Resultater vun der Enquête vum SEW/ OGBL iwwert de Plan de réussite scolaire (PRS) an de Plan de développement de l’établissement scolaire (PDS)

Situatioun um Terrain :
Nodeems de MENJE d’Dokument « Premières informations sur le plan de développement de l’établissement scolaire » erausginn an de Presidenten de PDS virgestallt huet, gouf et vill Onkloerheeten an d’Enseignanten hunn sech ganz vill Froe gestallt. Ënnert anerem hu vill Leit bedauert, dass just d’Presidenten informéiert gi sinn an d’Informatioune just no an no weider gedrëpst sinn. Ausserdeem war den Text net ganz kloer, esou dass jiddereen en anescht verstanen huet an dobäi vill Froen opkomm sinn:
- Inwiefern ass een nach autonom a senger Methodik ouni vu senge Kollege beuerteelt ze ginn?
- Inwiefern dierf een an Zukunft nach selwer decidéiere wéi een säin Appui pédagogique sënnvoll asetze wëllt?
- Inwiefern mëscht sech d’Politik (Gemengerot, Schoulkommissioun, Instituteur spécialisé, …) an d’Schoulhalen an?
- Inwiefern ginn d’Enseignanten unhand vum PDS evaluéiert?
- Wisou ginn ëmmer méi Ressource gekierzt?
Demarche vum SEW/OGBL
Den SEW/OGBL huet sech mat deem Dokument ausernee gesat an eng Analys dozou erausginn. Opgefall ass virun allem, dass nach kee vun deenen zwee PRSen déi bis elo duerchgefouert goufen, evaluéiert gi sinn.
Den SEW/OGBL hat all d’Enseignanten aus dem Enseignement Fondamental opgeruff e Questionnaire iwwert de PRS / PDS auszefëllen. Et goung drëms fir de PRS an säin Impakt sou wéi d’Relatioun tëschent Belaaschtung an Notzen z’evaluéieren, de perséinlechen Engagement, den Zäitopwand ze dokumentéieren an ze soen, ob dat Instrument PRS / PDS sënnvoll ass.
D’Bedeelegung un der Ëmfro war fräiwëlleg. Mir waren am SEW/OGBl schon iwwerrascht, datt mir 560 confirméiert Äntwerte kruten. D’Aussoe vun dëser Enquête sinn domadder absolut representativ.
Vill Enseignanten hu vun der Geleeënheet profitéiert fir e perséinleche Kommentar zum PDS ze schreiwen. Vill Remarken hunn déi selwecht Meenung erëmginn. Mir hunn eng Rei representativ.
Kommentaren hei integréiert. Dir kënnt all d’Reaktiounen (anonymiséiert) op eisem Site noliesen.
De Frobou vun der Enquête
|
…De PRS/PDS ass fir mech eng administrativ "Kujenad" (vu villen), déi eis zënter 2009 vill Zäit an Energie kascht, déi eis op anere Plaatze fehlt :-(… |
…Schrecklech vill Opwand, ouni datt doduerch och nëmmen een EENZEGT Kand besser schafft. |
|
Resultater vun der Enquête
11. Fënns du d'Weiderféierung vum PDS sënnvoll?
Jo |
Nee |
Total |
74 | 477 | 551 |
13,4% | 86,6% | 100,0% |
De Conclusioune vun der Enquête sinn eendeiteg, 85 % Prozent vun den Enseignanten halen de PRS/PDS net fir sënnvoll. Dat entsprécht och den Aschätzunge bei de Froe virdrun.
Während der ganzer Period vun der Enquête war vun Ufank un eng Relatioun vu 7 :1 vun den Enseignanten, déi de PRS/PD sals net sënnvoll ugesinn hunn.
Et muss betount ginn, datt eng Rei vun de Kolleginnen a Kollegen, déi sech fir e PDS ausgesprach hunn, an de Commentairen drop higewisen hunn, datt de PDS a senger aktueller Form misst trotzdem iwwerschafft ginn.
Mir hunn d’Äntwerten op déi aner Froen an enger 2. Grafik a Relatioun mat der Fro 11 gesat.
![]() |
…Ech kennen gaaanz vill Léierinnen an all sinn se genervt vum PRS!!!Ech hunn nach vu kengem héieren, deen dat Ganzt sënnvoll fënnt… |
…Et wär vill méi sënnvoll sech erëm op d'Schoulhalen ze konzentréieren.Donieft ginn duerch d'Erstelle vum PDS schrecklech vill Stonne verbrannt,déi dringend um Terrain gebraucht ginn… |
|
![]() |
…Ech hale Schoul an dat wat am PRS stoung maachen ech souwisou!!!Loost ons Schoul halen!!!An ons weiderentwéckelen ouni PRS, PDS !!!!Loost ons Zäit fir d'Kanner!!! Well déi brauchen se ëmmer méi!!!!!!... |
1. De PRS / PDS ass eng Plus-value fir d'Qualitéit vun der Schoul
![]() |
……De PRS ass e risege Waasserkapp, matt Agences de Qualité
|



