IFEN : Le jusqu’au-boutisme radical

21.05.2019


Investi de la sacro-sainte mission de l’évaluation la plus correcte possible, la plus juste possible, la plus réelle possible, mais surtout la plus pointilleuse envisageable, l’IFEN continue allègrement son travail de sapeur du moral des enseignants en fin de stage de l'enseignement fondamental.

Se considérant comme dernier rempart contre la dépréciation de la qualité de l’enseignement, une partie des « formateurs » y œuvrant se sentent mû par une irrésistible force les obligeant à évincer les jeunes enseignants qui seraient passés par les mailles du filet de la formation initiale.
Que sont quatre années d’études universitaires et un diplôme certificatif, le passage des préliminaires pour la vérification du niveau des langues, le classement lors du concours d’admission à la fonction, la réussite de l’examen de législation, l’aboutissement des épreuves du portfolio, des épreuves en classe, du nombre exagéré d’heures de formation ?
Rien.
Car tout est remis en jeu à la dernière étape que sera la présentation et soutenance du mémoire, certes abrogé à partir de l’année prochaine, mais lequel reste pour les nombreux jeunes enseignants engagés dans la promotion actuelle, un sujet d’angoisse.
Sous le diktat de l’égalité des chances, tout un chacun sera donc confronté au jury présent pour « défendre » son travail de rédaction, quitte à ce que justement cette même égalité des chances veuille que l’on biffe cette dernière épreuve pour les promotions à venir.
« Impossible », rétorque-t-on à l’Institut de Formatage, « la nouvelle loi n’est pas encore en vigueur. Nous sommes obligés de nous conforter à la loi existante ! ». Certes, mais est-ce vraiment utile de recaler l’un ou l’autre en deuxième session, avec possibilité de finalement rater son stage, lors d’une – rappelons-le - épreuve abolie pour les promotions à venir ?
Bien que nommés à la fonction d’instituteur dans le cadre de la première liste, bon nombre d’enseignants devront assister à une dernière séance d’hospitation obligatoire (!) en date du 04 juillet. Parce que le hasard fait bien les choses, la fête de clôture de la promotion a été placée à la même date – serait-ce pour éviter de devoir une nouvelle fois l’annuler faute de participants ?
Le SEW/OGBL exige du Ministère de l’Education Nationale une prise en compte des contraintes changeantes lors du stage actuel, un recadrage des conditions de passation et une analyse au cas par cas des travaux des candidats qui auraient raté l’épreuve finale du mémoire. En outre s’impose la mise en œuvre d’une instance de contrôle intégrant les porte-parole des enseignants-stagiaires qui évalue régulièrement le bien-fondé et l’utilité des démarches dites de formation.


image-1349697-860_poster_16x9-ljhh-1349697.jpg

E Mémoire fir meng Mémoire !

Wéi ech am Laf vum Stage op de Mémoire higesteiert gi sinn, hu sech och bei mir d’Froen opgedrängt, déi sech déi allermeescht Enseignanten am Stage (ES) gestallt hunn: Firwat muss ech schonn erëm ee Mémoire schreiwen? Nodeems een daat op der Uni, respektiv op der Héichschoul, schonn hannert sech bruecht, an domadder säin Diplom ergattert huet. Wat ass de Sënn vun dësem neie Mémoire?“

Mee Stage ass Stage, do muss ee scheinbar duerch.

