Infoblad 2/2019

![]() |
![]() |

Léiwe Kolleg, Léif Kollegin aus dem Kompetenzzenter an der Agence,
Folgend Neiegkeeten ginn et säit dem läschten Infoblat am September vun der APCCA:
- Den 11ten September war d APCCA op der Pressekonferenz vum SEW/OGBL duerch eis Presidentin d’ Nadia Ruef mat vertrueden. Bei dëser Geleeënheet konnte mir eis virstellen an eis op eis dräi Haaptfuerderunge beruffen:
-
- Abannung vun der Personalvertriedung an den Diskussiounen
- Keng Verschlechterung vun den Aarbechtskonditiounen an
- Eng Harmoniséirung vun den Tâchen an deene verschiddene Kompetenzzentren an der Agence.
- Eis Entrevue vum 4.Oktober mam “Collège des directeurs” vun den Kompetenzzentre gouf vum “Collège des directeurs” ofgesot mat der Begrënnung, dass si matkritt hätten, dass “den Ministère aktuell intensiv un definitive Léisunge fir d’Mataarbechter aus dem sous-groupe «Éducatif et psycho-social » “ ausschafft. Dowéinst wier et fir si méi « sënnvoll, wann de MENJE fir d’éischt heizou Positioun hëlt » éier si sech mat eis zesummesetzen. D’APCCA versicht esou séier ewéi méiglech en neien Datum mam Collège des directeurs auszemaachen, well eist Uleies war – an ass et nach ëmmer – eis als Comité virzestellen an verschidden aner Themen, nieft den Tâchen, zesummen ze diskutéieren.
- Den 17. Oktober waren 2 Vertrieder vun der APCCA, de Gilles Mousel an d’Nadia Ruef, zesumme mam SEW/OGBL op d’Reunioun vun der DP ageluede ginn, fir d’Doléancen aus dem Aarbechts- a Schoulalldag aus eiser Perspektiv ze héiren. Hei konnten de Mangel un Dialog mam Ministère, sou wéi strukturell an organisatoresch Schwieregkeeten ugeschwaat ginn.
- Den 29. Oktober huet D’APCCA zesumme mam SEW/OGBL an engem Communiqué de Presse Stellung geholl zu der Opfuerderung un d' Psychologen aus de Kompetenzzentren, fir sech un den Orientatiounsprozeduren aus dem Cycle 4.2. am Fondamental ze bedeelegen. Den Educatiounsminister krut och direkt en Bréif vun der APCCA geschéckt, mat der Opfuederung d’Psychologuen aus den Kompetenzzenzten sech op hir initial Arbëscht am Interessi vun de Kanner, konzentréiere loossen a soumat seng Opfuerderung fale ze lossen.
-
- De 4. November kruten eis betraffe Psychologuen aus de Kompetenzzentren eng nei Verdeelung vun de Klassen, an deenen si intervenéiren sollen, vum Ministère geschéckt.
- Den 20. November huet och de Collège des directeurs Stellung zu der Thematik vun der Orientatiounsprocédure vum Cycle 4.2 am Fondamental geholl an huet der Direction générale de l’inclusion schrëftlech hier Reflexiounen an Uleies matgedeelt.
- De 25. November fuerdert d’APCCA den Collège des directeurs vun de Kompetenzzentren an engem Bréif op, sech zesumme mat de Psychologuen aus de Kompetenzzentren ze concertéiere, fir ze kucken wéi si dësen Surplus un Aarbecht an hier aktuell Tâche mat abanne kënnen ouni Iwerstonne mussen ze maachen.
- Säit Abrëll 2019 krut d’APCCA nach keng Äntwert op d’ Ufro fir eng Entrevue mam Här Minister fir sech virzestellen. Och hei bleiwe mir dru fir gehéiert ze ginn a fannen et inacceptabel, dass mir bis elo nach keng Propose fir eng Entrevue geschéckt kruten.
Des Weidere wëlle mir Dech nach eng Kéier drun erënneren, dass ee just nach Member vun der APCCA ka ginn, iwwert deems ee Member vum SEW/OGBL gëtt. Mir brauchen eng staark Gewerkschaft un eiser Säit fir effektiv kënnen ze agéieren.
Gëss Du gäre Member, da kontaktéier einfach däin APCCA-Vertrieder an dengem Kompetenzzenter an los dir d’Virdeeler vun denger Memberschaft erklären. Du kanns dir awer och en Opnahmeschäin iwwert folgende Link unfroen: |
Fir d’Suergen an d’Problemer vum Personal wederhi beschtméiglechst vertrieden ze kënnen, rifft de Comité vun der APCCA d’Personal weiderhi gären dozou op, sech un eis zu wenden. Kontaktéier entweder e Personalvertrieder an dengem Kompetenzzenter oder mell Dech per Mail op: