteure wéi Microsoft, Apple an anerer, déi sech eng gëlle Kou am Bildungssecteur verdéngen, International ëffentlech Schoulen déi mat Programmer vu grousse Privatfirmen wéi Pearson oder Bertelsmann funktionéieren, en Dialog- an Demokratieverständnis dat massiv ze wënschen iwwreg léist, etc, etc. Dat sinn nëmmen e puer Stëchwieder déi weisen, wéi de Privatiséierungsgedanken sech lues a lues an eisem Bildungssecteur breet mëscht.

All des Themen huet den SEW schonns ëfters ugeschwat, mee leider fannen des Themen nëmme ganz wéineg Uklang dobaussen, well et sech em e schläichende Prozess handelt, dee gravéierend Konsequenzen op eise ganze Bildungssystem kann a wäert hunn, déi awer de grousse Public, an och zum Deel d’Léit am Secteur selwer, nëmme ganz wéineg bis guer net richteg matkréien, deen d’Léit awer sollte kënnen. Et geet hei ëm näischt anescht wéi d’Zukunft vun eiser Bildungslandschaft, em d’Zukunft vun de Léit um Terrain an em d’Zukunft vun eise Kanner.

Dëse schläichende Prozess soll och d’Symbolik vun eisem Bild am Hannergrond duerstellen, e Puzzle, wou eenzel Stécker well placéiert sinn, anerer nach op stinn a wou awer, iergend eng Kéier a net allzeweiter Zukunft, wa mir net oppassen, Et handelt sech em e schläichende Prozess, dee gravéierend Konsequenzen op eise ganze Bildungssystem kann a wärt hunn och dat leschte Stéck seng Platz fonnt huet an et da riskéiert, ze spéit ze sinn.

Et ass un sech eréischt kierzlech, mat der Polemik em déi zwee Gesetzesvirschléi 7658 an 7662 an d’Nominatioun op Direkteschposten an eenzele spezialiséierte Lycéeë mat Léit aus der Privatwirtschaft, wou den Thema méi an déi grouss Ëffentlechkeet geroden ass. Dat ass awer nëmmen d’Äisspëtzt vun enger Tendenz, déi ëmmer méi zouhëlt. An dofir hu mir decidéiert, als SEW/OGBL, zesumme mat der APESS, dëse Privatiséierungsprozess erëm méi an Diskussioun ze bréngen.

Fir d’éischt wollt ech op de Punkt vum Manktem un Dialog- an Demokratieverständnis agoen. Et ass ëmmer erëm konstatéiert ginn, dass praktesch iwwerall do, wou Privatacteuren sech breet maachen, dat verbonnen ass mat engem Verloscht un Dialog- an Demokratieverständnis. Stëmmen, déi net ob der Linn vun den Entscheedungsträger léien, genau sou wéi Intressevertrieder an Zivilgesellschaft, ginn oft wäitgehend ignoréiert. A genau dat muss ee leider och feststellen am Bildungssecteur hei zu Lëtzebuerg.

Wéi oft, an de leschte Wochen a Méint, hu Gewerkschaften, Elterevereenegungen, Schülerorganisatiounen, Facebookgruppen etc. sech zu Wuert gemellt am Kader vun der Covid-Krise, ouni dass se gehéiert gi sinn? D’Matsproocherecht vun de Gewerkschaften, de Schüler an Elterevertriedungen hu massiv gelidden ënnert dem DP-Minister Claude Meisch, an dat net nëmme säit dëser Krise. Hien ass z.B.d ee Minister, deen eng Onmass vu Gremien geschafen huet vir no baussen ze weisen, wéi demokratesch e virgeet, awer ni dofir gesuergt huet, dass des Gremien och wierklech kënne konstruktiv funktionéieren. Sou z.B. de Bildungsdësch, vun deem souvill geschwat ginn ass virun enger Zäit, sou z.B. de Conseil supérieur de l’Education nationale oder nach de Comité à la formation professionnelle.

Wat z.B. de Comité à la formation professionnelle ugeet: Am Gesetz vun 2008 iwwert d’Reform vun der Beruffsausbildung gëtt dëse Comité gegrënnt als Haaptgremium, wou all Acteuren sech sollen zesummefannen a wou déi grouss Linne vun der Beruffsausbildung solle geplangt a suivéiert ginn. Dee groussen Ophänkert. Dëse Comité, den Haaptgremium vun der Beruffsausbildung, ass tëschent 2008 an 2020 ganzer zweemol zesummekomm.

