Den Enseignant-Stagiaire: Spillball vun der Politik

Den Enseignant-Stagiaire:
Spillball vun der Politik
Am November 2018 hunn d’Enseignants-stagiaires sech beim SEW/OGBL gemellt, well si es mam Stage genuch hunn. Hier Argumentatioun ass: D‘ Coursen si sënnlos an double-emploi zur Ausbildung op der Uni. Nët ze vergiessen dee ganze Stress an Zäitopwand, deen de Stage mat sech bréngt an d’ Leit vun hirer wichtegster Aufgab ofhält: dem Schoulhalen.
Des Kritik ass net nei. Réckbléck:
Schon am November 2014 ass den SEW vun besuergte Studenten a Chargés de cours kontaktéiert ginn, well des dem (zu där Zäit) geplangte Stage fir Staatsbeamte kritesch géigeniwwer stoungen.
Deemools hunn déi betraffe Leit folgende Bréif opgestallt:
Lëtzebuerg, Walfer, Baaschtnech, Virton, Léck, Bréissel, Fribourg, den 21. November 2014 Stage fir Beruffsufänger an der Grondschoul – NEE MERCI! D’Studente si mam geplangte Stage an der Grondschoul net averstanen! - well déi geplangten Déchargestonne, Coursen, Examen an dem Mémoire eis vun eiser Haaptaufgab, dem Schoulhalen oflenkt a schlussendlech d’Schüler dorënner leiden. Si wäerten hiren Enseignant als ee gestresste Mënsch erliewen, dee keng Zäit huet, fir sech op hiert Léieren ze konzentréieren, mee dee sech muss drëms beméien, säi Stage mat all sengen Hürden ze packen a wäerten dowéinst ënner éi schlechte Léierkonditioune schaffe mussen. - well mir an eiser Formatioun, onofhängeg dovu wou mir studéiert hunn, all Semester Stage haten, an deem mir hu misse vis-à-vis vun de Leit vum Terrain an de qualifizéierten Tuteuren aus eiser Formatioun beweisen, dass mir Schoul hale kënnen. - well dee Mémoire, deen am “Avant-Projet de loi” virgesinn ass, “double emploi” ass. D’Studente, déi sech mat hirem Diplom dem Concours stellen duerfen, hunn alleguerten um Enn vun hirem Studium ee Mémoire iwwert en Thema, wat mam Enseignement ze dinn huet, geschriwwen. Dësen ënnerscheet sech fundamental vun der Aarbecht, déi d’Proffen an hirem Studium schreiwen, well en sech thematesch mam Enseignement, an net mat engem Thema, wat näischt mat der Schoul ze dinn huet, beschäftegt. - well d’Coursen an der “Pédagogie générale” an d’Examen dozou “double emploi” sinn. D’Studente, déi sech mat hirem Diplom dem Concours stellen duerfen, hu wärend hirem Studium näischt anescht gemaach. Course fir Beruffsufänger si fir eis just vertrietbar, wann se eis am Sënn vun enger Formation continue eppes Neies bréngen. - well d’Evaluatioun fir eis kee Sënn gëtt. Mir sollen am geplangte Stage vun där Persoun bewäert ginn, déi eis gläichzäiteg betreien a berode soll. Dëst ass eng Duebelroll, där kee gerecht ka ginn. Allgemeng si mir der Meenung, dass mir wärend 4 Joer an eiser Formatioun genuch getest an evaluéiert gi sinn. Een Détenteur vun engem Diplom, deen ee komplette Pädagogikstudium zertifiéiert, beherrscht seng “Pédagogie générale” an huet an de sëlleche Stagë formativ a sommativ Evaluatiounsgespréicher mat de Leit vum Terrain a mat den Tuteure aus eiser Formatioun bestanen. - well d’Ecartéieren nom 2. Versuch bei den Examen am Stage fir eis keng Léisung duerstellt. Firwat muss ee Kandidat, just well um Enn