REPRISE VUM FONDAMENTAL DE 25. MEE : MIR VERLAANGE SËNNVOLL MESUREN, DÉI AN DER PRAXIS ËMSETZBAR SINN !

04.05.2020

Logo_SEW.jpg ogbl_sante.jpg landesverband.jpg
apcca.jpg OGBLservice_public.jpg  


REPRISE VUM FONDAMENTAL DE 25. MEE

Mir verlaange sënnvoll Mesuren, déi an der Praxis ëmsetzbar sinn !

Den Educatiounsminister huet déi grouss Linne vu senger Strategie fir d’Reprise vum Fondamental ugekënnegt, déi provisoresch op de 25. Mee festgeluecht gouf.

Déi concernéiert Syndikater verlaangen, dass Enseignanten a Gewerkschaften endlech e verbindlecht offiziellt Dokument mat de Propositiounen an den Detailer zu dëser Reprise virgeluecht kréien. All Acteure vun der Educatioun mussen an d’Diskussioun iwwert d’Ëmsetzung agebonne ginn.

D‘Evolutioun vun der Zuel vun den Infektioune léisst sech net viraussoen. Experte realiséiere Prognosen a verschidde Risikoaschätzungen, mee och d'Realitéit an de Schoulen an an de Maison-Relais muss respektéiert gi wann d'Mesurë fir de Fondamental festgeluecht ginn.

Et ass ze erwaarden, dass sech d‘Situatioun bis September net ganz opléise wäert a mir léiere mussen, weider mam Virus ze liewen.

D'Betreiung vun de Kanner ass de Schlëssel fir eng ekonomesch Reprise. Mee d‘Schoul ass awer keng reng Betreiungsstruktur an däerf net nëmmen aus ekonomesche Grënn opgemaach ginn: Enseignement, e Recht op Bildung, ass immens wichteg, an dofir muss d‘Organisatioun vun der Reprise de Konditioune fir effikasst Schoulhale Rechnung droen.

Fir d'Enseignante ass et immens wichteg, dass wann et déi sanitär Situatioun erlaabt d'Schoulen erëm esou séier opgi wéi et vertrietbar ass. Kanner brauche sozial Kontakter, vill vun hinnen hunn ënnert dem Confinement gelidden an déi laang Phase vun Isolatioun ka laangfristeg gravéierend Konsequenzen op hir Gesondheet hunn. Och aus pedagogescher Siicht ass et noutwendeg, dass de Grupp Klass sech méiglechst nach virun der Summervakanz erëm trëfft. Den „Enseignement à distance" verstäerkt d'sozial a schoulesch Ongerechtegkeet, an duerfir brauche vill Kanner hiren Enseignant.

Eng reell Evaluatioun vun de Konsequenze vun #schouldoheem op all eenzele Schüler muss gemaach ginn a gläichzäiteg musse Mesure geholl gi fir ze verhënneren, dass Kanner an eng Situatioun vun Décrochage scolaire kommen.

Den Educatiounsminister huet nach guer keng Positioun geholl iwwert Mesuren déi am Kader vum Deconfinement musse geholl gi fir déi Kanner, déi an de Kompetenzzentre scolariséiert ginn. Alt erëm eng Kéier gesäit et aus, wéi wann déi Kanner géife vergiess ginn.

D’APCCA wäert sech an engem separate Communiqué iwwert déi noutwendeg sanitär Mesuren an hiren Zentren zu Wuert mellen.

Den Ängschte vun den Elteren, de Kanner den Enseignantë an dem Personal aus de Maisons-Relais muss Rechnung gedroe ginn. E „Risiko null“ gëtt et net. Jee no Evolutioun vun der Situatioun muss d‘Politik prett sinn, d‘Schoulen zouzeloossen oder no enger Zäit erëm zou ze maachen– an dat muss am Virfeld kloer kommunizéiert ginn.

No éischten Diskussioune mat de Gewerkschaften, dem Syvicol an de Responsabele vun de Maison-Relais bleiwen nach eng ganz Rei wichteg Froen net gekläert.