Also huet een eng éischt „Projektskizze“ am éischte Stage-Joer gemaach, an där een da scho ganz détailléiert erkläre misst, wat een „en place“ setzen, a wat een domadder ereechen wollt. Schonn zu dësem Zäitpunkt krut ee scho mat, dass eng Partie ES (enseignants-stagiaires) de Sujet vun hirem Mémoire refuséiert kritt hunn, respektiv si en adaptéieren missten, dëst awer ouni schrëftlech Begrënnung vum IFEN…

Am zweete Joer Stage huet fir all ES gegëllt: Elo gëtt de Mémoire lancéiert ! Dëst Joer zu engem Moment, wou vill ES hire Projet-Mémoire schonn um Lafen, an och schonn zum gudden Deel niddergeschriwen haaten, krut een iwert d’Press mat, dass de Mémoire am Kader vun der Reform vum Stage an der Fonction Publique ofgeschaft géif ginn. Vill vun eis haten op de sozialen Netzwierker diskutéiert, ob de Mémoire dann iwwerhaapt nach évaluéiert gëtt, an ob een dëse präsentéiere misst.

Wann een um IFEN nogefrot hat, krut een deelweis keng konkret Äntwert, well een ëmmer dat selwecht héieren huet: „Esou laang dat neit Gesetz net a Kraaft trëtt, musse mir esou weider fueren bis elo“. Schlussendlech gouf eis matgedeelt, dass de Mémoire – wann och an der Fonction Publique ofgeschaaft, fir den EF géing bestoë bleiwen.

En neie Réckschlag also fir déi Leit, déi elo domadder (a fir d’läscht) geplot waren. Mee well ech mir scho seriö Gedanken ëm mäin Thema gemaach hat, an ech dee Projet definitiv bis zum Enn duerchféieren wollt, hunn ech mech zesumme gerappt, fir dat Ganzt dann nidderzeschreiwen. Ech hu mech vu lénks a riets berode gelooss a meng Arbechtskollegen stounge mir zur Säit an hu mech voll an ganz ënnerstëtzt.

Ech muss soen: Och wann een irritéiert war, well ee schonn erëm ee Mémoire schreiwen, ee ganze Projet wärend der Stage-Zäit opstelle misst, (dovunner muss een 3 Exemplairë printen an anbannen loossen), eng Présentatioun präparéieren, a fir d’gefillte fofzéngte Kéier sech verteidegen an fir seng Arbecht rechtfertegen misst,… Ech war bis dohinn awer schonn zimlech houfreg op mäi Wierk. Mir war zwar zu Oueren komm, dass um IFEN d’Gerücht courséiere géing, dass ee beim Liesen vun de Mémoirë mierken géif, dass d‘Motivatioun vun den ES „au fur et à mesure“ vum Schreiwprozess noloosse géing… firwat ass dat wuel esou?

Schlussendlech hunn ech awer meng lescht Energie geholl, meng batter néideg Ouschtervakanz geaffert, a mech op meng Soutenance virbereed. Vu datt ech mir eigentlech virgeholl hat fir meng Portfoliospräsentatioun eng bësse méi flott Gestaltung ze maachen (an ech mir doduercher awer selwer d’Liewen méi schwéier gemaach hätt) hunn ech décidéiert, keng Risikoë méi anzegoen, an eng ganz normal Präsentatioun ze halen.

Den Daag vun der Soutenance sinn ech also gemittlech annerhallef Stonn am viraus op den IFEN gefuer, aus Angscht keng Parkplaz ze kréien. Dës Kéier war d’Gléck op menger Säit: Ech krut déi zweetlescht Parkplaz op der anerer Stroossensäit vum Gebai (!). Déi zwee Autoë viru mir ware scho mat de Sécherheetsleit vum IFEN beim Schëld „parking complet“ um Diskutéieren. Nodeems ech meng Parkauer gestallt hunn (!!), sinn ech du mat mengen 3 Tute voller Material a menger Affiche a Richtung „Bâtiment VI“ getrëppelt.

D’Präsentatioun konnt du lass goen. Ech war immens nervös, obwuel ech mir virgeholl hat, mir et net umierken ze loossen. Normalerweis schwetzen ech och zimlech gutt an fléissend Franséisch, mee deen Ament ware mir puer Patzer geschitt an et waren e puer „donc“ zevill dra gerutscht, wat awer direkt vun engem relevéiert ginn ass. Dësen huet sech och d’Fro gestallt, firwat de Mémoire net op Däitsch wier, déi Sprooch géif him jo besser leien…. Nodeems ech dann 20 Minutten ouni Punkt an Komma mäi Projet virgestallt hunn (well ech dat esou doheem iwer Stonnen geübt hat fir net iwert d‘Zäit ze goen), koume mir dunn zum Deel vun de Froen.

