Fazit vun der Enquête: D’Grondschoul ass an der Kris !

01.06.2019

Fazit vun der Enquête: D’Grondschoul ass an der Kris ! 

 

D’Enquête vun SEW/OGBL, Landesverband an FGIL ass national representativ fir d’Enseignanten aus der Grondschoul. Déi grouss Zuel vu Réckmeldungen an déi intensiv Commentairë weisen, datt d’Enseignanten sech der Situatioun duerchaus bewosst sinn an erwaarden, datt sech an nächster Zäit eppes ännert. 

Är Äntwerte weisen, datt eise Schoulsystem an der Kris ass. An deene leschte Joren huet den Drock op d’Enseignanten immens zougeholl, den Aarbechtsopwand ass méi grouss ginn an d’Responsabilitéiten hunn zougeholl. 

D’Enseignante fillen sech staark gefuerdert, deelweis esouguer iwwerfuerdert. An dat an engem Beruff, dee landleefeg awer nach ëmmer gären a Relatioun mat vill Fräizäit duergestallt gëtt. Vill Enseignantë leiden ënnert staarke Stresssymptomer a sinn der reeller Gefor vun engem Burn-out ausgeliwwert, wann se net schonn am Burn-out sinn, oder aus dem Burn-out kommen. 

Den negativen Impakt huet an deene leschte Joer ferm zougeholl. Vill Enseignantë mussen sech krank mellen oder probéieren eng reduzéiert Tâche ze organiséieren. 

Et ass deelweis bedréckend, d’Commentairen ze liesen. Obwuel vill Commentairë ganz emotional, éierlech a perséinlech sinn, erkennt een eng professionell Astellung. Verallgemengerunge gi vermidden an d’Situatioun gëtt am Kontext analyséiert. 

Op déi wichtegst Fro : Häls du gäre Schoul hu bal 98% mat jo geäntwert, och wa méi wéi 60 % de Beruff net méi géinge wielen, 76 % engem Jonke géingen ofroden Enseignant ze ginn an iwwer 50% schonn driwwer nogeduecht hunn fir de Beruff ze wiesselen. 

D’Enseignante géifen also gäre Schoul halen, mee d’Konditioune stëmmen net méi. 

Allerdéngs muss ee soen : Wann et de Kanner an der Schoul géing gutt goen, wann d’ëffentlech Schoul an de Kanner hir Liewensëmstänn hinnen et géifen erlaben eng positiv an erfollegräich Schoulcarrière ze maachen, wann also de ganzen Asaz vun den Enseignante géing eppes bréngen, da géifen d’Enseignanten sech kaum bekloen. 

Si bekloen sech iwwert sënnlos administrativ Aarbechten a strukturell Defiziter. Haaptpunkt ass ëmmer erëm de Fait, datt d’Kierzunge vum Personal an de Schoulen et net méi erlaabt op d’Besoine vun all de Kanner anzegoen. 

Wat de Respekt virum Beruff am Bekanntekrees an an der Gesellschaft an ugeet, stellt ee fest, datt et ëmmer méi Leit kloer gëtt, wéi opreiwend den Enseignantsberuff an der Aarbecht mat de Kanner an den Eltere ginn ass. 

An de Medien an an de soziale Netzwierker bleift den Enseignant en dankbare Sujet fir Klicken an offälleg Commentairen ze generéieren. Vun der Politik fillen sech d’Enseignante net respektéiert. Kuerz virun de Wahlen, op der Table Ronde vum SEW/OGBL, hunn sech d’Politiker, déi um Dësch souzen duerfir ausgeschwat, datt d’Enseignante méi Respekt verdéngt hätten. Konkret an der Praxis ass dovunner bis elo awer nach net vill ze mierken. 

En Dialog mam Educatiounsminister besteet net. Dat zielt iwwregens fir all Niveaue vun der Educatioun. Et muss betount ginn, datt de SEW/OGBL excellent Relatioune mat de Leit vum Ministère an och mat de Vertrieder vun den Direktiounen huet. Leider besteet keen, a scho guer kee 

 

D’Realitéit an de Schoulen an den offiziellen Discours, deen exklusiv vum Minister dierf gefouert ginn, nodeems d’Enseignanten e Maulkuerf verpasst kruten a net méi mat der Press kommunizéiere dierfen, si ganz wäit ausenaner. 

De Fait, datt d’Problemer an der Schoul hannert potemkinsche Fassade verstoppt ginn a vun den Enseignante mol net dierfe benannt ginn, generéiert Frust an Demotivatioun an de Schoulen. 

