Ass de CETA gutt an den TTIP schlecht?

15.10.2016

Ass de CETA gutt an den TTIP schlecht?


A leschter Zäit héiert een vun offizieller Säit ëmmer erëm, den TTIP mat den Amerikaner wär an der Sakgaass, well d‘Yankeeën keng Kompromësser wéilten agoen, mä de CETA-Vertrag mat de Kanadier wär dogéint equilibréiert a gutt; a mir bräichten eis keng Suergen ze maachen fir eis Demokratie an eis sozial- an Ëmweltrechter.

Mä stëmmen déi Aussoen? Et ass derwäert, dat méi genee ze analyséieren. A wann een dat mécht, gesäit een, dass de CETA an den TTIP a Wierklechkeet Zwillinge sinn!

1. Obschonn nom CETA-Accord bei deene ëmbenannte Schiidsgeriichter ëffentlech Riichter agesat an eng Appell-Méiglechkeet agefouert soll ginn, sinn dat nëmmen Ännerungen an der Form vun deene Geriichter. Déi verännert Schiidsgeriichter bleiwen nämlech eng Geriichtsbarkeet, déi - speziell zum Virdeel vun multinationale Gesellschaften - onofhängeg vun all gesellschaftlechem Kontext eng eegen Dynamik wäert entfalen an déi, wat de Fong vun den Affairen ubelaangt, eng total eesäiteg Jurisprudenz géing produzéieren.

De CETA-Vertrag baséiert nämlech, genau wéi den TTIP, op zwee wesentleche Prinzipien, deenen sech d’Riichter an hiren Uerteeler net wäerten entzéie kënnen. Déi zwee Prinzipien sinn:

* De Prinzip vun der indirekter Expropriatioun a „gerechter a fairer Behandlung“

Wann z.B. duerch eng Gesetz- oder Reglementsännerung d’Profiterwaardungen vun den Investisseurenduerchkräizt ginn, kann eng multinationale Gesellschaft, déi hire Sëtz oder eng Filial a Kanadahuet, dee jeeweilege Staat oder déi jeeweilegGemeng viru Geriicht huelen an op Schuedenersatz verkloen. Dat wäert dozou féieren, dass Fortschrëtter an der sozial- oder Ëmweltgesetzgebung vu vireran blockéiert ginn, well d’Staaten oder d’Gemengen virun dem Risiko, a Milliounenhéicht verklot ze ginn, zeréck schrecken.

* De Risikoprinzip (an net wéi bis elo an Europa, de Virsuergprinzip)

D’Beweislaascht gëtt doduerch ëmgekéiert: Dee betraffene Staat oder eng ONG misst wëssenschaftlech Beweiser uféieren, fir dass e Verbuet oder eng Informationsmoossnahm noutwendeg ass fir d’Natur an de Konsument ze schützen, amplaz dass, mwéi bis elo an Europa, de Produzent muss beweisen,dass eng Moossnahm net noutwendeg a säi Produkt sécher ass. Dëst wäert sech besonnesch géint Ëmweltstandarden auswierken.

2. De CETA-Accord dreift d’Privatiséierung vun ëffentlechen Déngschtleeschtungen weider virun.

Am CETA-Accord gëtt a Saachen Privatiséierung, genau wéi beim TTIP, mat sougenannten negativ-Lëschten operéiert. Dat bedeit, dass eng Déngschtleeschtung, déi net op esou enger Lëscht steet, kann privatiséiert ginn.

Am CETA ginn och, genau wéi beim TTIP, d’Prinzipien vum “standstill“ a vum „ ratchet“ verankert, déi an engem Dokument vun der EU-Kommissioun erkläert ginn. Mat deenen zwee Prinzipien wier et onméiglech, eng Privatiséierung réckgängeg ze maachen, souguer wann se op der Ausnahmelëscht steet. Dat och, wann et sech erausgestallt huet, dass déi Privatiséierung kontraproduktiv war. Sou hätt z.B d’Stad Paräis oder d’Stad Berlin net méi kënnen d’Waasserversuergung zeréck an ëffentlech Hänn leeën.

Et besteet d’Méiglechkeet fir e Land, duerch d’Aschreiwung vun enger “unbound”-Klausel an der Annexe II vum CETA-Vertrag, sech fir eenzel Déngschtleeschtungen vun der Privatiséierungsméiglechkeet an vun de “standstill” an de “ratchet”-Prinzipien ze entbannen. Verschidde Länner, ewéi z.B. d’Belsch hu sech esou eng Ausnahm fir Stroum- a Gasnetzer reservéiert. Lëtzebuerg huet dat net gemaach. An anere Wierder: Wann CETA ratifizéiert gëtt, kann z.B. an der Stad Lëtzebuerg d’Stroum- an d’Gasnetz net méi rekommunaliséiert ginn.

3. D’Subventionéierung vun ëffentlechen Déngschtleeschtungen gëtt a Fro gestallt, an zwar mat Hëllef vun deene selwechte Mechanismen ewéi beim TTIP.

Éischtens emol ginn ëffentlech Déngschtleeschtungen net speziell geschützt; Waasser ass am Urzoustand (Mir, Séien, Flëss) zwar ëffentlech, mä d’Verdeelung dovun kann vun Privaten iwwerholl ginn.