De Plang vum Minister stellt d’Gemengen, d’Schoulen an d’Maison-Relais virun en immens groussen organisatoreschen Defi fir finalement nach eng relativ kuerz Schoulperiod, woubäi déi pedagogesch Objektiver offensichtlech net virrangeg sinn.

Déi definéiert sanitär Strategie baséiert op 4 grousse Pilieren:

  • Kleng Gruppen, déi an der Schoul an an der Maison-Relais isoléiert bleiwen
  • Masken-, Buff-Flicht ausserhalb vum Klassesall
  • Physesch Distanz vun 2 m anhalen
  • Reegelméissege fräiwëllegen Testing

An enger éischter Analyse si sech all d’Acteure vun der Educatioun eens, dass dës Mesuren, wéi se presentéiert goufen, an der Realitéit weder an de Schoulen nach an de Maisons-Relais kënnen ëmgesat an zu 100 Prozent agehale ginn.

Kleng Gruppen: Kanner treffen sech virun, no der Schoul, um Schoulwee, um Busarrêt, an der Paus, … .  Kanner aus verschiddene Gruppe wäerten an de Foyeren oder bei der Nounou zu engem neie Grupp ginn, respektiv doheem op hir Geschwëster treffen, déi an anere Gruppe sinn. Och an der Maison-Relais wou deelweis Kanner aus verschiddene Schoulen zesummekommen, bleiwe méi Froe wéi Äntwerte wann et ëm déi praktesch Ëmsetzung vun dëser Opspléckung vun de Gruppe geet.

Déi Vermëschung, déi mat immensem Opwand an der Schoul evitéiert soll ginn, ass an der Realitéit guer net ze evitéieren.

Masken/Buff: Iwwert d'Effikassitéit vum Buff mussen d’Experte statuéieren, an der Realitéit wäerten d’Kanner bei de summerlechen Temperaturen sech domadder schwéier dinn, an sech deemno méiglecherweis och ouni Mask begéinen. An der Klass wou de Mondschutz fakultativ soll sinn, sinn déi 2 Meter Distanz net anzehalen. Kleng Kanner wibbelen a bleiwe sécher net stonnelaang op hirem Stull sëtzen.

Physesch Distanz: Déi ass am schouleschen Alldag (sou wéi och an der Maison-Relais) net anzehalen, ausser d‘Schoul gëtt zu engem carcerale System – an dëst wier natierlech ondenkbar.

Am Bus mussen d'Sëtzer all besat ginn, et wier och vun der Kapazitéit net méiglech d'Zuel vun de Busser fir de Schoultransport ze verduebelen.

Tester: Effikassitéit a Frequenz vun den Tester musse vun Experten evaluéiert ginn, de Prinzip vun der Fräiwëllegt muss hei awer bestoe bleiwen.

Mir weisen drop hin, dass dës Mesuren d'Gefill vun Angscht bei Kanner verstäerken oder awer och eréischt provozéiere kënnen.

Et ass net akzeptabel, dass de Minister d'Responsabilitéit fir Mesuren - déi sech an der Praxis nëmmen zu klengem Deel ëmsetze loossen - op Gemengen, Enseignanten a Personal aus de Maison-Relais delegéiert.

Eng net Fakte baséiert Kommunikatioun vu Säite vum Ministère verstäerkt d‘Ängschte vun Elteren a kann zu Konflikter tëschent Elteren an den Enseignanten an dem Personal aus de Maisons-Relais féieren: Eng éierlech Kommunikatioun mat Bléck op d‘Realitéit ass vu politescher Säit hir erfuerderlech. Dobäi muss agestane ginn, dass eng absolut Sécherheet eng Illusioun ass a net ka garantéiert ginn: An dësem Kontext muss kloergestallt ginn, dass eng méiglech Erkrankung vun engem Schüler net dem responsabele Personal ka virgeworf ginn. Gläichzäiteg muss - sollte mir nach laang mat där Situatioun liewe mussen - eng Strategie à long terme ausgeschafft ginn.

