Schluss mat dem Organisatiounschaos am Fondamental : Här Meisch, loosst eis Kanner richteg an d’Schoul goen.

Wéi ugekënnegt gouf, dass de Fondamental de 25. Mee géif erëm op goen, huet et geheescht, dass aus hygienesche Grënn d’Klassen all an 2 gläich grouss Gruppen no pedagogesche Krittären opgespléckt géifen. Déi Gruppe sollten ausserhalb a wärend der Schoulzäit souwéi och an der Maison Relais strikt isoléiert bleiwen.
Et huet sech erausgestallt, dass deen annoncéierte Plang vun den Infrastrukturen an dem Personal net ze realiséiere wier.
Dem leschte Stand vun den Instruktiounen, stellt et sech folgendermoossen duer :
Et huet sech erausgestallt, dass deen annoncéierte Plang vun den Infrastrukturen an dem Personal net ze realiséiere wier.
Dem leschte Stand vun den Instruktiounen, stellt et sech folgendermoossen duer :
• Gruppe gi net no pedagogesche Krittären, Geschlecht oder Frëndeskrees opgedeelt, mee ausschliisslech duerno, ob se an der Maison Relais musse betreit ginn, oder net.
• Gruppe sinn deemno och net gläich grouss, e Maximum vun 10 (respektiv vun haut un 12 ab Cycle 3 a 4) si festgesat. Vill Klasse sinn a Gruppe vun 10 + 3 opgedeelt.
• De Maximum vu Kanner pro Klass, déi Recht op Maison Relais hunn ass op 10 festgeluecht. Mellen sech der méi da kréie verschidde Kanner d’Betreiung an der Maison Relais refuséiert an d’Elteren hunn Urecht op Congé pour raisons familiales. Prezis Krittären sinn net festgeluecht, déi Situatioun generéiert e grousst Konfliktpotential an der Schoulcommunautéit.
• Sinn d’Klassen am Cycle 3 a 4 net méi grouss wéi 12, da ginn se net opgedeelt, wann de Sall grouss genuch ass. Trotzdeem kommen se nëmmen all 2. Woch an d’Schoul.
• ass am Cycle 3 a 4 d’Grupp vun der Kanner aus 2 Klassen déi an d’Maison Relais ginn am Total méi kleng wéi 10, da ginn déi Gruppen an der Maison Relais zesummegeluecht.
• Vill Maison Relais hunn net genuch Raim fir all déi Gruppen ze betreien a mussen op Säll aus der schoul zeréckgräifen. Déi 2 Gruppen aus enger Klass sinn dann zur selwechter Zäit an der Schoul. D’Kanner virun an no der Schoul ze isoléiere wäert kaum méiglech sinn.
• Am Schoultransport sinn all d’Kanner aus der Schoul am selwechte Bus zesummen.
• Privat Crèchen, déi d’Kanner no der Schoul betreien, musse respektiv kënnen d’Gruppenandeelung aus der Schoul net respektéiere.
• Et ass keen Accueil virun der Schoul an d’Maison Relais ass nëmme bis 18.00 Auer op. Vill Eltere kënnen net op d’Offer zeréckgräifen a mussen sech anescht organiséieren. Grousseltere mussen asprangen oder d’Eltere mussen sech private organiséieren, d’Gruppen aus der Schoul kënnen do net ëmmer respektéiert ginn.
• An der Phase vum Deconfinement kënnen d’Kanner, déi an der Klass ausenee gerappt goufen, sech no der Schoul treffen an zesumme spillen.
• Kanner, déi net an der Maison Relais ugemellt sinn, bleiwen eng Woch op sech eleng gestallt, ouni Encadrement vun den Enseignanten.
Et ass kloer, dass d’Gesondheet priméiert. Sollt sech den Deconfinement vun der Gesellschaft als ze fréi erausstellen, da bleiwen eis Schoule souwisou zou.
An enger Blëtzëmfro vum SEW/OGBL bei den Enseignanten aus dem Fondamental hunn an 48 Stonne méi wéi 400 Enseignanten aus dem ganze Land geäntwert :
• Quasi Unanimitéit gëtt et bei en Enseignanten, datt d’Kanner sollen erëm esou séier wéi méiglech an d’Schoul kommen. Retizense gëtt et haaptsächlech bei den Enseignanten aus dem Cycle 1, déi e Sécherheetskonzept fir hir Schoulkanner froen.
• Eng grouss Majoritéit schwätzt sech aus pedagogesche Grënn géint de Splitting vun de Klassen aus.
• Déi meescht Enseignantë fannen duerfir den enormen organisatoreschen Opwand fir absolut net gerechtfäerdegt.
• D’Enseignantë sinn am Allgemengen der Meenung, dass de Modell och de Besoine vun den Elteren, déi kee Recht méi op CRF hunn, net gerecht gëtt.
Duerfir fuerderen den SEW/OGBL an de Landesverband :
• Kee generelle Splitting vun de Klassen.
Klasse sollen nëmme gedeelt ginn, wann d’Zuel vun de Kanner iwwert 17 erausgeet, oder wann d’Klassesäll ze kleng sinn. An dem Fall soll onbedengt gekuckt gin fir 2 Klassen fonktionnéieren ze loossen
• Et erlaabt den Enseignantë fir sech optimal ëm d’Besoine vun de Kanner ze këmmeren a pedagogesch sënnvoll Aktivitéiten ze organiséieren. D’Schoulzäit bis de Summer géif sech verduebelen an et ka villes vun dem wat verpasst gouf opgeschafft ginn.
• D’Ressource vun de Maison Relais géifen dann erlabe fir moies en Accueil unzebidden an d’Betreiung bis 19.00 Auer ze assuréieren.
• Schoul, Gemeng a Maison Relais kënnen sech op d’Mise en place vun de Sécherheetsmesure konzentréieren.
Här Meisch, vill Zäit ass verplempert gi fir eng Organisatioun ze plangen, déi net sënnvoll ass an op ville Plazen net ze realiséieren. Et ass nach Zäit fir eng gutt Léisung ze adoptéieren an den Enseignanten d’Zäit gi fir sech ëm de pedagogesche Volet op d’Reprise vun de Schoulen ze preparéieren.
Kommunizéiert den 12. Mee 2020