Bildschirmfoto_2021-02-24_um_091353.pngHéi verlaange mir ganz kloer, dass eppes muss changéieren. Mir wëllen ewech vun enger Politik vun de groussen Ukënnegungen ouni Suivi. Et ass um Terrain, wou eppes geschéie muss, an déi Acteuren déi do schaffen a léieren, déi musse vun Ufank un an esou e Prozess mat agebonne ginn. 

Dat nämmlecht zielt fir d‘Ausschaffe vun de Gesetzer am Bildungssecteur. Do wou mir, als Gewerkschaften, fréier schonns beim Avant-projet de loi mat an Diskussiounen agebonne gi sinn, gi mir elo, esou wéi kierzlech mat de Gesetzestexter 7658 a 7662, praktesch eréischt dann informéiert, wann de Gesetzestext an der Chamber deposéiert gëtt.


Et geet net duer, dass just eng vun der CGFP total dominéierter Staatsbeamtechamber de Projet de loi ze gesi kritt an säin Avis kann ofginn. Esou gi ganz vill Stëmme bausse virgelooss. Wou sinn dann do z.B. d‘Stëmme vum SEW, vun der APESS, oder och vun de Chargée’en, déi zesummen ëmmerhin wäit iwwert d’Hallschent vum Schoulpersonal am Secondaire representéieren.

A wa mir dann eran an d’Schoule ginn, do gesäit et och oft net vill besser aus. Och intern an de Schoulen ass et net ëmmer sou mat dem Demokratieverständnis. Besonnesch do, wou Direktiounen sech d’Prinzippie vum New Public Management ganz besonnesch zu Häerzen huelen, ginn Decisiounen ëfters ouni demokratesch gefouert Diskussioune geholl. E gutt Beispill ass hei erëm eng Kéier d’Covid-Krise, wou eng ganz Réi Decisiounen, a méi wéi engem Gebai, ouni gréisser Concertatioun mat den eenzelen Acteure vun den Direktioune geholl gi sinn, dat z.B beim Aféieren oder net Aféiere vun der Maskeflicht am Klassesall, bei Adaptatiounen un den Horairen am Lycée wéinst der Krise etc.

Bildschirmfoto_2021-02-24_um_092049.pngHei verlaange mir, dass an Zukunft dem Conseil d’éducation an de Lycéeën eng méi wichteg Roll muss zoukommen. Dee Conseil besteet jo aus Vertrieder vun den Enseignanten, de Schüler, den Elteren an der Direktioun a misst un sech dat wichtegsten Decisiounsorgan an der Schoul sinn. An déi Decisioune déi do geholl ginn, solle respektéiert ginn, och wann se net der Meenung vun der Direktioun entspriechen.

Dat hei si nëmmen e puer Beispiller zum Thema Dialog- an Demokratieverständnis am Bildungssecteur. A wéi schonns gesot, mir si net déi eenzeg, déi heimadder Problemer hunn. Och Schüler- an Elterevertrieder gesinn dat änlech. An dat ass och e vun de Grënn firwat SEW an APESS haut hei gemeinsam um Dësch setzen. Mir mussen, a mir wëllen eis Kräfte bündelen. Dofir siche mir och de Kontakt mat de Chargéesvertrieder sou gutt e wéi mat de Schüler- an Elterevertrieder. Dës Bündnisser sollen an Zukunft vermeiden, dass ëmmer erëm, an och dat ass eng klassesch Taktik vun der Privatwirtschaft, vum Patron deen ee géint deen aneren ausgespillt gëtt.

Gilles Everling, APESS

Déi fréizäiteg Spezialiséierung am Enseignement général zwéngt d’Schüler dozou, schonns op der 5e, an engem jonken a pubertären Alter, entscheedend Weiche fir hier berufflech Zukunft ze stellen. Mir wëssen, net nëmmen aus dem Bildungsbericht, mä och aus eiser eegener Praxis, datt e groussen Deel vun de Jugendlechen an deem Alter nach guer net räif genuch ass, fir esou Entscheedungen ze huelen. Dat betrëfft z.B. Schüler, déi net d’Ënnerstëtzung vun doheem hunn fir si ze leeden oder déi schoulesch, respektiv psychesch Problemer ënnerschiddlecher Natur hunn. Si verbauen sech duerch déi fréi Spezialiséierung ënner Ëmstänn de Wee fir herno dat ze maachen, wat si wierklech interesséiert.