D’Opsplécke vun de Klassen a kleng Gruppen ass net effikass, well et ass net méiglech d’Gruppen ze isoléieren. Pedagogesch gesinn ass dëst och keng gutt Léisung: Et ass fir den Enseignant schwiereg de Point ze maachen, wou seng Klass steet an sech optimal ze preparéieren. Eng Evaluatioun vun de Léierprozesser déi doheem wärend dem Confinement gemaach goufen, ass noutwendeg, fir duerno eng pedagogesch Basis fir d’nächst Schouljoer kënnen ze leeën an esou am September ënnert gudden a gerechte Konditiounen unzefänken : dat brauch Zäit a knapp 3 Woche Schoul pro Grupp riskéiert den Ufuerderungen net gerecht ze ginn.

Den Apprentissage gëtt schwiereg bis onméiglech an d’Isolatioun vun engem Deel vun hire Frënn wäert Gefill vun Angscht bei Kanner verstäerken.

Masken a physesch Distanz sinn am C1 oder och an de Centres de Compétences onméiglech, Kanner brauchen a siche Kierperkontakt: ënner sech a mat hiren Enseignanten. Grondsätzlech muss d’Schoul de Kanner Stabilitéit ubidden, fir dass Sozial- a Léierprozesser ouni zousätzleche Stress stattfanne kennen.

Och an de Maisons-Relais, déi dacks nom Prinzip vum «Open Space» fonctionéieren a wou d’Kanner sech an engem non-formale Kader befannen, bleift ofzekläre wéi déi physesch Distanz kéint garantéiert ginn. Doriwwer eraus feelt et u Moyenen an u sozio-pedagogeschem Fachpersonal fir den Encadrement vu klenge Gruppen esou ze assuréieren, dass all d’Sécherheetsmesuren agehale ginn an d’Kanner déi geléiert Schoulmatière propper widderhuele kënnen. 

Mir fuerderen duerfir:

 Reegelen anhalen: Reegele baséierend op dem „bon-sens“ mussen an Zesummenaarbecht mat allen Acteuren a Concernéierten opgestallt an agehale ginn. Bestoend Dispositiounen a Reglementer däerfen elo net esou verännert an adaptéiert ginn, bis soit-disant Konditioune geschafe goufen, déi da per force e schouleschen oder périscolairen Encadrement erméigleche sollen. D'Sécherheet vun de Kanner steet nach ëmmer am Virdergrond.

Keng Schoulflicht fir C1: Am Cycle 1 (Précoce a Spillschoul) kënnen d’Gestes barrière an déi strikt physesch Distanz (awer) net garantéiert ginn. D’Léierprozesser nëmmen duerch sozial Interaktioun méiglech, Kierperkontakt ënnert de Kanner an och mam Enseignant kënnen an däerfen net evitéiert ginn. Eltere vu Kanner aus dem Cycle 1 mussen duerfir weider e Usproch op de Congé pour Raisons Familiales hunn.

D’Schoule garantéieren awer eng Prise en Charge, just an dem Fall wou d'Elteren net kënne vun hirer Aarbecht fräigestallt ginn.

Dës Mesure huet den Avantage, dass d’Personal vun de Services d’éducation et d’accueil pour enfants (SEA) géif entlaascht ginn an den Encadrement vun de méi ale Kanner kéint optiméieren.

Systemateschen Depistage: Mat Hëllef vun engem Infrarout-Thermometer kann all Moie bei der ganzer Schülerpopulatioun séier, effikass an net-invasiv Féiwer gemooss ginn. Krank Enseignanten oder Kanner ginn heem, sou wéi dat och am normale Schoulalldag de Fall ass. Dës einfach Mesure gëtt aktuell och an aneren Institutioune genotzt, fir d’Sécherheet ze erhéijen.

Psychologesch Betreiung: Prioritéit muss an enger éischter Phase op der psychologescher Betreiung vun de Kanner leien, hir Ängschten a Gefiller solle Virrang hunn. Dofir eleng muss d’Schoul esou organiséiert ginn, dass dës Ängschten net verstäerkt ginn, mee et erëm zu enger Normalitéit fir d’Kanner komme kann.

