Ronn 250 Chargé(e)s-de-coursen ouni feste Kontrakt

Wann een den Zuelen aus dem Educatiounsministère vum September dëst Joer däerf gleewen, gëtt et ronn 1.000 Chargé(e)s-de-coursen am Fondamental. An dat bei enger Gesamtzuel vu 6.647 Enseignant(e)n am ganze Land (*). Dat bedeit natierlech, dass ouni d’Chargé(e)s-de-coursen am Fondamental zu Lëtzebuerg keng Schoul kéint gehale ginn. E gudde Grond also, fir eemol méi e geneeë Bléck op déi – a vill ze ville Fäll – prekär sozial Situatioun ze blécken, an déi eng ganz Rëtsch Zäitkontrakter d’Chargé(e)s-de-coursen era reiden.
Déi allermeescht vun eis Chargé(e)s-de-coursen halen déi Coursen, déi dat brevetéiert Personal oft als Décharge ofgëtt, wéi zum Beispill déi berüümt Surnumérairesfächer Konscht, Lëtzebuergesch, Musek, Vieso, Sport, Eveil aux sciences etc.
Oder awer si halen Appui-Stonnen an natierlech schaffen der vill och als Remplaçant(e) permanent(e). Natierlech schaffen och verschidde Chargé(e)s-de-coursen als Titulaire, wat awer éischter d’Ausnam ass.
Wann een sech déi genee Zuele vun der Rentrée 2022/2023 ukuckt, da gesäit ee wéi eng wichteg Aarbecht vun de Chargé(e)s-de-coursen am Fondamental geleescht gëtt. Quasi all 6. Enseignant am Fondamental ass deemno eng oder ee Chargé(e) de cours. Domat sinn d’Chargé(e)s-de-coursë systeemesch fir den Enseignement fondamental. Zemools wann ee weess, dass d’Direktioune mat Remplaçantë chronesch ënnerbesat sinn an händeringend no Ersatzleit sichen.
Dat misste jo eigentlech Grënn genuch si fir den Educatiounsministère fir ze kucken, dass d’Chargé(e)s-de-coursen anstänneg sozial ofgeséchert wären.
Dat ass awer – wéi déi allermeescht vun eis Chargé(e)s-de-coursen um eegene Leif schonn eemol erlieft hunn – bei wäitem net ëmmer de Fall. Wann een nämlech elo dat ganzt Zuelematerial méi genee ënnert d’Lupp hëlt, dat de Minister der Press bei der dësjäreger Rentrée virgeluecht huet, da kann ee feststellen, dass vun deene 6.647 Enseignanten am fondamental der 5.672 brevetéiert Personal – also fonctionariséiert Léierinnen a Schoulmeeschtere – sinn. 975 Enseignante wären deemno Chargé(e)s-de-cours. Dovun hätten der 726 e feste Kontrakt, also e CDI. Zu deene Chargé(e)s-de-coursë missten awer och d’Quereinsteiger zielen, déi jo direkt am 1. Joer schon e CDI ugebuede kréien. 249 Chargé(e)s-de-coursë wäre mat engem CDD agestallt – also mat zäitlech befriste Kontrakter. Et kann een an dësem Kontext och dovunner ausgoen, dass bei dësen Zuelen déi kleng kuerzfristeg «Studentekontrakter» vun e puer Deeg net matgeliwwert goufen.
Wann dat ganzt Zuelematerial – trotz gelungenen Ongereimtheeten (cf. d’Foussnott um Enn vum Artikel) – esou stëmmt, da wären also ronn 250 Chargé(e)s-de-coursen ouni feste Kontrakt. Déi meescht dovunner gi schonn zanter Jore mat esou prekäre Kontrakter ofgespeist. Déi allermeescht fueren zanter fënnef, sechs Joer oder deels nach vill méi laang duerch hiert berufflecht Liewen a gi reegelrecht vum Ministère all Joer op en Neits am Juli op eng ongewëss Rees an de September geschéckt.
Dat ass fir déi allermeescht Chargé(e)s-de-coursë mat groussen Agrëffer an hiert Privatliewe verbonnen a féiert zu deels groteske Situatiounen. Allzeoft sinn déi Chargé(e)s-de-coursen elengerzéiend an hoffen op eng fest Aarbechtsplaz. Wann een awer weess, dass d’Leit ouni CDI – egal a wéi engem Beruff – quasi kee Prêt accordéiert kréien an neierdéngs oft ee Bail de location refuséiert kréien, da kann een sech ausrechnen, a wéi enger verzweiwelter Situatioun sech esou munch(e) Chargé(e)s-de-cours mat CDD befënnt.
An da kënnt och nach ganz oft dat allze laangt Waarden op d’Pai dobäi well an den zoustännege Ministèren Dokumenter feelen oder Dossieren net komplett sinn.
Mir vum OGBL/SEW-Landesverband als eenzeg Gewerkschaft fir d’Chargé(e)s-de-coursen am Fondamental kënnen e Liddchen dovu sangen. Mir hu ganz vill Aarbecht domat fir esou Chargé(e)s-de-coursen ze begleeden. Sief et op administrativem Niveau oder mat finanzieller Ënnerstëtzung, déi mir an Noutfäll de Betraffene kënnen accordéieren. De Landesverband huet nämlech extra e Fong fir eis Memberen, déi onverschold a sozial oder finanziell Nout geroden.
An intensive Gespréicher kucke mir beim Ministère ze intervenéiere fir d’professionell Situatioun vun eise Memberen ze regulariséieren.
Eigentlech misst dat an engem Sozial- a Rechtsstaat wéi Lëtzebuerg eng Selbstverständlechkeet sinn ouni, dass mer als OGBL/SEW-Landesverband missten intervenéieren.
Pascal Hansen
Vizepresident vun der Sektioun Chargé(e)s-de-cours vum OGBL/SEW-Landesverband
(*) D’Zuele baséieren op dem offizielle Communiqué (Les chiffres de la rentrée 2022/2023) vum Educatiounsministère (men.public.lu) vum 12. September 2022.
Bemierkenswäert ass awer an deem Kontext de Réckgang vun de Chargé(e)s-de-coursen ëm ronn 1.700 Unitéite par Rapport zum Corona-Joer 2021. Deemools haten d’Ministere Marc Hansen a Claude Meisch (Fonction publique an Educatioun) an der Äntwert op eng parlamentaresch Ufro vun den Deputéierte Francine Closener a Mars Di Bartolomeo (béid LSAP) vum 12. Abrëll 2021 uginn, dass op deem Dag ganz genee 2.688 Chargé(e)s-de-coursen am Fondamental täteg waren. Dorënner waren deemools och 293 Quereinsteiger mat CDI a 519 Chargé(e)s-de-coursë mat CDI gefall. 940 Chargé(e)s-de-coursen haten deemools e CDD vu bis zu engem Joer an 936 Chargé(e)s-de-coursen haten ëmmer kuerzfristeg Kontrakter vun e puer Deeg oder Wochen – also z.Bsp. Studenten.