An eisen Ae wier et z.B. sënnvoll, de Secondaire général, an der Struktur, un de Secondaire classique unzegläichen an och am Général d’Opdeelung eréischt ab der 3e anzeféieren. Op 4e kéint ee verschidden Optiounen, och aus dem Handwierk, ubidden, fir dem Schüler d’Geleeënheet ze ginn sech z’informéieren, ier en eng Orientéierungsdecisioun huele muss. Hei sollt de Schüler och vun enger Foire de l’Orientation profitéiere kënnen. Laut Bildungsbericht hëlleft et den defavoriséierte Schüler ganz vill, wa si an heterogene Klassen integréiert sinn, wärend déi staark Schüler d’Méiglechkeet hunn, hier sozio-emotional Kompetenzen souwéi hiren Humanismus weider z’entwéckelen, ouni datt hier schoulesch Leeschtungen dorënner leiden. Doriwwer eraus menge mir, datt et fir de gesellschaftlechen Zesummenhalt an d’géigesäitegt Verstoe wichteg ass, datt eis Jugend sou laang wéi méiglech eng gemeinsam Bildungsbasis an der ëffentlecher Schoul kritt.

Doduerch, datt e Lycée am Secondaire classique neierdéngs souzesoen seng eege Sektiounen A bis I schafe kann, mat sengen eegenen Niewen- an esouguer Haaptfächer, stellt sech d’Fro, wéi dann nach e nationale Premières-exame bestoe soll? Wien gëtt dann z.B. 2. an 3. Correcteur, wann e Fach nëmmen an engem Gebai ugebuede gëtt?

D’Schoulautonomie féiert dozou, datt all Schoul ëmmer méi Opwand fir Marketing bedreiwe muss, fir sech ze profiléieren an ze positionéieren. Sou entsteet ëmmer méi Competitioun statt Kollaboratioun tëscht de Schoulen.

Mir gesinn och de Risiko vun enger geographescher Diskriminatioun, well z.B.de Norden net déi selwecht Offer bidde ka wéi den Zentrum.

Dat Ganzt ass am Kader vum General Agreement on Trade in Services (GATS), vu PISA an der Globaliséierung allgemeng ze gesinn. GATS ass säit 1995 a Kraaft an hei geet et drëm, d’Schoulen a Kompetitioun mateneen ze setzen a se maartfäegze maachen. D’Ziel vun der Educatioun ss ëmmer méi mënschlech Ressourcë fir den internationalen Aarbechtsmaart ze produzéieren, amplaz vu kriteschen a mëndege Bierger mat enger breeder a gemeinsamer humanistescher Bildung.

Nieft der Schoulautonomie gëtt et en zweeten elementare Bestanddeel vun der Educatiounspolitik, deen eis Suerge mécht. Dee säit Jore bedriwwene systemateschen Ofbau vun der Proffekarriär huet dozou gefouert, datt eise Beruff massiv un Attraktivitéit verluer huet, sou datt säit laangem en akute Mangel u qualifizéierte Kandidaten an enger Rei Fächer besteet.

Anstatt d’Karriär erëm méi attraktiv ze maache gëtt gekuckt, fir manner qualifizéiert Leit u Bord ze bréngen. Sou hu mir ëmmer méi Leit déi Cours halen ouni pedagogesch Ausbildung, z.B. bei der Formation des Adultes, bei de BTSen, asw. Dozou gehéieren d’finanziell Aboussen, déi den Enseignanten am Kader vum Zukunftspak operluecht a net réckgängeg gemaach goufen. Dëst betrëfft d’Aarbecht an de Kommissiounen, z.B. d’Programmkommissiounen an d’Korrekture vun de Premièresexamen, déi ëm 25% manner bezuelt ginn.

Bildschirmfoto_2021-02-24_um_092217.pngDuerch de Règlement grand-ducal vum 6 September 2016 gëtt den Enseignant am Secondaire vis-à-vis vun allen anere Staatsbeamten diskriminéiert, well e vill méi Formation continue maache muss.