vum geplangten 1. Stagejoer een Exame bei der 2. Kéier net bestanen huet, nach eemol de Concours, deen hien ee Joer virdru scho gepackt huet, an eventuell eng Partie vum prakteschen Deel vum Stage, an deem hie ganz gutt ka gewiescht sinn, nach eemol maachen? Dat ass eng Logik vu Redoublement, déi d’Politik an der Grondschoul jo ofgeschaf huet an am Lycée och net méi gär praktizéiert, well se de wëssenschaftleche Quellen, déi beweisen, dass Redoublement kee Sënn mëscht, vertraut. Déi permanent Onsécherheet, déi d’Méiglechkeet vum Ecartement mat sech bréngt, rifft bei eis Studenten existenziell Ängschten ervir: Banke wäerten eis als jonk Mënsche mat private Projete manner gären oder net méi an eiser onsécherer Situatioun ënnerstëtzen. - well d’Déchargestonnen, déi am Moment fir ee Stagiaire virgesi sinn, riskéieren, net u säi reellen Aarbechtspensum ugepasst ze sinn. Et ka net sinn, dass ee Stagiaire méi laang wéi wärend de virgesinnenen Déchargestonnen fir aner Aufgaben, wéi déi vum Schoulhalen an der Preparatioun vun de Schoulstonnen, schafft. Méi Déchargen géingen op der anerer Säit awer erëm mat sech bréngen, dass ee kee gudde Bezuch zu senger Klass opgebaut kritt an op eemol net méi als Haaptenseignant ugesi gëtt, well een e groussen Deel vun de Schoulstonnen net an der Klass ass. - well d’80/80/90 Gehälterformule eis no eisem laange Studium an eng ongënschteg Situatioun setzt fir eis een eegent Liewen opzebauen. Een, dee manner verdéngt, kritt zum Beispill och net esou vill Sue vun enger Bank geléint fir seng privat Projeten. Jonk Beruffsufänger, déi vill Käschten a Méi am Studium op sech geholl hunn, brauchen eng hirem Diplom entspriechend Pai fir kënnen een eegen- a selbstännegt Liewen unzefänken. Wat wëlle mir? De STATUS QUO! De Stage soll bleiwe wéi e bis elo ëmmer war! Mir wëllen: - eng Begleedung a Berodung vum Instituteur-Ressources an/oder vum Inspekter als Hëllef fir déi éischt Zäit am Beruff. - keng weider Hindernisser wéi Mémoire, Coursen an Examen. - eng Formation continue, déi ee Méiwert fir de Beruffsufänger huet an déi sech am wesentlechen net vun de Coursen, déi deenen aner Enseignanten ugebuede ginn, ënnerscheet. - weiderhin 100 %, also ouni Déchargestonne schaffen. - weiderhin déi voll Pai, well mir jo och vollzäit schaffe wëllen. Matgedeelt vu Studenten vu Walfer, Baaschtnech, Virton, Léck, Bréissel a Fribourg a vun de Chargés de cours vu Lëtzebuerg |
Déjà-vu!? Jo dat war 2014!
Den SEW huet am Januar 2015 eng Manif organiséiert an krut doropshin eng Entrevue beim Minister Meisch.
Hei wat den 27.02.2015 dobäi rauskomm ass:
Leif Studenten an Chargés de cours,
Den Här Meisch an den SEW-OGBL mat enger Delegatioun vun Studenten an Chargés de cours, haten sech den 27. Februar 2015 getraff fir iwwert den nei geplangte Stage an Creatioun vum IFEN ze schwätzen. |
Domadder war dëse Problem fir de Ministère scheinbar geléist.
Mee et sollt anescht kommen. De Stage gouf agefouert, a wat virausgesot gouf, ass Realitéit ginn. Déi nei Enseignants-Stagiaires waren no kuerzer Zäit frustréiert an ausgebrannt.
Och si hunn déi selwecht Kritiken an Argumenter un Direktioun vum IFEN erugedroen.