Zweetens: am CETA-Accord steet zwar net, dass et verbueden wär, ëffentlech Déngschter ze subventionéieren. Mä an deem Fall besteet d’Méiglechkeet fir multinational Konzerner (kanadescher sécher, mä och amerikanescher oder europäescher, wa se eng Filial a Kanada hunn), ze kloen, op der Basis vun der “Expropriation indirecte”, wann hir Beneficer doduerch erof ginn, dass déi ëffentlech Betriber méi bëlleg kënnen ubidden. Si kënnen dann nom Grondsaz vun der ”gerechter a fairer Behandlung”, deen am CETA-Vertrag, genau wéi am TTIP steet, entweder eng Entschiedegung verlaangen oder froen, och subventionéiert ze ginn. Dat géing de Staat oder d’Gemeng deier ze stoe kommen a géing lues a lues zu enger Privatiséierung vun allen ëffentlechen Déngschter féieren.

4. Déi ëffentlech Ausschreiwungen gi staark betraff.

A Saachen ëffentlech Ausschreiwungen sinn d’Kanadier méi “coulant” ewéi d’Amerikaner. Si erlaben, dass bei hiren eegenen Ausschreiwungen och europäesch Betriber matmaache kënnen. D’USA wëllendat net an et ass absurd, dass ënnert deene Bedingungen d’EU sech iwwerhaapt op eng Diskussioun agelooss huet. Mä dat géigesäitegt Opmaachen vun den ëffentlechen Ausschreiwungen tëscht Kanada an der EU bedeit nach laang net, dass dat positiv wär an e Grond, de CETA gutt ze fannen. Dat hänkt nämlech vun de Bedingungen an de Konsequenzen fir déi europäesch Gesellschaft of. An déi sinn negativ!

Wuel sinn d’Seuil-en, déi am CETA-Traité ageschriwwe sinn, ongeféier déi selwecht ewéi déi, di elo op europäeschem Plang gëllen. Mä et muss ee bedenken, dass an Zukunft z.B. fir déi ëffentlech Verdeelungsreseauen fir Waasser an Energie, fir den ëffentlechen Transport, fir déi ëffentlech Spideeler, fir déi ëffentlech Schoulen a Sozialdéngschter

* d’Soumissiounen missten transatlantesch ausgeschriwwe ginn;

* mat der Erhéijung vun de Chargen an der Präisdeirecht ëmmer méi Ausschreiwungen dorënner géinge falen

* d’Ausschreiwungen fir all staatlech oder Gemengeservicer, déi net ausdrécklech als net concurrentiel gëllen (an dorënner fält notamment och d’Waasserversuergung) oder Objet vun enger Konzessioun sinn, fir multinational Gesellschaften accessibel géinge ginn.

Duerch all déi Dispositiounen géing d’Autonomie vum Staat a vun de Gemengen, wat hiren Approvisionnement ugeet, z.B. a Richtung vu lokale Fournisseuren, weider ageschränkt!

Wat een och muss bedenken, ass, dass nom CETA-Ofkommes, grad esou wéi beim TTIP keng sozial Kritären bei den ëffentlechen Ausschreiwungen kënne berécksiichtegt ginn.

Et muss een also fäerten, dass, wann CETA (oder TTIP) géing a Kraaft trieden, d’Sozialnormen bei enger Ausschreiwung keng Roll dierfte spillen. Dat ëmsou méi, wann ee weess, dass d’USA weder d’OIT-Konventioun iwwert déi gewerkschaftlech Fräiheet an de Schutz vum Gewerkschaftsrecht, nach d’OIT-Konventioun iwwert d’gewerkschaftlecht Organisationsrecht an d’Kollektivvertragsrecht ënnerschriwwen hunn, mä dass amerikanesch Betriber iwwert eng kanadesch Filial un ëffentlechen Ausschreiwungen an Europa deelhuele kéinten.

Da wäerte kloer déi europäesch Sozialstandarden (Mindestloun, Kollektivverträg) ënnert d’Riederkommen, wann et drëm geet, der beschter Offer denZouschlag ze ginn – soss riskéiert de Staat oder d’Gemeng e Prozess virum Schiidsgeriicht.

Aus all deem ergëtt sech, dass mat der Ausso vun offizieller Säit, den TTIP wär béis an CETA wär gutt, d’Leit regelrecht irgeleet ginn. De CETA ass, vun onbedeitenden Ënnerscheeder ofgesinn, gläichzesetzen mam TTIP oder aneren Fräihandelsofkommessen aus de leschte Joren, vun deenen de Wirtschaftsnobelpräis Paul Krugman eent dovun mam Saz: „This is not a trade agreement!“ charakteriséiert huet. Well wäit iwwert dat offiziell deklaréiert Zil vun der Entwécklung vum Handel eraus, schafe si d’Bedingungen fir eng hemmungslos Beräicherung vu wéinegen op Käschte vu villen, iwwert d’Zerstéierung vun de sozialen an ëmweltpoliteschen Errungenschaften. Besonnesch d’LSAP, mat hirerGalliounsfigur Asselborn, dee fir de CETA Reklammmécht, mä och déi Gréng, déi aus Koalitiounsgrënnkeng kloer Ausso wëlle maachen, missten endlech d’Zeechen vun der Zäit erkennen a vun der neoliberaler Ideologie ofréckelen, deeër hir Konsequenzen ëmmer méi Leit aus purer Verzweiwlung rietsextreme Kräften an d’Äerm dreift!

Guy Foetz