Kee Splitting vun de Klassen: Vu dass an der Realitéit d'Mesure vun Isolatioun vun de Gruppen, d'Maskeflicht a d'physescher Distanz net anzehale sinn, proposéiere mir fir op de Splitting vun de Klassen ze verzichten.

Dat ass net nëmme pedagogesch méi sënnvoll, mee Sondagen tëschent Responsabele vun de Gemengen, de Schoulen an de Maisons-Relais hu gewisen, datt et an der Praxis einfach net sënnvoll ze realiséieren ass. Et sinn net genuch Leit, weder an de Schoulen nach an de Maisons-Relais, disponibel fir e responsabelen Encadrement vun de Kanner ze garantéieren.

Dëst géif doriwwer eraus den enorme logisteschen Opwand an den non-formale Bildungs- a Betreiungsstrukturen entlaaschten an dësen d’Méiglechkeet ginn de Fokus op e pedagogesch wäertvollen Encadrement am Kader vun den neie Sécherheetsmesuren ze leeën.

D‘Situatioun muss natierlech permanent evaluéiert ginn an d‘Politik muss bereet sinn, fir d‘Mesure zu all Moment ze adaptéieren. Dëst muss am Virfeld kloer kommunizéiert ginn. Combinéiert mam Schafe vun neien Horairen, enger verlängerter Präsens vun der Kanner an der Schoul iwwer d’Mëttesstonn eraus, verhënnert de Splitting e Retour zu enger schoulescher Stabilitéit.

E Verzicht op de Prinzip vum Splitting géing et de Maisons-Relais ënner Ëmstänn erméigleche moies en Accueil ze organiséiere fir déi Kanner, déi soss riskéiere laang ouni Betreiung virun de Schoule waarden ze mussen.

Et géing och verhënneren, dass d’Kanner mussen a Reim betreit ginn, déi net den aktuelle Sécherheetsnormen entspriechen.

Video-Streaming: Filmen a streamen aus der Klass fir déi Kanner, déi vulnerabel sinn oder vulnerabel Persounen am Ëmfeld hunn an net kënnen an d’Schoul kommen, ass immens problematesch. Schonn elo si Beispiller bekannt, wou a Videokonferenze Sequenze vu Kanner enregistréiert a propagéiert goufen. D'Unterrechtsituatioune sinn net virauszegesinn an zu 100 Prozent ze kontrolléieren, a sou kann et zu Situatioune kommen, déi zu Verhalen a Reaktioune féieren, déi d’Dignitéit vun eenzele Kanner schwéier verletze kënnen. Respekt, Schutz vun Intimsphären an Dateschutz musse priméieren.

Och den Enseignant muss d’Recht behalen, dass keng Biller vun him verëffentlecht ginn, wann hien dat net wëllt. Den SEW/OGBL ass géint e Streame vum Unterrecht, souguer wann d’Reaktioune vun de Schüler nëmmen akustesch gesent ginn.

Eis schéngt et vill méi sënnvoll, dass déi Enseignante, déi net an d'Schoul kommen dierfen, sech weider ëm den Homeschooling vun de vulnerabele Schüler këmmeren an den Austausch vum Titulaire mat de Kanner doheem sech op gezielte Kommunikatioune baséiert.

D’Mesure mussen sech orientéieren no der Sécherheet vu alle Betraffenen, sech op enger Faisabilitéit an der Praxis baséieren a pedagogesch sënnvoll sinn

D’Decisioun iwwert d’Konditioune bei der Reprise dierf net ouni eng reell Concertatioun mat den Acteure vum Terrain geholl ginn.

Kommunizéiert vum Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft am OGBL, Syndikat Gesondheet a Sozialwesen am OGBL, d’Chargés de Cours - FNCTTFEL/Landesverband, d’Association du Personnel des Centres de Compétences et de l’Agence: éducatif et psycho-social, Landesverband–OGBL  Syndikat Öffentliche Dienste

de 4. Mee 2020

Logo_SEW.jpg ogbl_sante.jpg landesverband.jpg
apcca.jpg OGBLservice_public.jpg