Zanter 25 Joer do fir d’Chargéen am Fondamental

Zanter méi wéi 25 Joer setzt d’Beruffssektioun Enseignement vum Landesverband sech fir d’Rechter vun de Chargé-de-coursen am Fondamental an.
Eng ganz Partie Verbesserunge wéi z.Bsp. d‘Regulariséierung vu ganz villen illegale CDDen (d’Ëmwandlung vun zäitlech befristete Kontrakter a „Contrats à durée indéterminée“), d’Aféiere vun enger Altersdécharge (woubäi mir déi aktuell Reegelung fir d’Chargéen awer just als éischt Etapp ugesinn) oder awer nach d’Ersetze vun der onméiglecher Reaffektatiounsprozedur um Geesseknäppchen duerch e moderne System konnte mir als Landesverband schonn duerchsetzen.
Et ass e Fakt, dass den Enseignement fondamental ouni déi deeglech Mataarbecht vun de Chargé-de-coursë kee gereegelten Unterrecht an eise Schoule kéint gehal ginn.
Jorelaang gouf d’Aarbecht vun eis Chargéen awer net vun offizieller Säit gewierdegt. A vill Rechter, déi haut selbstverständlech erschéngen, hu mir eis missen am Laf vun der Zäit schwéier erkämpfen. Mee mir hunn dat mat Hëllef vum Landesverband gepackt.
Och haut nach bleiwe vill Aarbechtskonditiounen verbesserungswierdeg. Finanziell prekär Situatiounen vun de Chargéë mat engem CDD, d’Altersdéchargë fir eis Kolleegen iwwer 50 Joer. Ausserdeem fuerdere mir als Landesverband/SEW/OGBL d’Méiglechkeet vum Nohuele vum Unisdiplom „en cours d‘emploi“.
Mir sinn eis den Aufgaben also bewosst a stinn a stännegem Kontakt mat de responsabele Beamte vum Ministère fir Léisungen ze fannen. De Wee ass laang, mee well mir awer ronn 40 % vun alle Chargé-de-coursen, déi am Fondamental schaffen, vertrieden, hu mir e gewëssent Gewiicht a ginn als éischt Ulafstell vum Educatiounsministère ugesi wann et ëm den Dialog mam net-brevetéierte Personal geet.
Zesumme mat eise Kolleege vum SEW/OGBL, also dem Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft, wäerte mir och weiderhi fir d’Interesse vun alle Chargé-de-coursen am Fondamental kämpfen.