D’Formation continue ass am Beamtestatut gereegelt, dee fir d’Karriär A 130 Deeg, also 180 Stonne virgesäit fir an de leschte Grad ze kommen. D’Weiderbildung gëtt bei den anere Fonctionnairen net nëmme bezuelt mä ass mat Avancementer an der Karriär verbonnen. Dogéint soll en Enseignant, wann e 40 Joer aktiv ass, 40* 16= 640 Stonne Formatioun maachen, also méi wéi dat dräifacht an déi zousätzlech 460 Stonnen si net mat Avancementer verbonnen. En plus sinn déi 640 Stonnen och nach a senger Virbereedungszäit ze maachen, wärend all anereStaatsbeamten déi 180 Stonne wärend senger Aarbechtszäit mécht.

Dobäi kënnt, datt den Enseignant, dee méi wéi déi verlaangten 48 Stonne Weiderbildung an enger Dräijoresperiod gemaach huet, just 16 Stonnen dierf mat eriwwer huelen. De Rescht verfält. Esou eppes gëtt et soss néirens beim Staat.

An eise Lycéeën leeschten d’Enseignantë säit Joren eng grouss Zuel vun Iwwerstonnen. Meeschtens net well si sech langweilen oder fir e Kolleeg z’ersetzen, dee kuerzfristeg krank ginn ass, mä well en ëmmer méi akuten Enseignantsmangel besteet. Mir schwätzen also hei haaptsächlech vun Iwwerstonnen, déi vum éischte bis zum leschten Dag vum Schouljoer gehale ginn. Vun eise Kolleege wësse mir, datt dës Situatioun oft zu chroneschem Stress an Iwwerbelaaschtung féiert.

Ouni déi vill Iwwerstonnen wier de Secondairesschoulbetrib awer net oprecht z’erhalen. Dem Educatiounsministère, an dem Staat allgemeng, ass déi Situatioun säit laangem bekannt a passt hinne ganz gutt an de Krom, well dee Modus operandi wesentlech méi bëlleg gëtt wéi nei Enseignanten anzestellen. Dat läit dorunner, datt eis Iwwerstonnen 30-50% manner bezuelt gi wéi “normal” Schoulstonnen, wuelgemierkt fir de selwechten Aarbechtsopwand.

Dobäi kommen dann Äusserungen, wéi déi vum Premierminister viru 5 Joer, datt d’Professeren elo just nach fir déi Aarbecht géifebezuelt ginn, déi se wierklech maachen. Et fält schwéier, dat net als e Schlag an d’Gesiicht fir eise Beruffsstand ze betruechten.

De néie Bewäertungssystem baut Drock op fir privatwirtschaftlech Management-methoden an d’ëffentlech Schoul ze bréngen an d’Enseignantë gefügeg ze maachen. E féiert zu engem immensen administrativen Opwand a bënnt Energie, déi besser fir pedagogesch Zwecker agesat kéint ginn.

Bildschirmfoto_2021-02-24_um_092842.pngD’Reform vum Cycle inférieur, déi virun zwee Joer de Cours de base an de Cours avancé souwuel an de Sproochen wéi och an der Mathe agefouert huet, ass e weidert Beispill dofir, wéi ouni Consultatioun vum Terrain massiv Ëmstrukturéierungen iwwer de Knéi gebrach ginn. Dëst huet grouss organisatoresch a pedagogesch Erausfuerderungen a vill Onsécherheet bei allen Acteuren mat sech bruecht. Mat engem Resultat, dat aus schoulescher Sicht vu ville Leit méi wéi a Fro gestallt gëtt.

Och hei gëtt een den Androck net lass, datt et sech ëm eng weider verstoppte Spuermoossnam handelt, well duerch d’intern Differenzéierung - déi extern ass wéinst akutem Ressourcemangel a ville Gebaier guer net realiséierbar - d’Klasseneffektiver nach weider an d’Luucht ginn, wat eng reell Differenzéierung nach manner ëmsetzbar mécht an de Stress vum Enseignant weider steigert.

Da gëtt och ëmmer erëm probéiert Geld ze spueren andeems een d’Dechargen erof setzt, z.B. fir d’Regencen, obwuel grad dem Regent seng Aarbechtslaascht duerch d’Reformen an déi grouss Klasseneffektiver staark geklommen ass.



weidert Puzzelstéck vun der Privatiséierung stellen di sougenannten «Public Private Partnerships» duer: Privatkonzerner ënnerschreiwe Kontrakter mat dem Staat an huelen sou Afloss op di national Bildungslandschaft a loossen sech dofir och nach deier mat ëffentleche Gelder bezuelen. De Staat gëtt sou een Deel vu senger Responsabilitéit u privat Acteuren of, di d’Bildung als e lukrative Marché gesinn.