D’Eltere spieren intuitiv, datt d’Schoul sengem schouleschen a gesellschaftlechen Optrag net méi gerecht ka ginn, dat féiert zu Konflikter, déi d’Politik bis elo geschéckt op den Enseignante lenke konnt. 

D’Schoul kritt déi gesellschaftlech Verännerunge vun dem leschte Joerzéngt voll ze spieren an huet dacks keng adequat Äntwert. Trotzdeem datt d’Enseignanten sech ëmmer méi engagéieren, kënne séi déi strukturell Kierzungen duerch de Contingent net opfänken. 

D’Aféiere vu Regionaldirektiounen, duerch déi vill diploméiert Leit aus de Schoulen ofgezu goufen an déi elo haaptsächlech administrativ Aufgaben erleedegen, gëtt an de Schoule vu 50% vun de Leit als ouni Effet bezeechnen, wärend méi wéi en Drëttel se als negativ gesinn. Si sinn ze vill wäit vum Terrain, also net präsent, mat administrativen Tâche beschäftegt, a mussen sech, wat d’Responsabilitéiten ugeet, ofsécheren. Vun den Direktioune kënnt quasi kee pädagogeschen Input an d’Schoulen a vill Enseignante fillen sech, zum Beispill bei Konflikter mat den Elteren, net ënnerstëtzt. 

Et geet awer net drëms fir Membere vun den Direktiounen ze kritiséieren. D’Aféiere vun de Regionaldirektiounen ass vun der Struktur hir net sënnvoll. 

Mir mussen an der Educatioun erkennen, datt mir am selwechte Boot sëtzen a probéiere gemeinsam d’Problemer unzegoen. 

Déi negativ Reaktiounen op de Stage entspriechen der Argumentatioun vun de Stagiairen. Zesumme mam SEW/ OGBL konnten do an de leschte Méint eng Rei Ännerungen duerchgesat ginn, net zulescht och bedéngt duerch d’Mobilisatioun vun de Stagiairen. 

Déi Responsabel vun der Schoulpolitik hu versot! D’Enseignante kënnen sech also weder op den Educatiounsminister, nach op eis hierarchesch Strukture verloossen, datt e Prozess initiéiert gëtt, fir d’ëffentlech Grondschoul un d’Besoine vun de Kanner unzepassen an d’Aarbechtskonditioune vun den Enseignanten esou ze gestalten, datt de Beruff erëm attraktiv gëtt an a mëttelfristeg d’Penurie vun diploméierten Enseignantë kann ofgebaut ginn. 

D’Initiativ vun den Enseignanten um Terrain ass gefrot. Et geet awer net duer, eng Analys ze presentéieren, mir mussen Alternative proposéieren a mobiliséieren, datt och politesch Aktiounen drop erfollegen. 

Ursaache vun der Kris 

Eng monokausal Ursaach fir d’Kris gëtt et net. D’Situatioun ass, wéi esou dacks, zimlech komplex. An dach kann een e puer Pisten erausschaffen. 

D’gesellschaftlech Verännerunge vun deene leschte Jore setzen d’Schoul ënner Drock. Ëmmer méi Kanner, mussen ëmmer méi laang an Strukture betreit ginn. Aus ekonomeschen Ursaache mussen ëmmer méi Elteren ëmmer méi laang schaffen. 

De Modell vun de Maison Relais muss kuerz- a mëttelfristeg nei iwwerduecht ginn. En ass de Besoine vun de Kanner net ugepasst a sécherlech mat verantwortlech fir vill Verhalensproblemer. 

Et geet net drëms fir d’Kolleginnen a Kollegen aus de Maison Relais oder deenen anere Betreiungsstrukturen ze kritiséieren. Et geet drëms fir ze kucken, wéi et besser a vill méi kandgerecht kann organiséiert ginn. 

Och geet et net drëms fir den Elteren eng Schold ze ginn. Immobiliëpräisser, déi ëmmer méi explodéieren, forcéiere d’Elteren an der Reegel dozou fir zu 2 zu 100 % schaffen ze goen. 

Den SEW/OGBL wëll och op kee Fall en antiquéiert Rollemodell vu Mamm a Papp erëm propagéieren. 

Et muss awer e Bewosstsinn geschaaft ginn, datt entgéint dem, wat d’Politik de Bierger wëll vermëttelen, den aktuelle Betreiungsmodell staark verbesserungsbedürfteg ass. 