38 % vun den Enseignantë sinn der Meenung, datt de PRS guer keng Plus value fir d’Qualitéit vun der Schoul ass.
Et muss ee festhalen, datt nëmme ganz wéineg Enseignanten dem PRS e positiven Impakt op d’Schoulqualitéit zouschreiwen.
De PRS hätt domadder säin Objektiv kloer verfeelt.
Wann een d’Äntwerten a Relatioun mat der Äntwert 11 gesäit, ergëtt sech dëst Bild:


2. De PRS / PDS ass eng Hëllef fir mech als Enseignant
![]() |
…Gitt eis konkret Hëllef fir all eis Kanner 'à besoins spécifiques' –
|
D’Enseignante gesinn de PRS/PDs och net als Hëllef un. Dat ass och kee vun den Objektiver vum PRS/PDS.
![]() |
…Dei engageiertste Leit hunn es genuch a geheien d’Bengele bei d’Tromm !... |
Wann een d’Äntwerten a Relatioun mat der Äntwert 11 gesäit, ergëtt sech dëst Bild:
3. De PRS / PDS ass eng Plus-value fir d'Kanner
D’Äntwerten op déi 3 éischte Froe sinn an hirer Ausso identesch. D’Enseignanten erkennen an der grousser Majoritéit an hirer Praxis keng Plus-value beim PRS/PDS.
An der Relatioun mat der Äntwert 11 :
![]() |
…Ech fannen dat eist Schoulsystem ëmmer méi bedait d'Enseignanten ze kontrolléieren, ze
|
4. Ech hu mech fir de PRS engagéiert gespiert

An der Relatioun mat der Äntwert 11 :

![]() |
...D’Gemeng (...) huet weder e PRS nach e PDS gefrot oder gebraucht!... |
5. De PRS hat e positiven Afloss op d'Ambiance an der Schoul

Leider ass ze fäerten, datt de PDS nach méi e negativen Impakt op d’Schoulklima kréie wäert.
Den SEW/OGBL muss feststellen, datt ëmmer méi Kolleginnen a Kollegen ënnert dem schlechte Schoulklima an hire Schoule leiden. Dee Problem muss séier eescht geholl ginn: den Enseignant ass dee wichtegste Faktor vun der Qualitéit vum Unterrecht.
An der Relatioun mat der Äntwert 11:

![]() |
……Et as jhust nach Pabeierkrich a Schaffe mat der Stoppauer, fir ob di neideg Stonnen ze
|
6. D'Energie an d'Zäit fir de PRS war sënnvoll investéiert

Et ass immens wichteg, datt den Enseignant seng Zäit a seng Energie richteg asetzt, fir seng Kanner an der Klass kënne maximal ze ënnerstëtzen. All Stonn, déi iwwerflëssegerweis verbëtzt gëtt féiert zu Demotivatioun a Frustratioun.
De Ministère wier ganz gutt beroden, fir dës Aussoe vun den Enseignanten endlech eescht ze huelen.
An der Relatioun mat der Äntwert 11:

![]() |
……Wann een de PRS/PDS engagéiert ausféiert, kommen rem aner Beräicher ze kuerz. En plus gi mir vun allen Säiten iwwerlueden mat Projeën, Rapporen, Auswertungen, Planungen,
|
7. Ech géing och ee PDS an der Schoul maache wann en net obligatoresch wier

Dës Grafik weist däitlechop, firwat mam PDS de ministère den Drock opd’Enseignanten verstärkt.
Kaum een identifizéiert sech esou mam PDS, datt en sech géng fräiwëlleg engagéieren.
An der Relatioun mat der Äntwert 11:
8. Ech wéilt mech an Zukunft méi an e PDS investéieren


![]() |
...Ech schaffe gär kreativ an ech differenzéieren och gär.
|
9. Duerch de PRS koum et zu Aktivitéiten an der Schoul, déi soss net stattfonnt hätten

Aus enger Rei Commentaire geet eraus, datt awer vill Aktivitéite schonns virun 2009 organiséiert goufen a leider koum och de Feedback, datt d’Aktivitéiten am Sënn vun de Kanner reduzéiert hu misste ginn, well vill Zäit an Energie an den administrative Volet vum PRS investéiert goufen.
Dacks sinn et déi Kolleginnen a Kollegen, déi an de Schoulen d’Initiative fir nei Projete lancéieren, déi och fir de PRS responsabel sinn. Hei si sécher eng Rei Initiative aus engem Manktem un Zäit net geholl ginn.
Vergiesse mir net, datt schonns 2009, also virun der Reform vum Fondamental a ville Schoulen eng Opbrochstëmmung war, déi leider duerch eng Reform, déi sech just als Strukturreform mat engem administrative Waasserkapp, zerstéiert gouf.
An der Relatioun mat der Äntwert 11:

![]() |
...An der Zäit hun mär nach esou flott Schoul gehaalen!
|
10. Wéi vill Zäit consacréiers du perséinlech fir de PRS/PDS pro Mount?

