Dialog I

04.11.2020

Dialog I

1465078267332.jpgAn der Educatioun gëtt et keen Dialog méi tëschent dem Minister an de Schoulpartner.

Keen Dialog mat den Enseignanten. Keen Dialog mat de Gewerkschaften.

Keen Dialog mat den Elterevertrieder. Keen Dialog mat de Schülervertrieder.

Guer keen. Iwwerhaapt keen.


An dat läit net un den Enseignanten, net un de Gewerkschaften, net un den Elterevertrieder, net un de Schülervertrieder.

Dat ass bekannt an entretemps huetd’Ëffentlechkeet dat matkritt. De Minister gëtt sech och nach kaum Méi dat ze verstoppen, seng Fassade vun der Dialogbereetschaft ass zerbréckelt, zesummegefall. Heiansdo heescht et nach, dass soll mat ale Partner geschwat ginn. Awer et schwätzt nëmmen een. Äntwerte sinn net erwënscht, och keng Propositiounen a scho guer keng Kritik.

De Minister ka keen Dialog féieren a wëll och keen Dialog féieren. Dat huet elo jiddereen definitiv verstanen. Iwwerhaapt charakteriséiert sech dës Regierung duerch hiren Defizit un Dialog mat de Partner aus der Gesellschaft. Dat haten se anescht ugekënnegt, mee dat ass Fakt.

Am Enseignement ass et am schlëmmsten.

Dobäi gëtt (ech hat bal geschriwwen gouf) et eng Traditioun vum Dialog grad an der Educatioun. Bei de Ministere virdru gouf et bei Projete vun neie Gesetzer, Reglementer, neie Prozeduren, neie Mesuren, nei Programmer meeschtens e Virgespréich mat de Gewerkschaften. Dacks sinn se esouguer an de Schoulen diskutéiert ginn. Nach éiert en Text formuléiert war oder just mam Brouillon vum Text, engem Text martyr, huet de Minister oder seng Mataarbechter, deenen hie vertraut huet, mat de Gewerkschaften zesummen ausgelot, ob et Konsens oder eventuell Dissens op deene verschiddene Punkte gouf, ob d’Positiounen zesumme louchen oder ganz wäit ausernee waren.

Dacks konnt schonn am Virfeld op ville Sujeten e Kompromëss fonnt ginn a domadder méiglech Konflikter evitéiertginn. Et gouf konstruktiv zesumme geschafft. D’Texter vun de Gesetzes- oder Reglementsprojete goufen de Gewerkschaftelaang am Viraus kommunizéiert, so dat intern konnt, och an engem méi grousse Krees doriwwer diskutéiert ginn. D’Gewerkschaften haten Zäit fir e fondéierten Avis ze formuléieren, deen och an der Educatioun an an de Chamberskommissioun an den Diskussiounen an an de Verhandlunge berécksiichtegt gouf.

D’Parteien haten, Regierungsparteienan Oppositioun hate Spezialisten, déiden Dossier vun der Educatioun kannt ameeschtens en interne Grupp, dee reegelméisseg sech mat de Problemer vumEnseignement ausenaner gesat huet, och wann se net an der Regierung waren, respektiv net de Minister vun der Educatioun gestallt hunn.

Reegelméisseg Gespréicher tëschentGewerkschaften a Fraktiounsvertrieder waren duerchaus konstruktiv, d’Gespréichspartner hunn hiren Dossier kannt.

Natierlech ware Gewerkschaften a politesch Parteien sech net ëmmer eens. DenDialog, den Austausch vun Argumenter, verschidde Positiounen, dat alles mécht d’Stäerkt vun enger Demokratie aus abréngt d’Diskussioun weider.

Bei Dissens sinn d’Informatiounen an enger Phase an der Reegel intern bliwwen. EenzelPositioun si verhandelbar bliwwe mat derd’Chance op e Kompromëss. D’Press ass eréischt an d’Spill komm wann et entwederzu engem Accord koum oder d’Partner festgestallthunn, dass et net zu engem Accord komme kann.

Erënnere mir drun dass 2009 d’Reform vumGesetz vum Fondamental laang an intensivoch an de Schoule vum Léierpersonal diskutéiertgouf an dass vill Propositiounen ausde Schoule koumen. D’Reflexioune vun denEnseignante sinn direkt un déi politeschResponsabel weider gaangen an an de politeschenDebat mat agaangen. Besonnesch intensiv ass deemools d’Diskussioun ëm deSchouldirekter gefouert ginn, net nëmmenan de Schoule mee och an der Ëffentlechkeet an an de politesche Parteien.

Schliisslech ass, op den ausdréckleche Wonsch vun enger Majoritéit vum Schoulpersonal,d’Cogestioun mat de Schoulcomitéenam Gesetz verankert ginn. De partizipatoresche Modell ass an engeréischter Evaluatioun vum Gesetz no e puer Joer als eng vun de Stäerkte vum der Reform identifizéiert ginn. De Minister Meisch huet duerno, ouni Consultatioun matde Schoulen de Regionaldirekter agefouert. A net nëmmen an der Pandemie huet sechgewisen, dass de Modell an der Praxis guernet effikass ass, am Contraire. Déi groussEnquête vum SEW/OGBL huet kloer erginn,dass d’Regionaldirektiounen eng vun denHaaptursaache vun der schlechter Stëmmungan de Schoule sinn.

De Prozess vum Dialog ass laangwiereg a ustrengend. Mee et huet den Avantage, dass sech d’Enseignanten sech concernéiert spieren a responsabel. Bei engem Kompromëss, dee vun alle Schoulpartnergedroe gëtt, setzt jiddereen sech duerfir an, dass eng Reform och e Succès gëtt.

De Refus vum Dialog vum aktuelle Minister huet zu enger Alienatioun vun den Enseignantë vun hirer Missioun gefouert. Nei Mesuren, an deenen d’Enseignantë keng Plus-value erkenne kënnen an déi dacks kontraproduktiv sinn, gi widderwëlleg mat wéineg Engagement ëmgesat a droen zu enger weiderer Demotivatioun vun den Enseignantë bäi.

E Refus vum Dialog vu Säite vun de politesch Responsabelen ass en zeeche vu Schwächt. Wan ech net ka meng Projete mat Argumenter verdeedegen, da muss ech se quasi diktatoresch duerchsetzen. Wann ech net erdroe fir Kompromësser ze sichen, wann ech all Kompromëss als perséinlechen Echec ugesinn, da feelt et mir u Leadership.

A wann ech dann nach d’Press benotze fir Demagogie ze bedreiwen, fir d’ëffentlech Meenung géint meng Acteuren ze mobiliséieren, dann ass de Vertrauensverloscht enorm. A Vertrauen ass e wichtegt Kapital, net nëmmen an Zäite vun enger Pandemie.

Patrick Arendt

image_3.jpg