Eng vun de groussen Ursaachen ass awer an der Schoul 

 

selwer ze fannen. Iwwert 10 Joer, lues a lues, sinn an de Schoule méi wéi 10 000 Wochestonnen (dat sin ongeféier 435 Tachen) Unterrecht ofgeschaaft ginn an nëmmen duerch ganz wéineg, wann iwwerhaapt Stonnen ënnert der Regie vun de Direktiounen, ersat ginn. 

Bei Kanner, déi ëmmer méi Betreiung brauchen, enger Politik, déi den Eltere quasi e personaliséierten Unterrecht versprécht, sinn d’Klasseneffektiver eropgaangen an d’Appuisstonnen an de Schoule quasi ganz ofgeschaaft ginn. 

Déi Rechnung kann net opgoen an ass net opgaangen. An hei ass et net um Enseignant ze soen « Ech ginn net méi eens », mee et ass strukturell net méi méiglech fir all Kand do ze dinn. 

Gesellschaftlech, fir net ze soen neoliberal, Reformen hunn mat sech bruecht, datt entretemps Elteren (an hir Kanner) d’Schoul als Déngschtleeschtungsbetrib gesinn, dee gefällegst hire Kanner eppes (alles) bäibrénge soll oder awer zumindest e gudden Diplom garantéieren an dat méiglechst ouni ze vill grouss eegen Efforten. 

D’Responsabilitéit fir de schouleschen Erfolleg (oder Mësserfolleg) dee soss op der Schoul lung, wat d’Offer an de Kanner, wat de perséinlechen Engagement an d’Efforten ubelaangt, läit am Versteesdemech vun den Elteren elo ausschliisslech um Enseignant , den eleng verantwortlech soll sinn. 

Fuerderunge vum SEW/OGBL 

Et wier sécher vermesse vum SEW/OGBL fir gesellschaftlech Verännerungen ze verlaangen. An trotzdeem ass et un eis Enseignanten drop opmierksam ze maachen, datt besonnesch eis Kanner ënnert dem gesellschaftleche Wandel vun deene leschte Joer extrem leiden. Den aktuelle Modell vun der Kannerbetreiung muss komplett iwwerduecht sinn. D’Strukture wéi eis Maison Relais’en opgebaut sinn a fonctionnéiere ginn de Besoine vun eise Kanner net gerecht. 

D’Astellung vun Elteren a Kanner zur Schoul muss sech erëm änneren. D’Schoul ka keen Déngschtleeschtungsbetrib sinn, den nëmme Freed a Spaass vermëttelt. De Goût vum Effort a vu Leeschtung, wat déi eege Bildung ubetrëfft, muss erëm vun den Elteren un d’Kanner vermëttelt a gelieft ginn. An d’Schoul muss sech erëm op d’Wäerter vu Bildung besënnen. 

D’Politik an d’Gesellschaft muss den Enseignant an seng Funktioun erëm respektéieren. Den Enseignant a senger Persoun an a senger professioneller Kompetenz. Et kann net méi sinn, datt Politik, ob der kuerzfristeger demagogescher Sich no Wielerzousproch, Stëmmung géint Enseignante mécht. 

D’Decisioune vun den Enseignantë mussen erëm akzeptéiert ginn a net alles permanent a Fro gestallt ginn. 

Natierlech sinn an dem Kontext och d’Enseignanten um Terrain selwer gefuerdert. Si mussen sech zu Wuert mellen, op Mëssstänn opmierksam maachen, sech fir eng besser Schoul, besser Konditioune fir d’Kanner a fir sech selwer engagéieren. 

De politeschen Debat iwwert d’Schoul vu Muer muss schonn haut lancéiert ginn. 

Allerdéngs gëtt et och an der aktueller dagdeeglecher Praxis eng ganz Rei konkret Mesuren, déi direkt kënnen a sollten ëmgesat ginn. 

• D’Administratioun an d’Bürokratie muss op e strikte Minimum reduzéiert ginn. Wärend Generatiounen huet den Enseignant seng Zäit a seng Energie fir seng Kanner a säi Schoulhalen investéiert. Et gëtt kee Naturgesetz, datt d’Schoul elo muss bürokratiséiert ginn. 

• D’Autoritéit an d’Wuert vum Enseignant, engem héich ausgebilten Expert, muss zielen. Et kann net sinn, datt eis « Experten » d’Enseignante doe Rapporten ausfëllen an dann an d’Schoule komme fir ze kontrolléieren an a Fro ze stellen, op et dem Kand seng Problemer, déi den Titulaire deklaréiert huet, och tatsächlech ginn. 

