4ème Journée de Réflexion du SEW/OGBL

03.02.2016

 

 1464068280894.jpg

4ème Journée de Réflexion

eng Formation continue unerkannt vum IFEN


organiséiert vum SEW/OGBL

 

inscription formation prioritaire: Code D1-c-35




Fir d’4. Kéier invitéiert den SEW/OGBL all Enseignanten aus dem Fondamental an dem
Secondaire op eng Journée de Réflexion,

e Samschdeg, den 20. Februar vun 8.45 bis 16.30 Auer
an de Räimlechkeete vun der Chambre des salariés
13, rue de Bragance, L-1255 Luxembourg

LE MULTILINGUISME DANS L’ENSEIGNEMENT
LUXEMBOURGEOIS –
OPPORTUNITÉ OU RISQUE ?



Den SEW/OGBL beméit sech all den Enseignanten aus dem Fondamental an dem Secondaire d’Méiglechkeet
ze bidde fir an engem agreabele Kader zesummen ze diskutéieren an nei konstruktiv Virschléi auszeschaffen,
an dat mat engem Programm, wou och d’Kultur net ze kuerz kënnt.

D’Sproochesituatioun an de Sproochenunterrecht am Kontext vun der Chancëgläichheet stelle sécherlech de
gréissten Defi fir eise Schoulsystem duer. Leider kënnt déi Diskussioun, déi net nëmmen dierf an der Educatioun
gefouert ginn, mee e breede gesellschaftleche Konsens brauch, an der aktueller Situatioun ze kuerz.
Den SEW/OGBL wëll duerfir dëse wichtege Sujet opgräifen an den Debat erëm nei lancéieren.

Mat enger klenger Konferenz vum Gérard Gretsch, enger Table Ronde mat den Akteure vum MENJE, der Uni,
der Economie, den Elteren an den Enseignanten, souwéi mat Atelieren, wëlle mir den Enseignanten e klengen
Input presentéieren an si awer haaptsächlech zu Wuert komme loosse fir konkret Virschléi auszeschaffen.
Mir sinn eis duerchaus bewosst, dat mir all an de Schoulen duerch administrativ Aarbechten, Evaluatiounen,
Concertatiounen a Formation Continue staark gefuerdert sinn.

Duerfir ass den SEW/OGBL beim IFEN intervenéiert fir dës Journée als „formation continue prioritaire“ unzerechnen.
An dem Sënn hoffe mir, datt eis 4. Journée de Réflexioun, grad ewéi déi 3 éischt Editiounen, en Erfolleg gëtt an
d’Kolleginnen an d’Kollegen an de Schoulen nach genuch Energie hunn, fir sech op engem fräie Samschdeg
zesumme mam SEW/OGBL fir eis ëffentlech Schoul anzesetzen.


Zéckt net, mellt Iech direkt un a bréngt är Kolleginnen a Kollege mat.

Eis Schoul ass ze vill wichteg, fir se alleng den Experte vun der Uni an dem MENJE ze iwwerloossen.



>>>> inscription: Code D1-c-35 <<<<

programme_journee_2016.jpg

 Eis Atelieren:

  1. Alphabétisation - quelles solutions pour l'avenir

  2. Rôle des langues lors du passage fondamental -  secondaire

  3. Rôle des langues dans la société luxembourgeoise

  4. Multilinguisme et (in)égalité des chances



>>>> inscription: Code D1-c-35 <<<<