Kee Business as usual

N O D E R P A N D E M I E
Kee Business as usual
Säit méi wéi engem Joer ass d’Aktualitéit an der Educatioun eleng vun de Covid-Mesuren dominéiert. Et gëtt héich Zäit sech erëm ëm déi grouss Chantiere vun der Educatioun ze këmmeren.
No enger laanger Zäit, déi an eiser Gesellschaft exklusiv vum Covid bestëmmt war, schéngt et wéi wann d’Chancen do wieren, dass mir eis geschwënn an enger gewësser Normalitéit erëmfannen.
D’Kanner hunn extrem ënnert der Pandemie gelidden. Déi psychologesch a schoulesch Auswierkunge wäerten eng Rei Kanner nach laang belaaschten. D’Hëllefsmesürë vum Minister kënnen héchstens als kosmetesch qualifizéiert ginn. Si ginn de Besoine vun de Kanner absolut net gerecht. Mir brauchen eng zolidd laangfristeg Strategie, soss gëtt den Ënnerscheed vun de schoulesche Kompetenzen, deen enk mat dem soziale Background korreléiert, ch méi grouss an eise Schoulsystem nach méi sozial ongerecht.
Mee och d’Enseignantë kommen aus enger schwiereger Phase. Onsécherheet, schwiereg Konditioune vum Unterrecht an d’Suerg ëm déi schoulesch Entwécklung vun de Schüler hunn eis un eis Grenze bruecht.
D’Kris huet déi strukturell Defiziter vum Schoulsystem méi siichtbar gemaach a verstäerkt.
Am Fondamental ware wärend der Pandemie d’Regionaldirektioune kaum eng Hëllef fir d’Enseignanten. Au Contraire, vill Direktiounen hunn d’Enseignanten ënner Drock gesat. Amplaz en „Deel vun der Léisung“ ze sinn, hu si sech drop limitéiert fir hir Muechtpositioun ze verstäerken.
D’Pandemie huet ganz kloer gewisen, dass de Prinzip vun de regionalen Direktiounen net funktionéiert. D’Direktioune sinn ze wäit vun de Schoulen ewech an déi meescht Direkteren identifizéieren sech weder mat de kulturellen a lokale Partikularitéite vun de Schoulen, nach mat hire spezifesche Problemer.
Eng Majoritéit vun den Enseignante fillt sech vun hirer Direktioun net ënnerstëtzt. Pragmatesch Léisungen am Sënn vun de Kanner sinn éischter net d’Reegel, d’Direktiounen hale sech strikt un d’Texter an iwwerhuele keng Responsabilitéiten.
Dobäi kënnt, dass vill Elteren ëmmer méi d’Vertrauen an de Schoulsystem verléieren an sech doduerch Konflikter mat den Enseignanten heefen. Vill Enseignante bekloë sech, dass se an deem Fall net op d’Ënnerstëtzung vun der Direktioun ziele kënnen.
An der Zäit vu „Schoul doheem“, souze vill Kanner laang, vill ze laang virun den Ecranen.
An dat mat ausdrécklecher Fërderung vum Minister, deen net midd ginn ass fir d’Virdeeler vun de digitale Medien ze ënnersträiche fir se och bei de Kanner am Fondamental ze etabléieren. Dobäi soe bal all Etuden eppes ganz aneschters: Bei der Alphabetiséierung sinn déi digital Medie kontraproduktiv an Experte roden d’Zäit, déi d’Kanner virun all Zorte vun Ecran verbréngen e strikte Minimum ze reduzéieren.
Den SEW/OGBL war amgaange just virun Ausbroch vun der Pandemie un deem Sujet ze schaffen a mir wäerten déi Aarbechten elo erëm ophuelen.
„Schoul doheem“ huet awer nach e ganz anere Phenomen verschäerft. Elteren a virun allem och d’Hierarchie (d’Regionaldirektiounen) hu sech vun den Enseignantem eng Erreechbarkeet quasi ronderëm d’Auer erwaart.
Et gouf erwaart, dass op Mailen oder aner Nofroen ouni Delai geäntwert gëtt. Ouni Nout goufen a gi vun den Direktiounen Delaie gesat, déi dovunner ausginn, dass sech Enseignante iwwert de Weekend oder esou guer spéit owes konzertéieren.
Den SEW/OGBL fuerdert den „Droit à la déconnexion“. Et ass besonnesch an esou engem stressbelaaschte Beruff wéi dem Enseignement wichteg fir Phasen ze hunn fir komplett ofzeschalten an ze regeneréieren.
Am Beräich vun de Kompetenzzentre lafe grad wichteg Verhandlungen iwwert d’Tâchen an d’Missioune vun de Leit, déi do affektéiert sinn. D’APCCA am SEW ass do an allen Domainë fiederféierend implizéiert. Den SEW/OGBL verlaangt, dass de Minister net weider op Zäit spillt, mee dass an de nächste Wochen d’Verhandlungen a Richtung vun engem Accord weider ginn. Soss si gewerkschaftlech Aktiounen net ausgeschloss.
An dem Kontext erënnere mir gären drun, dass et eis am SEW/OGBL wichteg ass, dass all d’Acteuren an der Educatioun, vum Précoce bis an de Supérieur an d’Recherche, zesumme schaffen a mir eis vun der Politik net ee géint den aneren ausspille loossen. Dat gëllt an dësem Dossier besonnesch fir d’Relatioune vun de Leit aus dem Fondamental an aus de Kompetenzzentren, déi um Terrain mat de Kanner schaffen.
An der ganzer Zäit vun der Pandemie sinn d’Membere vum SEW/OGBL an allen Departementer ënnert schwierege Konditioune permanent aktiv gewiescht, bal méi wéi zu normalen Zäiten. Mir goufen aussergewéinlech dacks per Telefon a per Mail sollicitéiert.
An trotzdeem huet den direkten Austausch mat den Enseignante gefeelt. Soubal déi sanitär Mesuren et zouloosse, wäert den SEW/OGBL och erëm Präsenzreuniounen organiséieren.
D’Problemer an der Educatioun sinn net manner ginn. Au contraire.