Bildschirmfoto_2021-02-25_um_082842.pngE Beispill fir dës Public Private Partnerships sinn d’Kontrakter mat Apple a Microsoft. An deene leschten 3 Jore sinn iwwert 12 Milliounen ëffentlech Gelder un dës Konzerner gefloss, an och an Zukunft wäerte nach vill ëffentlech Gelder un dës Konzerner fléissen. Ouni Zweiwel ass et néideg, dat d’Schoule mat digitalem Material equipéiert ginn an datt d’Schüler léieren, domadder ëmzegoen. Mee maache mir eis keng vir: Dëst ass sécherlech net dat primäert Ziel vun Apple a Co: Et geet em Suen an et geet dorëms, d’Schüler un déi Produiten ze bannen, di des Konzerner ubidden, sou dass eis Schüler des Produiten och als Erwuessener kafe wäerten. D’Schoul gëtt als Marché gesinn an de Schüler als Client - an dat ass eng ongesond a geféierlech Entwécklung fir eis ëffentlech Schoul. Mir wëllen eis Schüler zu mëndegen, kriteschen a responsabele Bierger erzéien, di hire Konsum kritesch reflektéiere kennen, a net zu Konsummarionette vu Grousskonzerner.

E weidert Beispill fir des Public Private Partnerships si Kontrakter, di de Staat mat Pearson, IBO a Cambridge Assessment schléisst. Des Kontrakter gi virun allem am Kader vun der Internationaliséierung vun der nationaler Schouloffer geschloss, obwuel een op offiziell europäesch Programmer kéint zréckgräifen. Hei gi Programmer, Lizenzen an Ofschlossexamen inklusiv Korrektioun bei private Bildungskonzerner kaf.

D’Zuel vun de Schoulen, di mat dëseKonzerner schafft, huet an deene leschte Jore stänneg zougeholl: di engleschsproocheg Klassen am Athenée an am Escher Jongelycée, souwéi di franséischsproocheg Klassen am LTC funktionéiere mat Programmer an Ofschlossexame vun IBO, wärend di engleschsproocheg Klassen am Lycée Michel Lucius mat Programmer an Exame funktionéieren, di vun de Konzerner Pearson a Cambridge Assesment ausgeschafft goufen a fir déi de Staat deier bezuele muss.

Privat Konzerner, a net di ëffentlech Hand,leen also hei fest, wat op wéi engem Niveau geléiert a gepréift soll ginn. Mir sinn awer der Meenung, dat den ëffentleche Bildungsoptrag an der Hand vum Staat muss bleiwen an net an den Hänn vu private Grousskonzerner.

Wouhinner et ka féieren, wann een de Privatkonzerner di ëffentlech Bildungslandschaft als Marché iwwerléisst, kann ee kloer um Beispill vu Groussbritannien erkennen. Och hei ass d’ Privatiséierung e schläichende Prozess gewiescht. Och hei sinn ëmmer méi Privatkonzerner, di mat ëffentleche Gelder bezuelt goufen, an di ëffentleche Schoule komm an hunn se vu banne privatiséiert. D ’Resultat ass, dat 60% vun de Lycéeën zwar duerch ëffentlech Gelder finanzéiert ginn, mee soss komplett privatiséiert goufen.

Dat geet esou wäit, dat säit 1992 e Ranking vun alle Schoule verëffentlecht gëtt, an déi Schoulen, di fir am Ranking sinn, méi finanziell Mëttele vum Staat zur Verfügung gestallt kréien. D’Resultat ass, dat sech Elitteschoulen a “Ghettoschoulen” doduerch geformt hunn an d’Chancëgläichheet net mi existéiert. An di schoulesch Konkurrenz, di hei zu Lëtzebuerg am Kader vun der schoulescher Autonomie propagéiert gëtt, wäert à long terme och riskéieren, änlech Konsequenze fir eis Schülerinnen a Schüler ze hunn.

Et muss een erkennen, dat di Privatiséierung vun der ëffentlecher Schoul a klenge Stécker, Puzzelstéck fir Puzzelstéck zesummegesat gëtt, an dofir gelt et, ELO schonn des geféierlech Evolutioun ze stoppen.

