RTL Kloertext vum 21.05.: Schoul a Corona-Zäiten

RTL Kloertext vum 21.05.:
Schoul a Corona-Zäiten
Zréck an d’Schoul a Corona-Zäiten: Nom Homeschooling de Splitting an A- a B-Wochen an eng nei Normalitéit mat Distanz, Buff a Plexiglas.
Schoul hale wäert an Zukunft net méi d’selwecht sinn ewéi virun der Kris. Dat geet aus dem Kloertext op eiser Antenne ervir. An der Sendung goung et ëm d’Opmaache vun de Schoulen a Corona-Zäiten. Thematiséiert gouf ënnert anerem den Homeschooling, a wéiwäit d’Tester kënnen hëllefen a wéi sënnvoll de Splitting vun de Klassen ass.
Vill Proffen hätten am Lycée séier rëm wëlle mam Programm weider fueren, sot de CNEL-President Kimon Leners, Erklärungen zu de Sécherheetsmesurë wieren onkomplett gewiescht.
«An do ass de Probleem, datt och d’Virbiller selwer net Bescheed wëssen. A wann do iergendeen Enseignant, deen e Virbild ass fir d’Schüler, seet «e Buff bréngt näischt» an de Buff kënnt awer vum Ministère, ma da stelle sech ganz vill d’Schüler d’Fro wat do lass ass.»
Beim Thema Buff - all Schüler, och am Fondamental, sollt den éischten Dag vun der Rentrée schonn am Bus säi ronnt Halsduch kréien. «Mee zu Esch hu mer emol nach keng Buffen. Dat heescht e Méindeg geet d’Schoul un. An e Freideg de Mëtteg sollen aus China iwwer 6.000 Buffe fir Esch kommen. An déi musse jo dann nach verpak ginn an déi mussen dann nach fir e Méindeg an d’Schoul kommen.»
Iwwerdeems géifen nach 96 Leit Personal feelen, fir den Encadrement mat gedeelte Klassen z’assuréieren, esou den Escher CSVBuergermeeschter, Georges Mischo, an der Stad Lëtzebuerg feelen der nach 88.
Dem Patrick Arendt vum SEW-OGBL no, hätt de Ministère d’Iddi vum Splitting net méi wëllen opginn, obwuel se fir d’Acteuren um Terrain kaum ze realiséiere wier.
«Do war no kuerzer Zäit kloer - onméiglech. An do sinn déi ganz Mesuren esou verwässert ginn, dass Gruppen zesummegeschloe ginn, an dunn huet et op eemol aus dem Transportministère geheescht, esou vill Bussen hu mer guer net, mir kënnen d’Kanner och net am Bus isoléieren, da gi se am Bus beienee gesat. Dat heescht mir hunn eigentlech keng isoléiert Gruppe méi.»
Bei der Rentrée am Lycée hätt ee gesinn, datt et schwéier wier, fir d’Schüler sech un alles ze halen, sot d’Direktesch vum Michel Lucius Pascale Petry. Et misst een hinnen erklären, firwat d’Mesurë
wichteg wieren, mee...
«Ech denken awer, datt mer net ze vill dierfen eng Scholdzouweisung maachen, oder ze vill eng Laascht och op déi Jonk ginn a soen «wann s du dat mëss, da bass de gesellschaftlech de Béisen». Mee ech mengen awer, datt mer lues a lues mussen an déi Richtung kommen, datt mer soen, et ass eng nei Realitéit déi mer einfach hunn, an dat musse mer acceptéieren.»
© Eric Steichen