Questionnaire: Reprise am Fondamental


Léif Enseignanten aus dem Fondamental,
mir géingen Iech häerzlech invitéieren, Iech e puer Minutten Zäit ze huele fir eise klenge Questionnaire iwwert d'Organisatioun vun der Reprise am Fondamental ze beäntwerten.
Äre Feedback erlaabt eis fir eis méi e preziist Bild ze verschafen a wann et néideg sollt si beim Educatiounsminister ze intervenéieren, respektiv är Froe weider ze leeden.
Esou séier wéi mir Äntwerten op är Froen hu stelle mir se an d'Rubrik FAQ. Mir kënnen natierlech net garantéieren op all Froen eng Äntwert ze kréien.
Selbstverständlech mussen am Questionnaire net all Froe beäntwert ginn! Dir kënnt just bei deene Punkten eis e Feedback ginn, déi fir Iech relevant sinn.
Är Äntwerte si streng vertraulech an d'Froe ginn nëmmen an
enger strikt anonymiséierter Form weidergeleet.
Är Donnéeë brauche mir nëmme fir Fake-Äntwerten ze vermeiden.
Si ginn net publizéiert an net stockéiert.
Mir géifen iech och bieden de Link op de Questionnaire un är KollegInne weider ze leeden:
#!form(questionnaire_reprise_2020):