Wien ass no beim Handwierk a wien ass méi no?

Wien ass no beim Handwierk a wien ass méi no?
D’Gemengewalen sinn eriwwer, déi nächst Walen sti virun der Diir. Bis Oktober loosse mer gespaant sinn wat an de Walprogrammer ze fannen ass.
D’AMELUX huet virun engem Joer ongeféier en Tour duerch déi politesch Landschaft gemaach fir de Boltz bei de Parteien ze fillen. Mir hunn drop higewisen datt et u Jonken am Handwierk/Beruffsausbildung feelt. Déi meescht Jonk déi mer lo am Handwierk hunn, hunn dëse Wee net fräiwëlleg gewielt. Dat well se an d’Handwierk orientéiert gi wa si ze schwaach fir de Général oder de Secondaire sinn. Wann ee schwaach an der Mathé oder an de Sproochen ass, da kann een eppes mat den Hänn schaffen, gëtt ugeholl. Et muss ee wëssen, datt mir d’Gesellschaft, d’Leit no Diplomer wäertschätzen an déi Diplomer déi een am Handwierk maachen kann, sinn net esou vill wäert wéi déi akademesch. Et kann een also verstoen firwat d’Elteren soen, maach mol deng 1ière an dann gees du op d’Universitéit an dono kucke mer.
Et brauch ee méi ewéi waarm Wierder fir d’Beruffsausbildung opzewäerten. Den Ufank muss d’Opwäertung vun den Diplomer an der Beruffsausbildung maachen, esou kënnt et zu engem Ëmdenken an der Gesellschaft. D’AMELUX fuerdert datt d’Meeschterprüfung als CLQ6 agestuuft soll ginn, den Inférieur soll ëm 1 Joer verlängert ginn.
Jo, mir waren bei de Parteien, bei bal all de Parteien, déi meescht hu verstanen an eis och recht ginn. Ouni d’Handwierker, ouni déi manuell Kompetenzen, géif et net goen. Et muss een déi manuell Kompetenzen genausou wéi déi akademesch unerkennen.
Ass et eescht gemengt wat dir eis gesot hutt? Mir erwaarden elo déi Elementer an de Walprogrammer erëm ze fannen. Weist datt dir d’Handwierker, déi jo och Wieler sinn, respektéiert an unerkennt! D’AMELUX waart gespaant op d’Walprogrammer fir se opmierksam duerchzeliesen, an fir ze gesi wéi eng Partei just mat waarme Wierder kënnt a bei wéi enger Partei et heescht “gesot gemaach!” Op dësem Wee invitéieren mir d’Parteien sech ëffentlech der Saach ze stellen.
Matgedeelt, vun der AMELUX,
de 14. Juni 2023