D’Studenten déi den 15. Dezember 2016 derbäi waren, hate nom Gespréich mat der Direktioun vum IFEN e gutt Gefill.
Leider kann och Direktioun vum IFEN déi rigid Gesetzer net änneren an nëmmen e bëssen un der Struktur ronderëmdokteren. Sou gouf de Stage fir déi zweet Promotioun „erliichtert“: manner Examen an Aarbechten mee d’ Sënnlosegkeet ass bliwwen!
Hei en den Text publizéiert den 2.2.2017 vum SEW.
„Mam Stage gëtt alles besser!“
Endlech! Säit September 2016 däerfen eis nei Aarbechtskollegen am Fondamental vun engem exzellent geplangten an duerchduechten Stage vun 3 Joer profitéieren. |
Am Juni 2017 an no engem Joer Erfarung an deem neie System, wollt déi éischt Promotioun Kontakt mam MENJE an IFEN ophuelen, fir eng Rei konstruktiv Verbesserungsvirschléi ze proposéieren. Mee wat sech hinne gebueden war eng Farce. Op d’Remarque hin, dat vill zukünfteg Enseignanten léiwer weider studéieren ginn, wéi an dee Stage ze goen, huet den éischte Conseiller vum Här Meisch gemengt, dann hätten deenen hir Grousselteren ze vill Suen am Portmonnie. Den Här huet sech nach wieder ofwäertend Remarquen erlaabt an du war jidderengem kloer, wéi “eescht” de MENJE d’Enseignants-stagiaires hellt: MA GUER NET!!!!
De Stage ass weidergaange fir déi nächst Promotiounen bis och Promotioun 2018/2019 es genuch hat. Och si hunn sech un deen eenzege vertrauenswierdege Partner gewend, den SEW/OGBL.
Fazit
Déi duergestallte Chronologie beweist dat den SEW/OGBL iwwer all déi Zäit dee richtege Bléck op de Stage fir d‘ Enseignants-stagiaires hat. Ween dësen Artikel gelies huet, ka mierken, dass d’Argumentatiounen all Joer erëm déi selwecht waren. Dat ass keen Zoufall.Déi betraffe Stagiairen waren a sinn de Spillball vun der Politik. Den SEW/OGBL huet awer ni opginn, an dofir ass Thema Stage och nach ëmmer aktuell wéi ni!
Här Minister, léiwe Comité vum SNE, mir si frou dat dir och erkannt hutt, dat de Stage muss reforméiert ginn a mir hoffen, dat et elo an déi richteg Richtung virugeet. Déi nächst Kéier setzt dach direkt op Dialog! Dat hätt der ganzer Schoul an all deene Bedeelegten vill Misär erspuert. Elo sou ze man,wéi wann et är Iddi gewiercht wir, ass eng Frecheet vis-à-vis vun allen aktiv Bedeelegten Studenten, Enseignats-Stagiaires an dem SEW déi sech wierklech fir e sënnvolle Stage agesat hun!
Eng Kierzung vum Stage op 1 Joër ass net sënnvoll, et sief dann, d‘ Konzept an d‘ Ideologie vum Stage ginn och geännert.
Folgend Punkten mussen dofir ëmgesat ginn:
• De Conseiller pédagogique soll Begleeder sinn an NET évaluéieren
• D‘ Coursen sollen au choix a je no Besoin gewielt ginn
• Den Zäitopwand um a fir den IFEN muss reduzéiert ginn
• Sënnlos administrativ Aarbechten mussen ofgeschaaft ginn
• D‘ Vertrauen a béid Richtunge muss vu Grond op erneiert ginn
• D‘ Enseignanten hunn hiert Kënnen op der Uni scho bewisen an zertifiéiert kritt
Den SEW/OGBL ass bereet iech dobäi ze hëllefen, d’Schoul erëm op Been ze kréien!
Marvin Caldarella Weis Membre de la direction syndicale du SEW/OGBL |
Olivier Schons Membre du comité fondamental du SEW/OGBL |