Re-Merde alors ! Wäertschätzung als politesche Kalkül.

04.06.2021

« Je tiens à les [acteurs de la communauté scolaire] remercier chaleureusement : leur dévouement et leur flexibilité ont permis hier et permettent encore aujourd’hui de faire face aux défis quotidiens posés par la pandémie dans nos écoles fondamentales. » (Circ. Min. 2021)

D’Gestioun vun der Pandemie war am MENJE vun Ufank un eng Navigation à vue. Natierlech goufen et vill Inconnuen an d’Kommunikatioun mat den « acteurs de la communauté scolaire » gehéiert bekanntlech net zu de Stärkte vum aktuellen Educatiounsminister.

No jorelaangem, geziiltem Teacher-Bashing mat der Absicht neoliberal „Reformen“ duerchzeboxen, muss d’Iwwerraschung um Ministère grouss gewiescht sinn, dass d’Mobilisatioun vun den Enseignantë wéi ëmmer présent war.

Eng immens grouss Majoritéit vu Léierpersounen, déi de CRF hätte kënnen huele fir sech ëm déi eege Kanner ze këmmeren, hunn dorobber verzicht. Domadder hu si eng Zousazbelaaschtung a Kaf geholl fir alles ënnert een Hutt ze kréien.

No bausse war et op eemol „trendy“ fir d’Léierpersonal offiziell ze luewen, beschtefalls awer net nominell, sondern am Grupp vun den „acteurs de la communauté scolaire“.

No banne konnten eenzel Direktiounen ongehënnert den Enseignanten d’Ausschaffe vun engem Plan d’Etudes light imposéieren. An den Diskussiounen zur Schoulorganisatioun goungen d’Kierzunge vu Stonne weider. De Rekrutement vu Surveillanten ouni jeeglech Formatioun kënnt dat Ganzt ofrënnen, si musse vun den Equipes pédagogiques encadréiert a matgeholl ginn. De PDS muss entgéint all Ukënnegung vu Flexibiliséierung genau esou akribesch formuléiert ginn an am Kader vun der Schoulorganisatioun ofgeholl ginn.

Zu allem Iwwerfloss kënnt dann elo de Questionnaire vum Observatoire de la Qualité Scolaire dobäi, mat tendenziéise Froen zu der Bezéiung tëscht de Schüler an hirem Enseignant. D’Pandemie schéngt sech ze calméieren, déi nächst Campagne vun Teacher-Bashing kann also ugoen.

« Le bien-être devient une priorité de la politique éducative. » (Circ. Min. 2021)

Ugesiichts der Realitéit vum Terrain an dem strategeschem Handele vum Ministère kléngt at beschtefalls wéi Hohn.

Waertschätzung als politesche Kalkül : Eben nëmme wann et een arrangéiert.

De Comité fondamental vum SEW/OGBL