accord signé entre le Ministre Claude Meisch et le SNE/CGFP concernant le stage dans l’enseignement fondamental: D’Fuederunge vun de Studenten

03.02.2018

Suite à l’accord signé entre le Ministre Claude Meisch et le SNE/CGFP concernant le stage dans l’enseignement fondamental, le SEW/OGBL, le Landesverband (FNCTTFL) et la FGILont invité le samedi 3 février 2018 tous les étudiants du bachelor en sciences de l’éducation à l’Université du Luxembourg, des études supérieures préparant à la fonction d’instituteur à l’étranger ainsi que tous les enseignants-stagiaires de l’enseignement fondamental et préparatoire à un rassemblement au Casino syndical à Bonnevoie.
reuniion_stage_2.jpg


D’Fuederunge vun de Studenten

Wat wëlle mir? 1

een Punkt vum Stage kierzen: direkt. Dat begréisse mer.
D‘Engagement hätte mir gär direkt, dass de Stage op 2 Joer gekierzt gëtt.
Mir wëllen, dass de Stage an der Form wéi en momentan ass ännert.

Wisou?



D´Leit sinn demotivéiert vum Stage. Souguer d‘Leit um MEN hunn dat erkannt a verstanen, dass sech d‘Stagiairen nach ëmmer fille wéi op der Uni.

Ma dat ass genau richteg. No dem Studium gi mir nach ëmmer evaluéiert. Säit de Stage do ass ginn d‘Zuele vun den Aschreiwunge fir de Studium BScE vu Joer zu Joer drastesch erof.

Vill Formatioune sinn onnéideg a just eng Widderhuelung vun eise Coursen op der UNI (wéi schreiwen ech eng Prepa, wéi differenzéieren ech, wéi reflektéieren ech… ) All di Zäit geet verluer fir, dass mir eis kënnen drop konzentréieren en gudden Ënnerriicht fir eis Kanner ze plangen.

En Stagiaire muss a priori kucken, dass en bei sengen Evaluatiounen ëmmer di 2/3el erreecht. Soumadder gëtt d´Schoulhalen zur Niewesaach.

Wien leit drënner? D´Kanner!

All Kand huet en Recht op en qualitativ héichwäertegen Ënnerriicht.

Mir enseignéieren net an enger homogener Klass mee all eenzele Schüler huet seng eege Besoinen. An fir dat kënnen ze garantéieren muss een säi Cours virbereeden. Zesumme mat den Aarbechte vum IFEN ass dat onméiglech.
Et geet net duer de Kanner Aarbechtsblieder dohinner ze leen. All Kand huet d‘Recht op eng gutt Educatioun. Mir gesinn daat als eis Rôle an d‘Missioun, jo d‘Verantwortung vum Enseignant daat ze garantéieren.

Mir ware MINIMUM 26 Wochen um Terrain, dat sinn op mannst 624 Stonnen. Net berufsbegleedent mee vollzäit. Verglach mat engem bac académique, hunn mir en bac professionel. Mir sinn also zu 100% op eis Tâche preparéiert. Et ass richteg dass jiddereen de Fonctionnaire beim Staat wëll ginn en Stage d´insertion à la profession maache muss. Mee dat sinn dacks Leit mat engem bac académique di da léiere wéi se an hirem Domaine beim Staat schaffe sollen. Si machen dann eng berufsbegleedent Formatiounen iwwer 3 (2 ) Joer vu zirka 180 Stonnen.

Mir hunn minimum 628 Stonnen insertion à la profession schonn hannert eis, net berufsbegleedent an ouni Pai. All eenzel Stonn dovunner stounge mer ënnert der Supervisioun vun engem Enseignant plus engem Tuteur vun
der Uni den eis begleet. Mir hunn missen preparéieren, enseignéieren, reflektéieren. Krute mir eng Aktivitéit net validéiert war Stage net gepackt.

Mir hunn en Diplom deen eis bestätegt dass mir capabel sinn theoretesch a praktesch ze schaffen.

Fuerderung:

Mir wëllen en Stage deen eis begleet, wou mir Hëllef kënne kréie vu Leit mat vill Erfarung wann dat néideg ass. Mir wëllen net en Stage deen eis nach ëmmer evaluéiert an deen de Stagiäre wéi se um MEN soten, mentale Stress verursaacht. Di Mesure géing mat sech bréngen, dass de Studium erëm géing méi attraktiv ginn an, dass de Problem vun der Penurie sech léist.


Wat wëlle mir? 2


Kloerheet an deem Dossier iwwert iergendeen nach net definéierte Bachelor +240 Stonne Formatioun um IFEN.

Wisou?


Et bradéiert den Diplom vum Enseignant. Wéi kann et sinn, dass ee mat iergend engem anere Bachelor zum nämmlechte Concours zougelooss gëtt wéi een mat 7.200 Stonne spezifesch Formatioun fir Schoul ze halen, an deene komplexen Ufuerderunge vun de Kanner gerecht ze ginn. Wéi kann een an 240 Stonne léieren, wat soss an 7200 Stonne geléiert gëtt. Mir hunn eleng iwwer 860 Stonne Stage a Schoulen. Ass dat am Sënn vun de Kanner?

Mir hunn fonnt dass d‘Integralitéit vu onsem Studium néideg war fir ons op dëse Beruff virzebereeden.

Eise Studium kann net duerch eng Formatioun vun 240 Stonne Formatioun um IFEN ersat ginn. Dat hei ass eng Mesure fir d´Penurie ze stoppe mee d´Qualitéit vum Enseignement geet erof. Wien leit erëm drënner?....d´Kanner!

Wat fuerdere mir?

Macht de Studium fir an de Beruff erëm attraktiv.

1. Reduktioun vum Stage, onbedéngt an direkt.

2. De Stage reforméieren. Keng Evaluatioun, keng Coursen di mer schonn haten. Ënnerstëtzung.

Eng individualiséiert Hëllef do wou et beim Enseignant néideg ass.