Den SEW/OGBL fuerdert d’Ofschafe vun de Regional-Direktiounen! Ze wäit vum Terrain, kee pädagogeschen Input, kaum Hëllef fir den Enseignante a senger deeglecher Praxis, awer si sinn extrem personalopwänneg. D’Direktioune kënnen sech net mat hire Schoulen identifizéieren.Vill diploméiert Enseignantë kéinten erëm an de Schoulen bei de Kanner aktiv ginn an dat ouni administrativen Opwand. 

• De Contingent muss erëm mindestens op de 

 

Niveau vu virun 2009 gesat ginn. Et ass eng PR Meeschterleeschtung, den Elteren ze verkafen, datt een den Appui kann ofschafen, d’Klasseneffektiver eropsetzen an dann d’Enseignantë kéinten nach besser op den eenzelen agoen. An der Praxis geet déi Zauberei leider net. Fir de Kanner, déi ëmmer méi Encadrement brauchen, muss d’Personaldecken opgerüst ginn. 

• D’Appuisposte mussen erëm an d’Schoul, wou net eng Direktioun, déi d’Realitéit an der schoul net kennt, decidéiert wéi déi puer Stonnen agesat ginn, déi no dem ganzen administrativen Opwand iwwreg bleiwen, mee wou d’pädagogesch Equipe an der Schoul hire Stonnen esou effikass wéi méiglech organiséiere kann. 

• Mir brauchen e valabelen an éierlechen Bewäertungssystem an de Schoulen. Et ass wichteg, datt d’Kanner an d’Elteren e sënnvolle Feedback kréien, den hinnen direkt matdeelt, wou d’Kand steet. De Bewäertungssystem muss trotzdeem och Leeschtung belounen. 

• en Enseignant brauch Zäit fir sech op d’Schoulhalen ze konzentréieren, fir Virzebereeden, ze Verbesseren, Konzepter fir seng Kanner ze entwéckelen,.. Leider verbréngen si awer vill (vill ze vill) Zäit an deelweis sënnlose Reuniounen, Concertatiounen, déi dacks just stattfanne well se mussen zu dem Zäitpunkt ofgehale ginn. Iwwerflësseg Reunioune mussen ofgeschaaft ginn ; d’Enseignante treffen sech dann an der Konstellatioun, déi sënnvoll ass wann et néideg ass. 

• D’Formation continue um IFEN muss komplett iwwerduecht ginn. Eng Formation continue, déi mir als Enseignant vun hirem Inhalt näischt bréngt, an där ech awer meng Zäit ofsëtze ginn, si méi wéi kontraproduktiv. Déi mannste Formatiounen déi stattfannen, si sënnvoll, an des Zäit hätt den Enseignant besser zur Recupératioun genotzt. 

• D’Enseignanten, als Professioneller, déi ëmmer am Sënn vun hire Schüler agéieren, musse vis-à-vis vun den Eltere gestäerkt ginn an hir Autoritéit retabléiert ginn. Et fir vill Enseignanten extrem demotivant, wann Elteren hir Decisiounen, déi gutt iwwerluecht, an ëmmer am Sënn vum Kand sinn, permanent kënnen a Fro gestallt ginn an d’Eltere bal ëmmer dat Lescht Wuert hunn. Schoulflicht generéiert och d’Responsabilitéit fir d’Kanner an déi muss eise Schoulsystem erëm wouer huelen. 

• A schliisslech brauch et Verhalensreegel och fir Elteren. Och wann et just eng kleng Minoritéit vun Elteren ass, déi den Enseignantë respektlos géigeniwwer trieden, se beleidegen, vernennen, probéieren se ënnert psycheschen a physeschen Drock ze stellen, sou muss et awer Verhalensreegelen a Konsequenze ginn,fir déi, déi sech net drun halen. 

Wat erwaart den SEW/OGBL vun den Enseignanten ? 

Dës Analys ass eréischt déi 1. Phase vun enger Campagne an där d’Enseignantë vum Terrain gefrot sinn. Et ass elo och un den Enseignanten fir d’Gewerkschaft ze ënnerstëtzen an eise Fuerderungen. 

Den SEW/OGBL wäert an deenen nächste Wochen um d’politesch Parteien an den Educatiounsminister eruntrieden an eis Propositioune virdroen an en konstruktiven Dialog fuerderen. Eis Campagne, déi och am Secondaire lancéiert gouf, ass laangfristeg geplangt. Eis nächst Demarchen hänke vun de Reaktioune vun de Responsabelen of. 

Mir zielen op Iech all. 


Patrick Arendt,
President vum SEW/OGBL