An der Relatioun mat der Äntwert 11 :


![]() |
...Mir brauchen näischt esou, mir wëssen an all Schoul, wou de Schung dréckt a passen eis
|
Conclusioun vum SEW
Aus eiser Analyse kënnt ganz kloer eraus, dass d’Majoritéit vun den Enseignanten de PRS /PDS weder als Plus-value fir d’Kanner oder d’Qualitéit vun der Schoul, nach als Hëllef fir den Enseignant gesäit, sondern esou guer éischter en negativen Effekt op d’Ambiance an der Schoul hat. Kuerz gesot 86,57% vun den Enseignante fannen d’Weiderféierung vun engem PRS/PDS net sënnvoll.
Wéi kann et zu esou Resultater kommen? Aus de Kommentare vun eisem Questionnaire kënnt kloer eraus, dass de Problem net mat der Idee vu Schoulentwécklung besteet, sondern ganz kloer mat der Duerchféierung. D’Zil vun den Enseignanten ass et eng Kohäsioun an de Schoulen am Sënn vun de Kanner a vum gudde Fonctionnement ze kréien. Säit der Aféierung vum PRS an elo nach mat der Ëmstellung op de PDS probéiert de MENJE eis des Visioun ze verkafen, leider musse mir feststellen, dass all hir Handlungen op e ganzt anert Zil hiweisen. Systematesch gëtt de Schoulmeeschteren duerch de PRS/PDS ëmmer méi Bürokratie operluecht an dat Instrument, wat eigentlech sollt fir d’Schoulentwécklung genotzt ginn, gëtt fir d’Evaluatioun vun de Schoule respektiv den Enseignante mëssbraucht. Ënnert der Bürokratie versti mir all déi Rapporte vu Versammlungen, Preparatiounen, Zertifikatioune vun de Formatiounen, etc. am Kader vum PRS/PDS déi mir mussen erareechen an déi dann och nach musse vun z.B. engem I.R. oder dem Inspektorat gutt geheescht ginn. Säit der Reform vun der Fonction publique vun 2015 kritt all Acteur vum Terrain en « Plan de Travail » dee während dem « Entretien individuel collectif » ënnerschriwwe gëtt, deen zu engem groussen Deel aus den Ziler vum PRS/PDS besteet, unhand vun deenen een duerno bewäert gëtt.
Ausserdeem gëtt eis de PRS/PDS verkaaft als Instrument fir d’Schoulautonomie ze stäerken, während en eigentlech den absolute Géigendeel mëscht. An Zukunft muss de PDS net just ewéi de PRS vun den Elterevertrieder mat gedroe ginn, mee och nach vum Gemengerot gestëmmt ginn.
Wou steiere mir elo hin?
Doduerch datt mir unhand vum PRS/PDS bewäert ginn, ass et net méi méiglech eng kritesch Analys vun de Problemer an eise Schoulen ze maache respektiv éierlech ze sinn, wann e Projet net de gewënschten Effekt hat. De PRS/PDS funktionéiert als « Reklamm », vis-a-vis vum MENJE a vun den Elteren/Schüler, a fërdert d’Konkurrenzdenken tëscht de Schoulen an den Enseignanten. Dëst huet zur Folleg, dass a ville Schoulen d’Ambiance ëmmer méi schlecht gëtt, d’Solidaritéit a Kollegialitéit tëscht den Enseignanten ass um Ausstierwen, stattdessen kontrolléieren sech d’Aarbechtskollege géigesäiteg.
Wat fuerdert den SEW?
Den SEW fuerdert, dass de PRS/PDS esou wéi en de Moment funktionéiert ofgeschaaft gëtt an d’Ressourcen déi verluer gaange sinn erëm sënnvoll, fir d’Kanner agesat ginn. Eng weider Fuerderung vum SEW ass endlech eng recherchéiert an iwwerluete bildungspolitesch Visioun fir d’Lëtzebuerger Schoul an net weiderhin déi spontan, konzeptlos an destruktiv Politik déi de Moment herrscht.
Commentairen vun den Enseignanten
Hei e puer vun deene pertinentsten Analyse vun de Kolleginnen a Kollegen. Mir hu wéi versprach all d’Commentairen anonymiséiert.