Communiqué

16.01.2021

Den SEW/Ogbl bedauert, datt den Educatiounsminister a senge rezenten Aussoen op en Neist verpasst huet, d'Vertrauen zu den Enseignants opzebauen.
Op Grond vu senge kierzlechen Aussoen, datt just 41% vun de Leit der Invitatioun fir de LST nogaange sinn, gëtt alt nees op de sozialen Netzwierker op d'Léierpersonal geklappt.
Eisen Informatiounen no konnt ee sech bis den 12.01. ee Rendez-vous fir déi 7 Deeg dono huelen. Wéi kann de Minister dann elo schonn esou Zuelen nennen, wann den Délai mol nach net ofgelaf ass?
Vun deenen 59%, wéi vill Enseignants sinn dorënner, déi an de leschte Méint positiv getest waren, soudatt ee weideren Test den Ament nach guer kee Sënn mécht? A wéi vill Enseignants hu sech villäicht och, pertinenterweis, geduecht, datt se jo lo 2-3 Woche kee Mënsch gesinn hunn an doduerch keen Test néideg ass. Déi Tester wiere virun der Chrëschtvakanz gutt gewiescht fir eng Bestandsopnam zu der Lag an de Schoulen ze maachen. No den 3 Woche Vakanz an dem Enseignement à distance kann ee sech jo da just nach am Privaten infizéiert hunn, soudatt déi Testresultater d'Situatioun an de Schoulen net erëmspigele kënnen.
Do donieft fanne mir et net an der Rei, datt virun allem op déi jonk Enseignants geklappt gëtt. Wann ënnert de positive Fäll majoritärement Jonker sinn, da spillen do méi Facteuren eng Roll. Mir sinn iwwerzeegt, datt ALL Enseignant an de leschte Wochen a Méint responsabel gehandelt huet, am Berufflechen, wéi och am Privaten.
Mir si weiderhi fir eng transparent an och eng respektvoll Kommunikatioun!