Intervenanten am Corona-Schooling-Modus

03.03.2021

Intervenanten am Corona-Schooling-Modus


Si si systemrelevant an eisem Schoulsystem – an dach schéngt et, wéi wann de Ministère oder d’Direktioune sech keng grouss Gedanken ëm hir Gesondheet maachen.

1465952842792.jpgEt gëtt Präsenzunterrecht, Home-Schooling an – esou schéngt et – eng nei Variant: de Corona-Schooling.

Während déi éischt zwou Varianten allgemeng bekannt sinn a jiddereen am Corps enseignant dovu betraff ass, esou ass déi drëtt Variant wuel gréisstendeels den Intervenanten – dorënner ganz vill Chargé(e)s de cours – virbehalen.

Sief et de klassesche Surnumeraires-Posten (Niewefächer wéi Sport, Vieso, Lëtzebuergesch etc.), den Appui-Posten oder de Remplaçant, deen temporär en Titulaire ersetzt: et sinn dëst Posten, déi dacks mat sech bréngen, dass ee permanent d’Klassesäll, d’Schoulgebaier oder esouguer d’Gemenge wiesselt. An deemenstpriechend Kontakt mat alt 100 verschidde Kanner d’Woch kann hunn.

An deene leschte Wochen hunn der vill vun eis ganz kontradiktoresch Erfarunge misse maachen.

Op der enger Säit goufen d’Kanner an d’Titulaire kontaktéiert a si kruten eng Ordonnance wann e positive Fall an enger Klass detektéiert gouf.

Op der anerer Säit gouf den Intervenant, dee beispillsweis nach Moies an der selwechter Klass zwou Stonne Cours gehalen hat (sief et an der Turnhal oder am Klassesall selwer), wou nomëttes e Kand e positiivt Resultat krut, weder eng Ordonnance geschéckt nach gouf hien oder si informéiert, dass e positive Fall virleie géif. Dëst ass keen Eenzelfall.

Unbenannt-2.jpgDat selwescht gëllt fir d’Remplaçanten. Dacks gi si kuerzfristeg a Corona-Héichbuerge geschéckt well do en Enseignant (op Titulaire oder Intervenant) a Quarantaine goe muss. Do ginn da ganz séier e puer Kanner opgedeelt a bei d’Intervenanten oder Remplaçanten an e Klassesall gesat. Méi wéi eng Kéier koum et och scho vir, dass eng ganz Klass a Quarantaine wor an den Intervenant iwwerhaapt net doriwwer informéiert gouf.

Ob dat einfach nëmmen op eng chaotesch Organisatioun zeréck ze féieren ass oder awer, dass hei d’Direktioune vum Ministère dozou ugehal goufen, net allzegenee bei den Intervenanten a Remplaçanten ze kontrolléieren, wësse mir net.

Mir wënschen eis op jidde Fall, dass dat ganzt Schoulpersonal – also och Intervenanten a Remplaçanten – d’selwecht behandelt gëtt. Jidderee muss identesch Informatiounen zäitgläich a gegeebenefalls och eng Ordonnance kréien.