Déi 1. Fro konnt ech gutt beäntwerten, ech hat d’Gefill, d’Situatioun schlussendlech awer meeschteren ze kënnen. Déi nächst Interventioun hat mech komplett destabiliséiert: Nodeems mir matgedeelt gouf, dass mäin Thema dem zweeten Jurysmember immens gutt gefall hätt, hat dësen bemängelt, dass zevill Feeler dra stoë géifen. Ech war erstaunt, well ech d‘Aarbecht vun 3 Leit verbessere gelooss hat, déi een héichen Uni-Ofschloss hunn. Ech krut doropshi matgedeelt, dass ech offenbar déi falsch Persounen dofir ausgesicht hätt… Parallel war de Mémoire fir si net déifgrënneg genuch an nëmmen een Aspekt wier beschafft ginn, dobäi wier et wichteg gewierscht zwee aner Aspekter ze beliichten. Ech hat probéiert hinnen ze verstoen ze ginn, dass dës Agrenzung absiichtlech virgeholl gouf, ënnert anerem well et knapp gi war, fir dat Ganzt op 20 Säiten ze exposéieren. No puer aner Froë war ech dobäi meng Aarbecht, an awer och mech selwer, ze verteidegen,

Ziel war et, am Mémoire duerzestellen, dass d’Kanner iwer kloër Consignen eng Stütz proposéiert kréien, fir datt si hiren Alldag besser bewältegt kréien, an dass si Erfollegserliefnisser hunn (och wa se op sech alleng gestallt sinn).

Schlussendlech koum dee Moment, wou ech aus dem Sall goe misst, fir dass d’Jury sech berode konnt.

No enger gefilltener Eiwegkeet gouf ech erëm erageruff.

Do gouf mir nach eemol matgedeelt, dass et net ubruecht wier, an engem Mémoire esou vill Feeler ze hunn, an desweidere wieren e puer Aspekter betreffend „mise en forme“ net respektéiert ginn. Mee ech hu Verständnis entgéintbruecht an matgedeelt kritt, dass si verstoë géifen, dass ech wéinst mengen Originne kee Mensch hätt fir dat anstänneg nozekucken (Dëst huet mer zimlech d’Sprooch verschloën!) Do dornieft krut ech gesot, datt ech d’Thema net genuch verdéift hätt, an dat wier natiirlech och ee Problem. Gnädegerweis krut ech dunn d‘Hallschent vun de Punkten.

(Im Nachhinein sinn ech gewuer ginn, dass an der Délibératioun en „insatisfaisant“ envisagéiert ginn war, wat eng zweet Sessioun mat sech bruecht hätt. Elleng, well ee Member vum Jury dat absolut net agesinn huet, konnte si sech op d’Hallschent vun de Punkten eenegen…)

Um Heemwee, an nodeems ech offensichtlech 6 Méint intensiv Aarbecht fir e richteg schlecht Resultat investéiert hat, hunn ech direkt driwer nogeduecht, wéi ech nach un de Rescht vu mengen 108 Stonnen Formatioun komme kéint, well jo eng Partie Coursen ofgesot gi waren – dëst war an ass deen nächsten Challenge.

Déi nächst Promotioun wäert och heivunner gréisstendeels verschount bleiwen.

Villäicht, a sollt ech den ubahnende Burn-Out iwerstoën, fannen ech iergendwann och déi Motivatioun erëm, déi mech an dëse Beruff bruecht huet. Wie beim Sichen hëllefen wëll: Sie läit sécherlech op der Streck fir op den IFEN…

Enseignant-stagiaire promotion 2017