D’Theorie, dat de fräie Marché schonn alles zum Gudde reegele wäert, ass een Irglawen. Jo, de fräie Marché, deen nom Prinzip vun Offer an Demande, Konkurrenz a Profitmaximéierung funktionéiert, dee wäert gewësse Saachen op seng onerbittlech Aart a Weis reegelen, esou wéi en et haut an eiser Aarbechtswelt scho mëscht: Mir schaffe mat “Humankapital”, net mat Mënschen, an dat “Humankapital” musse Profitter generéieren, si hunn se funktionéieren a sollen am beschten net dat hannerfroen, wat se produzéieren. An d’Resultater vun dëser Philosophie gesi mer iwwerall: Ëmweltzerstéierung a Ressource-verschwendung, well mer ze vill a net responsabel produzéieren a consomméieren, a sozial Ongläichheeten, di op globalem Niveau ëmmer méi zouhuelen an eis Gesellschaft spalten.

An d’Resultat vun eiser Lëtzebuerger neoliberalerBildungspolitik gesi mir, wann mir eis di héich Chiffere vum Jugendchômage ukucken oder wann mir eis de nationale Bildungsbericht ukucken. An do musse mir och ganz kloer soen, dat verschidde Reformen, di vum Ministère als sozial verkaf ginn, eigentlech verstoppte Spuermoossname sinn, wéi z.B. eng quasi Ofschafung vum Redoublement, d’Reform vum Cycle inférieur am ESG an d’Ofwäertung vun den Diplomer. De fräie Marché reegelt dëst natierlech, op seng eegen Aart a Weis: Jugendchômage a d’verstäerkt Opkomme vun Eliteunien, di selwer bestëmmen, wéi een Diplom eppes wäert ass a wéi een net, si just zwee Beispiller vu villen. An dëst weist, dat mir en Ëmdenke brauchen, an dat och an der Schoul.

Bildschirmfoto_2021-02-25_um_083522.png

Gilles Everling, APESS

Eis aktuell Fuerderungen kann e folgendermoosse resuméieren:

  • Mir stelle fest, dass vun Initiativen wéi dem Bildungsdësch zwar vill geschwat gouf, dee bis haut awer nach net existéiert. Mir fuerderen eng fundamental Diskussioun mat allen Acteuren, ënner anerem de Gewerkschaften, Schüleran Elterevertrieder souwéi Bildungsfuerscher, iwwer d’zukünfteg Roll, Ausriichtung an Entwécklung vun der ëffentlecher Schoul zu Lëtzebuerg.
  • Mir wënschen eis e méi integrative Bildungssystem, deen d’Bildungsongläichheete reduzéiert.
  • Bildschirmfoto_2021-02-25_um_083606.pngWa Reforme geplangt ginn, mussen déi am Virfeld mat allen Acteuren diskutéiert ginn. D’Gewerkschafte musse vun Ufank un aktiv agebonne ginn an däerfen net mat engem fäerdege Projet de loi konfrontéiert ginn. Mir maachen en Appell un d’Regierung an d’Chamberskommissiounen, sech mat eis a Kontakt ze setzen ier e Gesetzesprojet gemaach gëtt.
  • Amplaz d’ëffentlech Schoulen ëmmer méi wéi Privatbetriber z’organiséieren ass et an eisen Aen dringend néideg, Ressourcë fir Moossnamen zur Verfügung ze stellen, déi d’Schüler wierklech ënnerstëtzen, wéi zum Beispill: ȿ Eng systematesch a gezielten Nohëllef fir all Schüler, deen et braucht. ȿ Eng déifgräifend Analys an Evaluatioun vun der Reforme vum Cycle inférieur, an enker Zesummenaarbecht mat allen Acteuren. Sollten sech doraus Ännerungsfuerderungen erginn, mussen déi och zesumme mam Terrain ausgeschafft ginn.
  • Ëffentlech Schoulen dierfe just vu Leit mat adequater pedagogescher Ausbildung an Erfarung a Sproochekenntnisser geleet ginn. D’Gesetzesprojeten 7658 a 7662 mussen endgülteg vum Dësch.
  • D’Proffecomitéë mussen erëm agefouert ginn, sou wéi se bis Enn 2016 existéiert hunn.
  • D’Proffekarriär muss méi attraktiv gemaach ginn an eis systematesch Diskriminatioun, besonnesch wat d’Iwwerstonnen, Formation continue a Spuermoossnamen ugeet, muss ophalen.